Interervention Coopération Débat 2007 Nancy Arendt Fraktiounsspriecherin CSV
Merci, Här Minister. Da komme mer zur Debatt iwwert dës Deklaratioun. Als éischt Riednerin ass ageschriwwen déi honorabel Madame Nancy Arendt . Madame Arendt , Dir hutt d'Wuert.
Débat
Mme Nancy Arendt (CSV).- Merci, Här President. Här President, Dir Dammen an Dir Hären, wann een eppes erreeche wëllt, egal a wat fir engem Beräich, da muss een héich Ziler hunn. Et muss ee fest dru gleewen. Et muss een e Wee, eng Roadmap hunn, fir dohin ze kommen, an et muss ee virun allem aus dem ganzen Häerze wëllen dës Ziler erreechen.
D'lescht Joer hat ech meng Ried ugefaange mat de Wierder vum Xavier Naidoo, "Was wir alleine nicht schaffen, das schaffen wir dann zusammen", fir all deene verschiddene Mënschen op allen Niveaue Merci ze soe fir hiren alldeeglechen Asaz am Déngscht vun der Entwécklungshëllef. Allerdéngs ginn oft all dës Aarbechten nëmmen ausféierbar, wann un der Base vun hinne sech den honnertprozentege Wëlle vun de Politiker weist, fir eppes ëmzesetzen, a wa mer dëse Wëlle gradesou gutt op der Säit vun deenen, déi kréien, erëmfannen, wéi op der Säit vun deenen, déi ginn. An de Minister huet ganz Recht: Et geet net nëmmen duer, wa mir als Lëtzebuerger Land wëllen, mä mir mussen och aner Länner dofir motivéieren.
Am Mee 2005 huet sech d'Europäesch Unioun ënnert der lëtzebuergescher Presidentschaft d'Zil gesat, hiren Undeel fir d'Entwécklungshëllef bis 2015 op 0,7% vum Bruttoinlandsprodukt unzehiewen.
Als Zwëschenzil ass 2010 festgehale ginn, wou d'Quot vun 0,56% vum PIB sollt erreecht ginn. Mir si leider eent vun deene wéinege Länner, zesumme mat eise skandinavesche Frënn an den Hollänner, déi iwwert dëst Zil erausschéisse mat engem Prozentsaz, op dee mer all Grond hunn, stolz an zefridden ze sinn a bei deem mer héchstwahrscheinlech souguer dëst Joer op 0,91% vum BIP wäerte kommen, also ëmmer méi no erun un eis Dram-Marque vun 1%.
Et geet awer nach laang net duer, fir roueg ze ginn. Et muss weidergeschafft ginn, wa mer déi Ziler, déi mer eis gesat hunn, ëmsetze wëllen. Wéi prekär d'Lag dann ass, geet aus engem Artikel ervir, deen eise Kooperatiounsminister zesumme mam Louis Michel geschriwwen huet an deen am "Figaro" veröffentlecht gouf.
Ech zitéieren ee Saz, dee villes résuméiert: "Nous avons l'argent, nous avons les médicaments et nous avons le savoir-faire. Le véritable défi est notre capacité à mobiliser la volonté politique pour tenir nos promesses."
Et geet an dësem Artikel Rieds vum Netrespekt vun den Engagementer vu villen Natioune wéi Amerika, Kanada a Japan, an et ass och enttäuschend, wéi virun allem d'Europäesch Unioun, déi esou e Virbild an der Entwécklungshëllef ass, et net fäerdeg bréngt, hir Engagementer anzehalen.
Ech erënnere mech allze gutt u meng eege Wierder aus der Ried vun 2006, mä awer och un déi vun eisem Kooperatiounsminister, wéi mer esou stolz waren iwwert dëse kloren Engagement vun der Europäescher Unioun a wéi mer och esou sécher waren, datt keen esou liicht aus dësem Engagement erauskéim.
De 4. Abrëll vun dësem Joer ass keen erfollegräichen Dag fir d'Entwécklungshëllef op der Welt, well deen Dag huet d'OCDE de Verdikt an d'Zuele vum échouéierte finanziellen Engagement presentéiert, fir géint d'Aarmut an der Welt virzegoen, an esou Millioune vu Männer a Fraen a Kanner eng Chance op e verbessert Liewen ewechgeholl, heescht et weider an dësem Artikel.
No der Presentatioun vun dësen net grad motivanteste Biller vun der internationaler Entwécklungshëllef ass dunn och nach dee weltwäite Liewensmëttelschock agetratt, dee sech zënter Längerem ugekënnegt huet an deen och vill Leit gesinn hu kommen, ouni awer richteg drun ze gleewen.
E richtegen "humanitären a wirtschaftlechen Tsunami", wéi de Louis Michel dës Liewensmëttelkris beschriwwen huet, bréngt zënter enger gudder Woch d'Leit op allen Enn vun der Welt op d'Barrikaden. Iwwerall op der Welt, vun de Philippinen bis Bangladesch, Mexiko, Ägypten iwwert de Burkina Faso, de Senegal an Indien, huelen d'Protester duerch dat staarkt Zouhuele vun de Liewensmëttelpräisser an de Stroossen zou.
Dës Situatioun schéngt sech an de kommende Wochen nach weider ze dramatiséieren, an dëst a méi wéi 30 Länner, warnt déi sougenannte FAO, d'Organisatioun vun der UNO fir Liewensmëttel a Landwirtschaft, déi vun der uergster Liewensmëttelkris zënter 15 Joer schwätzt an déi eng Steigerung vu 56% vun der Weessrechnung fir déi aarm Länner fir dat nächst Joer virausgesäit.
De Weess, de Räis, den Uelech, d'Mëllech - de Präis vun alle Basisliewensmëttel huet zënter kuerzem an drastesche Proportiounen zougeholl. D'Situatioun ass zum Deel esou schlëmm, datt an deene Länner, wou ee souwisou schonn nëmmen iwwer ee bis zwee Dollar den Dag verfügt, fir ze iwwerliewen, et elo just nach eemol duergeet, fir iwwerhaapt ze iessen.
D'Kanner, déi sech elo schonn ze vill eesäiteg ernähren, wäerten an Zukunft nach méi ënner Mangelernährung leiden, mat schroe physeschen a psychesche Konsequenzen op hir Entwécklung.
Dobäi kënnt, datt dës Revolten de Fridden an d'Sécherheet an deene scho souwisou oft fragilë Länner menacéieren. De Jean Ziegler, spezielle Rapporteur vun der UNO fir d'Recht op Ernährung, warnt, datt mir eis op eng ganz laang Period vun Opstänn, vu Konflikter, vun onkontrolléierbare regionalen Destabilisatiounswellen astelle mussen, déi vun der Verzweiflung vun deene verwondbarste Bevölkerungsschichte markéiert ass.
De President vun der Weltbank Robert Zoellick huet den 11. Abrëll deklaréiert, datt d'Kris duerch déi iwwerdeiert Liewensmëttel riskéiert, de Verloscht vu siwe Joer Kampf géint d'Aarmut an der Welt mat sech ze bréngen. Et handelt sech a sengen Aen net nëmmen ëm eng akut humanitär Kris, op déi een direkt reagéiere muss, mä och ëm e mëttelfristegen Entwécklungsproblem.
D'Ursaache fir dës negativ Entwécklunge sinn op ville verschiddenen Niveauen erëmzefannen. Bei dëser Kris hu mer et net nëmmen domat ze dinn, datt manner Liewensmëttel produzéiert ginn, mä datt och einfach méi eng grouss Demande do ass. Mir hunn et mat enger regelrechter Explosioun vun der Nofro no Fleesch a Mëllechprodukter a Länner wéi China an Indien ze dinn, virun allem awer och, well sech hir Iessgewunnechte geännert hunn. Dëst gëtt dann och nach weider verschlëmmert duerch déi vill Naturkatastrophen, déi sech an deene leschten zéng Joer méi wéi verduebelt hunn, zum Deel duerch de Klimawiessel bedéngt, an déi entweder duerch extrem dréche Perioden oder Iwwerschwemmungen d'Produktioun vu ville Liewensmëttel onméiglech oder d'Liewensmëttel net méi brauchbar gemaach hunn.
Déi niddreg Lagerstänn an den Entwécklungslänner grenzen hir Méiglechkeete weider an, gradesou wéi déi fir si onvirdeelhaft europäesch Liewensmëttelsubventiounen, déi et mat sech bréngen, datt zum Beispill de Poulet aus Europa méi bëlleg um Maart an den Entwécklungslänner ugebuede gëtt, wéi hiren eegenen.
Zu engem ëmmer méi groussen an aktuelle Problem gëtt dann och nach d'Roll vun de Biokraaftstoffer. Fir der Steigerung vum Pëtrolspräis entgéintzewierken souwéi och dem progressiven Erschöpfe vun den Uelechquellen, setzen ëmmer méi Entwécklungslänner op d'Produktioun vu Biotreibstoffer. De wuessenden Undeel vu Biosprit bréngt leider mat sech, datt déi genotzten Akerbauflächen net fir Liewensmëttel genotzt ginn, mä als Biosprit bei eis endegen, amplaz fir eppes an de Bauch an den Entwécklungslänner.
Wat wunne mer dach an enger verrécktener Welt, wann do, wou et elo schonn net vill ze iesse gëtt, och nach de Weess gebraucht gëtt, fir an den industrialiséierte Länner d'Tanken ze fëllen!
Net manner wéi 100 Milliounen Tonne Weess ginn all Joer gebraucht, fir Ethanol a Biodiesel ze fabrizéieren. Et ass ze verstoen, datt dës Entwécklung elo iwwerall a Fro gestallt gëtt, an ech si frou, datt de Minister dat och elo grad hei bei eis gemaach huet.
Liewensmëttel, Här President, sinn, wéi d'Wuert et seet, Mëttel fir ze liewen an däerfen eigentlech zu soss näischt genotzt ginn. De Problem, dee sech bei dëser humanitärer Kris stellt, ass net nëmmen dee vum Liewensmëttelentzuch oder dee vun der Verschäerfung vu sozialen Onrouen. Hei geet et och konkret dorëms, datt den Honger direkt Konsequenzen op d'Millenniumsobjektiver huet, wéi zum Beispill d'Kannerstierflechkeet oder d'Schoulréussite.
Et ass luewenswäert, datt Lëtzebuerg als éischt Land op den Appel vun der Weltbank reagéiert huet a mat deene 500.000 Euro erëm esou e kloren Engagement gewisen huet, fir an humanitär Krisen anzegräifen an ze versichen ze hëllefen.
Eis Fraktioun begréisst och d'Iddi, datt eise Minister en Opruff un déi aner europäesch Natioune geriicht huet, fir datt och si een Euro pro Persoun zugonschte vun der Kris spenden. An et wär wierklech e schéine Geste vu Solidaritéit, wann déi europäesch Regierungen dësem Opruff géifen nokommen.
Dir Dammen an Dir Hären, wéi ech et virdru schonn erwähnt hat, kënnt dann och nach dobäi, datt d'Efforten um internationale Plang zugonschte vun der Entwécklung am Joer 2007 ofgeholl hunn. Wann am Joer 2005 nach e Rekordmontant vun 106,7 Milliarden Euro an d'Entwécklungshëllef gefloss ass, dann ass dëse Betrag am Joer 2006 op 104,4 Milliarde gefall, fir am Joer 2007 e Betrag vu just nach 103,6 Milliarden Euro ze erreechen.
Besonnesch traureg ass, datt et sech beim Joer 2007 och ëm eng Première an der Geschicht vun der Europäescher Unioun handelt. D'Entwécklungshëllef, déi vu 27 Memberstate geleescht gouf, goung am Joer 2007 ëm 3% zréck an ass innerhalb vun der Europäescher Unioun an der Moyenne vun 0,41 op 0,38% gefall.
Konkret heescht dat, datt fir d'Joer 2006 1,7 Milliarden Euro manner wéi dat Joer virdrun nach an d'Entwécklungshëllef gefloss sinn. Dëst ass besonnesch schued, elo wou mer op hallwer Streck am Kalenner vun der Realisatioun vun de Millenniumsobjektiver sinn. Dës negativ Entwécklung muss eis ganz kloer waakreg maachen, a spéitstens elo musse mer d'Handbrems zéien.
De Fakt, datt d'Europäesch Unioun weiderhin den Haaptspender an der Welt bleift, däerf zu kenger Verschéinerung vun dësen trauregen Tatsaachen déngen. Et ass nëmmen ze begréissen, datt d'Europäesch Kommissioun nei Moossnamen iwwert den Empfang vun der Hëllef an hir Effikassitéit proposéiert, fir sécher ze ginn, datt déi néideg a versprachen Zommen awer nach wäerten zesummekommen. Dëst ass an eisen Aen eng ganz wichteg Propositioun, déi d'Aussiichten op eng mehrjähreg Basis vun der Zounahm vun der Hëllef festhale soll an de Memberstaten dann erlabe géif ze weisen, wéi si hir Engagementer respektéieren, fir hir Hëllef ëm 20 Milliarden Euro zousätzlech ab dem Joer 2010 eropschrauwen ze kënnen.
Mir däerfen eis awer och kee Sand an d'Ae streeë loossen, well den Haaptgrond, datt d'Entwécklungshëllef erofgaangen ass, huet manner domat ze dinn, datt manner Geld u sech gespent ginn ass, wéi déi Jore virdrun, mä datt deenen aarme Länner am Joer 2007 manner Scholden erlooss gi sinn, wéi am Joer 2006. D'Regierunge rechnen ëmmer nees dës Scholdenerläss bei d'Entwécklungshëllef bäi a verfälschen
Page 427
Regierung eng nach méi konsequent Haltung zu dësem Sujet géif anhuelen, besonnesch bei öffentlechen Ausschreiwungen.
Ech wollt an dësem Kontext kuerz op eng Question parlementaire ze schwätze kommen, déi mäi Kolleeg Marcel Oberweis zesumme mat mir gestallt huet. Ënner anerem hate mer eis op en Uerteel vun der Cour de district vu Groningen an Holland referéiert, dat festgehalen huet, datt dës hollännesch Provënz d'Recht huet, fir an hiren öffentlechen Ausschreiwungen d'Basiskritäre vum fairen Handel, wat d'Akafe vum Kaffi ubelaangt, mat anzeschléissen. Doriwwer eraus hate mer och ugefrot, ob d'Regierung sech kéint virstellen, eng Akafspolitik ze féieren, déi de fairen Handel privilegéiert.
Déi concernéiert Ministeren hunn an hirer Äntwert op eis Fro preziséiert, datt et elo schonns legal festgehalen ass, datt esou Kritäre bei öffentlechen Ausschreiwunge prinzipiell festgehal kéinte ginn.
Ech wollt de Minister duerfir haut froen, ob et net méiglech wär, datt d'Regierung an hirer Akafspolitik nieft de Produits du terroir Fairtrade-Produkter géif bevirdeelegen.
Här President, wann Der erlaabt, géif ech gären eng Motioun am Numm vun der CSV zu dësem Sujet déposéieren, déi dës Iddi erëmgëtt, a wollt meng Kolleegen heibanne froen, ob si och bereet wären, dës Initiativ matzedroen.
Motion 1
La Chambre des Députés,
- considérant que dans le monde, une personne sur sept ne mange pas à sa faim;
- considérant qu'il y a 1,3 milliard de paysans dans le monde, dont 1 milliard travaillent la terre à la main;
- considrant que les petits producteurs de produits agricoles tropicaux sont presque toujours en position de faiblesse au moment de la vente de leurs récoltes à l'intermédiaire local qui, le plus souvent, les revendra à profit aux grandes entreprises;
- considérant que les prix qui leur sont payés fluctuent en fonction des grands marchés mondiaux ce qui fait que parfois les paysans sont contraints de vendre à perte;
- considérant que les producteurs en question n'ont pas toujours accès à l'information sur l'évolution des prix, ni aux outils pour transformer leurs produits ou aux moyens de transport pour les exporter;
- considérant que les cultures de masse sont souvent destructrices pour l'environnement;
- considérant que le commerce équitable est un mouvement social et un partenariat commercial qui obéit à différentes normes sociales, économiques et environnementales ayant pour but d'améliorer la situation des producteurs qui y adhèrent;
- considérant que la démarche du commerce équitable a ainsi pour but de modifier en profondeur les pratiques commerciales et de consommation en proposant un modèle de production et d'organisation alternatif préservant les droits des producteurs et travailleurs marginalisés;
- considérant qu'il s'agit avant tout de produits tropicaux (café, fruits exotiques, cacao, chocolat...) qui ne sont pas de nature à remettre en cause la politique d'approvisionnement en produits du terroir du Gouvernement;
invite le Gouvernement
- à promouvoir le commerce équitable, soumis à des contrôles indépendants, en tant qu'outil efficace pour réaliser les Objectifs du Millénaire pour le Développement (OMD);
- à considérer l'inclusion dans ses appels d'offre publics des critères de base de commerce équitable, au titre de sa liberté à exercer une influence en matière de développement durable;
- à privilégier au sein des services gouvernementaux les produits issus du commerce équitable.
(s.) Nancy Arendt , Marc Angel, Félix Braz, Lydie Err, Charles Goerens, Jacques-Yves Henckes, Marcel Oberweis.
Här President, ech iwwerreechen Iech d'Motioun.
M. le Président.- Merci, Madame Arendt .
Mme Nancy Arendt (CSV).- Här President, wann Der erlaabt, Dir Dammen an Dir Hären, et ass praktesch net méiglech, dës Debatt ofzeschléissen, ouni e puer Wierder iwwert de Klimawiessel ze soen.
Bis elo goufen de Kampf géint d'Aarmut an dee géint d'Erwäermung vum Planéit nach oft separat behandelt. Wat net richteg ass. Well och erëm an dëser Hisiicht wäerten et déi Aarm - esou wéi de Minister et och virdru scho gesot huet - an den Entwécklungslänner sinn, déi am meeschten ënnert dem Klimawiessel ze leiden hunn.
Hei ass e Gebitt, wou mir och als Lëtzebuerger nach verbesserungsfäeg sinn a wou een éierlecherweis muss zouginn, datt eis Klimapolitik net ëmmer an Aklang mat eiser Kooperatiounspolitik läit.
De Kyoto-Protokoll, dee jo de Réckkaf vun CO2-Emissiounen erlaabt, dréit net ëmmer zur nohalteger Entwécklung bäi.
Dréit d'Aart a Weis, wéi mir CO2-Emissiounen zréckkafen, hannen um Enn net souguer zu enger méi grousser Aarmut an den Entwécklungslänner bäi?
Wéi richteg ass d'Uplanze vun CO2-bannender Flora oder Planzen an den Entwécklungslänner, déi de Kohlendioxidvolume méi kleng maache sollen, wa mer genau wëssen, datt se zu enger Reduzéierung vun der Biodiversitéit um Terrain féieren?
Wéi schlëmm ass dat massiivt Ofholze vun de Bëscher an der Drëtter Welt, fir Energie aus Biomass ze produzéieren, wou Millioune vu Mënschen - jo - an och Déieren hir Liewensbase ewechgeholl kréien? D'Fro däerf erlaabt sinn, firwat mer net dës Rechter ausschliesslech aus Projete kafen, déi den ëmwelt- a sozialverträgleche "Gold Standard Label" hunn.
Mir musse besser kontrolléieren an et muss och méi transparent ginn, wou mer eis Rechter akafen. Mir mussen eis hannerfroen, ob dës Projeten dann och wierklech zur nohalteger Entwécklung bäidroen. Et muss eis dach ze bedenke ginn, datt déi aarm Länner ëmmer erëm d'Rechnung musse bezuelen, fir datt déi industrialiséiert Länner sech hiert Gewësse berouege kënnen a mat Biosprit-Autoe fueren ënnert dem Deckmantel vum Ëmweltschutz.
E Schimmer vun Hoffnung fënnt een an den Aussoe vum Dominique Strauss-Kahn, dem Direkter vum FMI, deen um Radio den Duerchbroch an der Entwécklung vun den Hydrogenmotoren ugekënnegt huet, déi anscheinend méi effikass si wéi déi, déi mat Biotreibstoffer fueren. D'Weiderentwécklung vun der Fuerschung op dësem Gebitt ass an den zukünftegen Diskussiounen net ze vernoléissegen, allerdéngs weess keen, wéi wäit se wierklech nach sinn.
Léif Frënn, et mierkt ee ganz däitlech, wéi vill verschidde Gebidder hei matenee spillen a vernetzt musse ginn, fir datt e Gesamtpuzzle am Intérêt vun deenen Aarme kann als en eenheetlecht Bild zesummekommen.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, mir hunn dës Welt nëmme vun eise Kanner an deenen hire Kanner ausgeléint. Loosse mer op eis Äerd oppassen, well et gëtt nëmmen eng, an et wär schéin, wann op hir méi fair a méi gerecht kéint verdeelt ginn.
Mir kënnen d'Mentalitéit aus villen Entwécklungslänner net einfach esou hinhuelen, wou "Barça oder Barsakh" an de Käpp verankert ass. Dëst Spréchwuert, wat esou vill heescht wéi "Huel d'Boot, oder stierf!", dréckt aus, woufir déi jonk Afrikaner, ouni emol schwammen ze kënnen, net zécken, a kleng Nossschuelen ze sprangen an um Mier honnerte Geforen ausgesat ze sinn, déi trotzdeem sech léiwer deem Risiko aussetzen, wéi der Hoffnungslosegkeet an hirem eegene Land ze verfalen.
An der Zukunft däerf d'Flucht aus der Heemecht zu kengem Moment déi eenzeg Optioun fir déi jonk Leit aus den Entwécklungslänner sinn. Si mussen Hoffnung schöpfe kënnen a Chancë kréien, fir datt sech d'Situatioun vun hirem eegene Land esou verbessere kéint, datt si och do eng Zukunft fir sech an hir Famill kënne gesinn.
Mir selwer däerfen net ofstumpfe vis-à-vis vun de Booter, déi all Dag un de Küste vun Europa ugeschwemmt ginn. Mir selwer däerfen net zouloossen, datt dat trauregt Schicksal vun de Kanner, déi un Honger stierwen, eis net méi beréiert. Mir däerfen et net als normal emfannen, wa Fraen a Kanner a Konfliktsituatioune riicht weider vergewaltegt ginn, a mussen opjäizen, wa Kanner als Kannerzaldoten, bëlleg Aarbechtskraaft oder Sexsklave mëssbraucht ginn.
Här President, et geet net duer mat gudde Wierder. Mir mussen eis Engagementer a Verspriechen anhalen. A mir musse grouss Natiounen, déi vill méi e groussen Impakt hu wéi mir, motivéieren, datt dës Länner op eng fair an éierlech Aart a Weis och an dës Länner investéieren, fir datt déi iwwerhaapt emol eng Chance kréien, eppes selwer op d'Been ze setzen. Hei geet et net duer mat lëtzebuergeschen Drëpsen op e waarme Steen. Hei muss richtege politesche Wëllen op Weltniveau vun allen industrialiséierte Länner bestoen, fir eppes ze veränneren.
Ech kommen zréck op mäin éischte Saz, dee mat Sécherheet aner Natioune sech méi zu Häerz mussen huele wéi mir selwer:
"Nous avons l'argent, nous avons les médicaments et nous avons le savoir-faire. Le véritable défi est notre capacité à mobiliser la volonté politique pour tenir nos promesses."
Ech soen Iech Merci.
Plusieurs voix.- Très bien!
|