[Bas du Document] [Go To Best Hit]
Document au format image (tiff)
Page 611
D'Familljekommissioun war awer der Meenung, et wär net opportun, d'Dispositiounen iwwert d'Assistenzhënn an engem generelle Kader ze integréieren. Et wär iwwregens och ze knapp ginn, fir et an deem Gesetz nach ënnerdaach ze kréien, well deen nämlechten Dag wéi eis Kommissioun den Avis vum Statsrot ënnert d'Lupp geholl huet hu mir d'Hondsgesetz schonn an der Chamber um Ordre du jour gehat fir ze stëmmen. A mir wollten och e separat Gesetz.
Wat d'Amendementer vum heitege Gesetz am Zesummenhang mat dem Hondsgesetz ugeet, kann ee soen, datt d'Familljekommissioun den initialen Artikel 4 suppriméiert huet. No dësem Artikel sollen d'Assistenzhënn vun der Verflichtung, e Maulkuerf ze droen, wa si sech op enger öffentlecher Plaz befannen, entbonne ginn. Dat ass logescherweis jo och richteg, well et ass jo soss net méiglech, entweder e Rollstull ze zéien oder Saachen opzerafen. Vu datt d'Gesetz vum 9. Mee 2008 souwisou net de Maulkuerf virgesäit fir dës Zort vu Muppen, hat den initialen Artikel 4 keng Daseinsberechtegung méi.
Den Artikel 1, deen elo nëmme méi aus engem Paragraph besteet, definéiert d'Notioun vum Assistenzhond. Gëllt als Assistenzhond den Hond, deen eng behënnert Persoun assistéiert, egal ënner wat fir engem Handicap dës Persoun leit, an deen extra forméiert ginn ass oder amgaangen ass forméiert ze ginn, fir déi betraffe Persoun an hiren Déplacementer am Alldag ze ënnerstëtzen.
De virleienden Text schwätzt vun "chien formé ou en cours de formation" amplaz vun "chien éduqué". Esou ass et kloer, datt nieft de Behënnerte selwer souwuel d'Éducateuren, déi d'Hënn forméieren, wéi och d'Familles d'accueil, déi d'Hënn déi éischt Méint ophuelen éier se forméiert ginn, och kënne mat den Hënn Zougang zu öffentleche Plazen hunn. Fir nämlech sécherzestellen, datt d'Formatioun vun den Assistenzhënn optimal ass, muss selbstverständlech och deene Muppen, déi am Prozess si forméiert ze ginn, den Zougang zu öffentleche Plaze garantéiert ginn, an zwar genau ënnert deeneselwechte Konditioune wéi den Assistenzmuppen, déi scho fäerdeg si mat hirer Formatioun.
An dësem Kontext kann een nach ervirhiewen, datt d'Familljekommissioun d'Entscheedung getraff huet, am ganzen Text den Term "éducation" duerch dee vun "formation" ze ersetzen. Domadder kënnt einfach besser eraus, datt d'Hënn eng spezifesch Formatioun matmaache mussen an datt ee sech net nëmme mat enger Éducation de base zefridde ka ginn.
Den Artikel 2 bezitt sech op d'Prozedur, wéi e forméierten Assistenzhond als solches unerkannt soll ginn. Opgrond vu Kritiken a vun der éischter formeller Oppositioun vum Statsrot huet d'Familljekommissioun décidéiert, den Text ëmzeschreiwen. De virleienden Artikel gesäit eng Unerkennungsprozedur vum forméierten Assistenzhond vir, iwwert de Wee vun enger Homologatioun vun den offiziellen Dokumenter, déi vun den auslänneschen Autoritéiten opgestallt gi sinn an déi d'Formatioun vum Hond als Assistenzhond beleeën. Dës Homologatiounsprozedur léisst sech doduerch erklären, datt mir zurzäit kee Service hei zu Lëtzebuerg hunn, dee sech ëm d'Formatioun vun den Assistenzhënn këmmert.
D'Assistenzhënn, déi mer hei am Land hunn, sinn auswäerts forméiert ginn, an déi meescht kommen aus engem bekannte Formatiounszenter aus Frankräich. D'Homologatioun ass automatesch, wann e Minimum vu Konditioune gi sinn. D'Homologatioun gëtt duerch d'Iwwerreeche vun enger Medail dokumentéiert, an e groussherzogleche Reglement preziséiert souwuel den Aspekt vun der Medail wéi och d'Konditiounen, déi agehale musse ginn, fir eng Medail iwwerreecht ze kréien an den Assistenzhond doduerch däitlech erkennbar maachen an ënnerscheede vun normale Muppen.
Den Artikel 2 hat och e bësse fir Opreegung a lëschteg Diskussiounen an der Familljekommissioun gesuergt, virun allem duerch d'Presenz vun engem Membre suppléant, deen - wat d'Formatioun vun esou Assistenzmuppen ubelaangt - hei schonn eng interessant Nisch fir Lëtzebuerg wollt entdeckt hunn, a wou ech éierlech muss zougestoen, datt ech perséinlech och net ofgeneigt war, deem zouzestëmmen.
Allerdéngs si mir, den honorabelen Deputéierte Lucien Thiel a meng Wéinegkeet, erëm schnell op de Buedem vun der Realitéit zréckkomm, wéi mer héieren hunn, wéi laang a wéi komplizéiert esou eng spezifesch Formatioun ass, an datt elo net Assistenzhënn en masse produzéiert ginn. Du sinn eis Hoffnungen, fir hei zu Lëtzebuerg Formatiounszentre fir esou Assistenzmuppen opzemaachen, relativ schnell am berühmte Keim erstéckt ginn.
De virleiende Gesetzesprojet gesäit och um Niveau vum Artikel 3 vir, datt Hënn, déi am Prozess vun der Ausbildung sinn, unerkannt solle ginn, an zwar duerch d'Iwwerreechung vun enger provisorescher Medail un de Meeschter, un den Éducateur oder un d'Famille d'accueil vum Hond.
Den Artikel 3 ass am Text vun der Familljekommissioun agefügt ginn opgrond vun der Bemierkung vum Statsrot, et misst een den Hënn an der Ausbildung déiselwecht Zougangsméiglechkeete garantéiere wéi deenen Hënn, déi schonn ausgebilt sinn.
Och wann an deenen allermeeschte Fäll déi provisoresch Medail entweder dem Éducateur oder der Gaaschtfamill vum Hond iwwerreecht wäert ginn, ass et awer och wichteg, am Text d'Méiglechkeet virzegesinn, datt och de Meeschter vum Hond esou eng Medail während der Ausbildung vum Hond kritt.
Nom virleiende Gesetzesprojet ass all Persoun, déi vun engem Assistenzhond assistéiert gëtt, verflicht, d'Ausbildung vum Hond ze rechtfertegen. Den Artikel 4, deen dës Verflichtung virgesäit, iwwerhëlt zum Deel de Contenu vum initiale Paragraph 2 vum Artikel 1. Den initialen Term vu Propriétaire ass duerch dee vum Maître ersat ginn. Dëst gëllt och fir all aner Artikele vum Gesetzesprojet.
All Persoun, déi mat engem Assistenzhond ënnerwee ass, ass net onbedéngt de Besëtzer vum Hond. Dacks bleift den Hond souguer an dem Besëtz vun enger Associatioun, déi en ausgebilt huet. Et ass duerfir besser, hei vu Meeschter ze schwätzen, wéi vu Propriétaire.
Den Artikel 5 ass de Kärpunkt vum Gesetzesprojet. Et ass dës Dispositioun, déi formell den Zougang zu den öffentleche Plaze fir d'Assistenzhënn erlaabt. Aus Sécherheets- oder Gesondheets- respektiv Hygienesgrënn kann ausnahmsweis den Assistenzhënn den Zougang verweigert ginn. Et kann ee sech virstellen, datt, wann en Assistenzhond säi Meeschter zum Beispill an d'Spidol ka begleeden, awer verschidden Deeler vum Spidol och fir d'Assistenzhënn net zougänglech sinn. Zum Beispill den Operatiounssall oder de Rëntgesall. Mä wéi gesot, dat sinn d'Ausnahmen, déi vun engem groussherzogleche Reglement sollen determinéiert ginn.
Et ass wichteg, fir datt keng Diskriminatioun opkënnt, datt d'Presenz vun engem Hond net mat zousätzleche Käschte fir säi Meeschter, säin Éducateur oder d'Famille d'accueil verbonne gëtt. An anere Wierder, wann eng Persoun a Begleedung vun engem Assistenzhond ass, soll dës Persoun zum Beispill net méi fir de Bus oder den Zuch bezuelen, wéi eng Persoun, déi ouni e Mupp ass.
Een Diskussiounspunkt war an der Kommissioun och nach déi sougenannte Gemengentax fir d'Muppen, wou och hei d'Kommissioun der Meenung war, datt och dës Tax keng zousätzlech Belaaschtung fir behënnert Leit dierft sinn, wa se op d'Hëllef vun esou engem Assistenzmupp ugewise sinn.
De Verstouss géint d'Dispositioune vum virleienden Text soll och sanktionéiert ginn. Eng Procédure d'avertissement taxé ass virgesinn. D'Auteure vum Gesetzestext hu sech hei um Antitubaksgesetz vun 2006 inspiréiere gelooss, wou och esou eng Prozedur virgesinn ass. Dës Prozedur huet de grousse Virdeel, datt se einfach ze applizéieren ass an ouni Geriichter ze implizéieren. Eng einfach Handhabung bei de Sanktiounen ass eng gutt Viraussetzung, fir datt e Gesetz an der Praxis ëmgesat an och respektéiert gëtt.
Wann deejéinegen, dee géint de virleienden Text verstéisst, weder zu Lëtzebuerg wunnt nach an engem anere Memberstat vun der Europäescher Unioun, a wann dës Persoun sech weigert, den Avertissement taxé ze bezuelen, muss hien nom Artikel 8 der Police e Betrag consignéieren, deen déi eigentlech Amende wéi och déi eventuell Geriichtskäschte soll decken.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, en Assistenzhond ass fir Mënschen, déi eng Behënnerung hunn, en onheemlechen Atout, deen net méi ewechzedenken ass, virun allem net, wann ee bis un e gewinnt ass. Hien huet einfach méi ze bidde wéi eng reng materiell Hëllef, well him och positiv psychesch wéi och physesch Wierkungen nogewise ginn. Si sinn eise behënnerte Matmënschen eng enorm Hëllef, fir sech besser ze integréieren, an erméiglechen hinnen, méi selbstänneg ze sinn. E Mënsch, dee méi autonom ass, ass ganz einfach méi fräi, dat ze maachen, wat hie wëllt a wouzou hie Loscht huet.
Dëse Gesetzesprojet dréit net nëmmen dozou bäi, Diskriminatioun tëschent de Behënnerten an den Netbehënnerten ofzebauen, mä hie beendegt och eng ongerecht Differenzéierung tëschent de Blannenhënn, déi am Prinzip ouni Weideres akzeptéiert ginn, an deenen aneren, den Assistenzhënn, fir déi den Zougang zu öffentleche Plazen nach net eestëmmeg akzeptéiert ginn ass.
Wann ee weess, datt et méi wéi 37 Millioune Männer a Fraen an der Europäescher Unioun gëtt, déi ënner enger Behënnerung leiden, gëtt ee sech der Wichtegkeet vum virleiende Gesetz bewosst, an dovunner, wéi vill Mënschen dorënner sinn, déi vun esou enger phantastescher Hëllef op véier Patte kéinte Gebrauch maachen, fir hiert Liewen ze vereinfachen.
Zum Schluss wollt ech dann nach de Membere vun alle Parteie Merci soe fir déi flott Diskussiounen, déi mer an der Kommissiounssitzung haten. Et wär flott selbstverständlech, wa mer dëse wichtege Gesetzesprojet eestëmmeg géifen haut unhuelen. En huet selbstverständlech, wéi Dir Iech jo virstelle kënnt, d'Ënnerstëtzung vun der CSV-Fraktioun.
Ech wollt just nach zu enger Bemierkung, déi ech am Ufank gemaach hunn, eppes soen: Ech mengen, dräi vun deene Muppen, déi ginn eréischt an der Zukunft iwwerreecht. Mä dozou kann eis d'Madame Ministesch méi soen.
Ech soen Iech Merci fir d'Nolauschteren.
Plusieurs voix.- Très bien!
|