Home /

Interventiounen

 

Autres

Rapportice Nancy Arendt Service Volontaire des jeunes 2007

5618 - Projet de loi sur le service volontaire des jeunes, modifiant 1° le Code des assurances sociales, 2° la loi modifiée du 19 juin 1985 concernant les allocations familiales et portant création de la Caisse nationale des prestations familiales et abrogeant la loi du 28 janvier 1999 concernant le service volontaire
Right-click here to download pictures. To help protect your privacy, Outlook prevented automatic download of this picture from the Internet.   Rapport de la Commission de la Famille, de l'Égalité des chances et de la Jeunesse Discussion générale Motion 1 Vote sur l'ensemble du projet de loi et dispense du second vote constitutionnel

 


[Bas du Document]  [Go To Best Hit]
 

Document au format image (tiff)
Right-click here to download pictures. To help protect your privacy, Outlook prevented automatic download of this picture from the Internet. Page 31

 

 

chernd Initiativ. Et ass e formidabelt Formatiounsinstrument, dat zur Ausbildung vum Jonke bäidréit. Et ass eng nobel Beschäftegung fir e Jonken, dee sech vläicht an der Transitioun zwëschent der Schoul an der Aarbechtswelt befënnt. E gëtt souguer och ëmmer méi dacks als supplementar Offerte genotzt fir dee Jonken a Schwieregkeeten, deen, dee seng Schoul vläicht net fäerdeg gemaach huet, a während dëser Zäit elo d'Méiglechkeet kritt, fir iwwer seng Zukunft nach eng Kéier nozedenken a säi Liewen nei ze orientéieren, während hien déi éischt professionell Experienze sammelt.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech ginn net op all d'Artikelen an d'Adaptatioune vum neie Gesetz an - dat hunn ech ganz däitlech am schrëftleche Rapport gemaach -, mä erlaabt mer vläicht déi wichtegst ervirzehiewen.

Den Artikel 1 vum Gesetz definéiert d'Objektiver vum Service volontaire. Et sinn déi, déi am Kader vun der europäescher Décisioun, déi den europäesche Programm Jeunesse en action op d'Bee setzt, festgeluecht gi sinn. De Statsrot huet virgeschloen, sech un déi Décisioun ze halen. D'Familljekommissioun ass och där Suggestioun nokomm. De Volontariat riicht sech virun allem un déi Jonk, déi aus der Schoul oder vun der Uni kommen an déi éischt Erfahrungen an engem spezifesche Beräich sammelen. Dëst ka fir de spéidere Beruff vu groussem Virdeel sinn.

Den Artikel 2 definéiert d'Applikatiounsfeld, wou de Fräiwëllegendéngscht ka geleescht ginn. E spillt sech virun allem am sozialen an am éducative Beräich, der Kultur, dem Tourismus, dem Sport, der internationaler Kooperatioun oder der Ëmwelt of. Weider Applikatiounsfelder sinn den Engagement fir de Fridden oder déi international Réconciliatioun tëschent de Völker.

Déi grouss Majoritéit awer vun de Fräiwëllegendéngschter fënnt een am soziale Beräich, wéi zum Beispill am Kader vun engem Altersheem oder engem Foyer fir behënnert Leit. Et ka sech awer och an engem sozioéducative Beräich ofspillen, wéi zum Beispill a Jugendhaiser, déi ganz oft flott Iddië fir de Fräiwëllegendéngscht realiséieren. Aner Projete ginn awer och oft am kulturellen oder am sportleche Beräich realiséiert, wou grouss Manifestatioune virbereet oder begleet ginn, wéi eben elo grad am Beispill vum Kulturjoer, oder ech denken och u grouss Sportsmanifestatiounen.

Déi Jonk siche sech Volontariatsprojete geziilt no hire perséinleche Motivatiounen aus. Selbstverständlech ass awer och bei ville Jonken de kulturellen Austausch wichteg, an do sinn et natierlech all déi Projeten, déi mat der Entwécklungshëllef ze dinn hunn, déi do och onheemlech interessant erschéngen.

Wa vill Leit hei am Land wëlle bleiwen, esou ass d'Ufro fir an d'Ausland ze goen awer grouss. Demanden, fir de Volontariat ausserhalb vun der Europäescher Unioun ze maachen, huelen zënter e puer Joer stänneg zou a sinn am Moment schrecklech beléift bei deene Jonken.

Et ass den 3. Artikel, deen op déi wichteg Roll vun den Organisatiounen, déi de Service volontaire ubitt, ageet. Fir d'éischt muss eng Demande vun der Organisatioun virleien, déi d'Natur vun de Missioune vum Volontariat festleet, gradesou wéi gekuckt gëtt, ob d'Organisatioun och déi finanziell Capacitéiten an dat néidegt Personal huet, fir esou e Service ze leeschten.

Den Agrément huet eng Dauer vun elo dräi Joer a ka selbstverständlech erneiert ginn. D'Gestioun vun den eenzelne Projete wéi awer och d'Admissioun vun de Volontairen ass d'Aufgab vum Service national des Jeunes.

D'Prozedur gëtt am Kader vum virleiende Gesetzesprojet vereinfacht. De Minister brauch net méi all eenzelne Projet zouzeloossen, hie léisst nach just d'Organisatioun selwer zou. De Minister kritt och d'Méiglechkeet unerkannt, enger Organisatioun den Agrément ewechzehuelen, wann d'Konditioune vum Agrément net méi gi sinn oder d'Organisatioun duerch hiert Handelen d'Sécherheet vum Volontaire op d'Spill setzt.

Am Kader vun der Gesetzgebung, déi bis haut bestanen huet, kënnen nëmmen ONGe Volontariatsprojeten ubidden. Dës Restriktioun féiert dozou, datt eng Rei vun Ariichtungen, déi interessant Volontariatsprojete kéinten ubidden, vun der Organisatioun vun esou Projeten ausgeschloss wären.

Den Text vum 3. Artikel ass och deen, deen de Statsrot virgeschloen huet, ausser datt d'Familljekommissioun der Meenung war, et misst ee vun Organisme de droit public ou privé schwätzen, ouni ze preziséieren, datt et sech ëm eng A.s.b.l. handelt. Esou eng Prezisioun hätt zur Konsequenz gehat, datt sämtlech Etablissementer, déi net d'Form vun enger A.s.b.l. hunn an awer super Projeten ubidde kéinten - staatlech oder parastaatlech Institutiounen, Gemengen, Altersheemer, Fleegeheemer -, ausgeschloss wären, an dat wär immens schued gewiescht.

D'Ouverture, déi mer elo am Gesetzestext hunn, wäert et erlaben, datt an der Zukunft méi Projeten ugebuede ginn, déi op méi jonk Leit mat Problemer geziilt sinn. De Service volontaire d'orientation, deen neie Programm, deen de Service national de la Jeunesse virun e puer Deeg gestart huet an dee sech virun allem u Jugendlecher ouni Schoulofschloss riicht, wäert vun dëser Ouverture profitéieren. Dëse Programm bitt deene Jonken eng praktesch Experienz un an eng personaliséiert Begleedung a Berodung an der Ausschaffung vun engem Incertiounsprojet, sief et, datt se nees an d'Schoul oder an d'Beruffswelt ginn.

Am 4. Artikel geet et ënner anerem ëm den Alter, fir sech kënne fir de Volontariat ze mellen. E gëtt vu 25 Joer op 29 Joer eropgesat. Wat d'minimal Altersgrenz ugeet, esou leet deen neien Text kee prezisen Alter fest. Hie gesäit awer vir, datt déi interesséiert jonk Leit mussen hiren obligatoresche Schoulofschloss hannert sech hunn. An der Praxis heescht dat, datt keen ënner 16 Joer wäert kënnen un engem Volontariatsprojet deelhuelen.

Dee Jonke muss beim Service national de la Jeunesse enregistréiert sinn an entweder zu Lëtzebuerg wunnen, an der Europäescher Unioun oder an engem Bäitrëttsland. Si kënnen awer och aus engem Land kommen, dat entweder e kulturellen oder Kooperatiounsaccord mat eis ofgeschloss huet, oder aus engem Land kommen, dat am Artikel 5 vun der Europäescher Décisioun vum 15. November viséiert ass, wéi zum Beispill e Land vun der Association européenne de libre-échange, wéi d'Schwäiz oder Liechtenstein. Zum Schluss vum Déngscht kritt de Fräiwëllegen eng Attestatioun, déi d'Datumen an d'Natur vu sengen Aarbechte festhält, mat enger Beschreiwung vu senger Formatioun gradesou wéi eng Evaluatioun vun der gewonnener Erfahrung.

De virleienden Text beschreift och méi prezis d'Konditiounen, ënnert deenen de Volontariat sech ofspillt. Virun allem ginn d'Aufgaben, d'Responsabilitéiten an den Encadrement vun de jonke Fräiwëllege wéi och d'Verflichtunge vun den Organisatiounen, déi e Service volontaire ubidden, elo méi kloer definéiert.

Am 5. Artikel steet, datt eng schrëftlech Konventioun tëschent dem Volontaire an der Organisatioun ënnerschriwwe ka ginn. Dës Konventioun gesäit zum Beispill vir, fir d'Schaff- an d'Rouzäite festzehalen, wéi eng Tâchen de Volontaire erfëlle muss, wéi eng Formatioun hie kritt a wat fir eng Moyenen hien zur Verfügung gestallt kritt. D'Organisatioun verflicht sech, de Volontaire während dem ganze Service volontaire ze betreien. Et gëtt festgehalen, datt et eng Ganzzäit-Aktivitéit ass zwëschent dräi Méint an engem Joer, déi maximal bei Ausnahmefäll vum Minister op 18 Méint kéint ausgedehnt ginn.

De Service volontaire bréngt natierlech eng Rei vun Avantagen an Ureizer mat sech: Rees-, Wunnengs- an Iesskäschte gi vun den Organisatiounen, déi esou Projeten ubidden, respektiv vum Stat iwwerholl, wat natierlech immens interessant ass fir déi Jugendlech aus manner gutt bemëttelte Familljen.

De Volontaire kritt e klengt Täschegeld, wat allerdéngs net méi héich däerf si wéi e Fënneftel vum Mindestloun, an e gëtt sozialverséchert. E gëtt vun der Organisatioun, wou en den Déngscht leescht oder déi e fortschéckt, bei der Kranken-, Unfall- a Pensiounskeess ugemellt, während der Dauer vu sengem Service. Dat heescht also, datt d'Zäit vum Volontariat och duerno als Pensiounszäit ugerechent gëtt. Zousätzlech muss och eng Haftflicht fir de Volontaire ofgeschloss ginn. D'Kannergeld gëtt iwwregens och weider ausbezuelt, zumindest bis 27 Joer. An déi Jonk, déi am Fräiwëllegendéngscht täteg sinn, däerfen, gradesou wéi d'Studenten, gratis mam öffentlechen Transport fueren.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, den Text, dee mer haut vun der Chamber virleien hunn, divergéiert vun deem, deen den 11. Oktober 2006 an der Chamber deponéiert gouf. D'Familljekommissioun huet nämlech eng Rei vun Amendementer ugeholl, virun allem fir de kritesche Bemierkunge vum Statsrot Rechnung ze droen, an huet gréisstendeels d'Virschléi vum Statsrot iwwerholl.

Ech wéilt just awer op een Artikel zréckkommen, an zwar den Artikel 6, dee sech op déi verschidden Interventioune vum Stat bezitt. Den initialen Text huet d'Fro vun der Finanzéierung duerch de Stat net kloer behandelt. Et ass awer e wichtegen Aspekt, esou datt d'Familljekommissioun sech um Text vum Statsrot inspiréiert huet, mä en awer net ganz iwwerholl huet. Mir wollten eis eng gewësse Flexibilitéit loossen um Niveau vun der Festleeung vum maximale Betrag vun der Prise en charge. Just beim Täschegeld ware mer domat d'accord, fir et iwwert de Wee vun engem Reglement festzeleeën. Dat anert géif wierklech ze komplizéiert ginn, fir all Kéiers de Reglement missen ëmänneren ze goen.

Här President, ech kommen zum Schluss vu menger Ried. De Volontariat ass e villsäitegt Instrument, en nobelt Engagement, eng interessant Erfahrung fir e Jugendleche säi Liewen ze beräicheren. Et ass eng Betreiungsméiglechkeet, eng Opfänkméiglechkeet, eng positiv Beschäftegung fir Jonker, déi tëschent Schoul a Beruff stinn, déi eng praktesch Experienz fir de Jonken zum Benefiss vun der Allgemengheet matbréngt.

Meeschtendeels sinn d'Projeten zum Virdeel fir déi, déi vun engem Service vun deem Jonke profitéieren, mä selbstverständlech ass et virun allem eng Beräicherung fir dee Jonken, dee sech dësem Engagement widmet. E weist, datt de Jonke motivéiert ass eppes ze hëllefen an datt e seng Energie an den Notze vun eiser Gesellschaft stellt, an et wierkt bestëmmt och gutt op engem Curriculum vitae.

Aus all deene Grënn war d'Familljekommissioun unanime der Meenung, datt mer dëse Projet stëmme sollten, an ech hunn d'Éier fir den Accord vun eiser CSV-Fraktioun ze bréngen.

Ech soen Iech Merci.

Plusieurs voix.- Très bien!

M. le Président.- Merci, Madame Arendt. Den honorabelen Här Bettel huet elo d'Wuert.


 
Ech freeën mech iwert Är Kommentaren,Suggestiounen, Kritik an och Ufroën   

Nancy Arendt
/ post@nancyarendt.lu / Designed by Luxis