Rapportrice Centre intégré vun der Rumm 2004
* Mme Nancy Arendt (CSV), rapportrice.- Merci, Här President. Här President, Dir Dammen an Dir Hären, dëse Projet, bei deem et sech ëm d'Transformatioun an d'Extensioun vum Centre intégré vun der Rumm handelt, befënnt sech op engem Site, wou d'Spure sech bis an déi galloréimesch Zäit zréckverfolge loossen. Schonn deemools hu vill Leit zu deene verschiddensten Zäiten an der Geschicht vun dëser héich geleeëner Plaz profitéiert an déi berühmt Mauer Wenceslas, déi um Enn vum
14. Jorhonnert um Site vun der Rumm säin Ursprong hat, ass vum Vauban um Enn vum 17. Jorhonnert als Schutz gebraucht ginn. Doropshin sinn d'Maueren duerch de sou genannte Vabaunsravelin nach verstäerkt ginn.
De Site an déi verschidde Gemaier hunn esou e bedeitende geschichtleche Wäert, datt se bei dëser Transformatioun net sollen an och net däerfe vergiess ginn. An dësem Projet gëtt versicht, déi verschidden historesch Elementer ze erhalen, well de Projet gesäit effektiv vir, fir d'Direktioun vu Servior zum Beispill, déi sech ëm d'Maintenance vun de Gebaier wäert bekëmmeren, am Ravelin ënnerzebréngen. Dat erkläert och, wéi d'Ministesch et virdru schonn ugedeit huet, firwat d'Realisatiounskäschte relativ héich leien an ech wäert spéider nach eng Kéier hei op dëse spezifesche Punkt zréckkommen.
D'Propositioun vum provisoresche Plang vum Ensembel vun der Konstruktioun ass vun der Unesco approuvéiert ginn a Lëtzebuerger Autoritéite wéi zum Beispill de Familljeministère kontrolléiere regelméisseg esouwuel d'Conceptioun wéi och de Fortgang vun den Aarbechten um Chantier. Iwwert den historesche Wäert eraus erfëllt d'Rumm säit dem Enn vum 19. Jorhonnert eng sozial Roll. Weesekanner, Invaliden oder krank Leit sinn op der Rumm, fir méi genau ze sinn am Hospice civil opgeholl ginn. Ufanks vun den 80er Jore sinn d'Kanner vun den Erwuessene getrennt ginn a vun deem Dag un huet de Centre du Rham als Altersheim fonctionnéiert. Säit dem 1. Januar 1999 ass d'Rumm vum Établissement public "Centres, Foyers et Services pour personnes âgées" ugeholl ginn.
Här President, léif Kolleegen a Kolleeginnen, de virleiende Gesetzesprojet, deen de Stat autoriséiert den Opbau an d'Transformatioun vum Altersheim vun der Rumm matzefinanzéieren, ass e weidere Projet, dee sech am Kader vum nationale Programm fir eeler Leit integréiert a weist, datt d'Liewensqualitéit vun eisen eelere Matbierger weiderhin eng wichteg Prioritéit vun eiser Regierung war an och bleift.
De virleiende Gesetzesprojet weist och, datt eis Regierung sech den Erausfuerderunge vun der Zäit stellt. Déi demographesch Entwécklung huet eis Zäit gepräegt a wäert och d'Politik a ville Beräicher weiderhi beaflossen. D'Liewenserwaardung vun de Leit ass glécklecherweis duerch de medezineschen an hygienesche Fortschrëtt staark an d'Luucht gaangen. D'Zuel vun deenen iwwer 65-Jähregen hëlt bis elo op alle Fall emol stänneg zou an dës Tendenz wäert sech am Laf vun de Joren hoffentlech och fortsetzen. Et ass virun allem d'Kategorie vun deenen iwwer 80-Jähregen, déi déi héchste Steigerung wäert verzeechnen. An d'Schätzunge ginn dovunner aus, datt no 50 Joer dës Kategorie e Fënneftel vun den eelere Leit ausmaachen.
Wann hautdësdags 70% vun deenen iwwer 80-Jähregen autonom liewe kënnen, da bleiwen awer nach 30%, déi op eng Hëllef ugewise sinn. Wann dës Leit am Prinzip op hir Familljen ziele kënnen, kënnt et awer dach ëmmer méi dacks vir, datt se op en Altersheim oder e Centre mussen zréckgräifen, fir adequat ënnerbruecht ze ginn. D'Grënn si ganz verschidden. Vill eeler Leit ginn hautdësdags vu Familljemembere betreit, déi selwer al sinn a fir déi et iergendwann ze schwéier gëtt fir sech komplett eleng ëm eng eeler Persoun alldeeglech ze këmmeren. Déi familiär Strukturen hu sech och geännert. Et gëtt ëmmer méi Famillje wou déi zwee Partner schaffen an et ass dann och net einfach de Beruff an déi familiär Verflichtungen ënner een Hutt ze bréngen.
Och d'Servicer wéi "Hëllef doheem" kënnen eng Ënnerstëtzung sinn. Mä och dës Servicer stoussen eng Kéier op d'Limiten. Et ass virun allem net einfach, esouguer wann een d'Méiglechkeet hätt, fir Leit, déi op Hëllef ugewise sinn, wéi zum Beispill eeler dement Leit, adequat doheem ze versuergen. Dës Leit musse 24 Stonnen op 24 Stonne professionell encadréiert ginn. Et ass also net weider verwonnerlech, datt d'Nofro vun esou Opfaangstrukture fir eeler Leit an deenen nächste Joren nach weider wäert zouhuelen.
Zur Informatioun, den Établissement public "Centres, Foyers et Services pour personnes âgées", deen eng Dosë vu CIPAen a véier Maisons de soins géréiert, huet Méi fir der grousser Nofro vun Opfangstrukture fir eeler Leit kënne gerecht ze ginn. 3.000 Demandë louchen den 1. Januar vun dësem Joer vir, dovunner 1.300, déi dréngend, an 300, déi immens dréngend waren. De virleiende Projet entsprécht enger moderner Politik vum drëtten Alter, déi versicht op déi spezifesch Besoinë vun de verschiddene Kategorië vu Pensionären anzegoen.
De Centre ass souwuel fir valid wéi och fir manner valid Leit bestëmmt an den Ëmbau an d'Transformatioun vun de Gebailechkeeten entsprécht de modernsten Normen an dësem Domän. Wa fréier dee klineschen Aspekt bäi Wäitem dee wichtegste war, esou gëtt awer haut ëmmer méi Wäert op d'Form an d'Qualitéit vum Logement a vum Encadrement geluecht. D'Leit sollen esou wäit wéi méiglech en autonoomt Liewen am Centre intégré féiere kënnen.
Ee vun deene wichtegste Punkte bei dësem Projet ass deen, datt d'Leit, déi op d'Rumm kommen, d'Méiglechkeet kréien an dëser Struktur ze bleiwen, och wa sech hire gesondheetlechen Zoustand géif änneren. Esou vermeit een oft en onangenehmen Transfert an eng aner Institutioun; en Transfert, dee bei eelere Leit oft als Trauma emfonnt gëtt. De Projet gesäit och d'Schafung vun engem sou genannten ãEspace senior" vir, dee sech aus verschidde spezialiséierte Pavillonen zesummesetzt.
Nieft dem klasseschen Altersheim gesäit de Projet d'Schafung vun Appartementer vir, déi sech u relativ autonom eeler Leit riichten, déi zwar theoretesch kéinten eleng liewen, mä déi sech awer an enger encadréierter Struktur méi wuel fillen. Si wëssen, datt, wa sech e Problem sollt stellen, professionell Leit zu hirer Verfügung stinn.
Et ass och virgesinn, zwou soziogerontologesch Liewensgruppen ze forméiere fir ofhängeg eeler Leit, déi musse 24 Stonnen op 24 gehollef kréien oder ënnerstëtzt ginn. Eeler Leit, déi wëllen a kënne weider doheem bleiwen, awer trotzdeem gäre vun deene verschiddene Prestatiounen a Servicer vum Centre profitéieren, kënnen dat iwwert d'Porte ouverte vum Centre maachen.
Zousätzlech ass och eng Praxis fir Kinésithérapie an Ergotherapie virgesinn, déi virun allem zum Erhale vu kierperlechen a geeschtege Fäegkeete bäidroe soll. Eng Aktivitéitszon soll et de Pensionären erméiglechen, en agréabelen Openthalt ze hunn. Alles no beieneen, mat engem klenge Café, Coiffer, Pédicure, Florist, an et ass och e klengen Animatiounssall virgesinn, wann emol kleng intern Festivitéite stattfannen.
Zum Schluss ass nach ervirzehiewen, datt d'Rumm och wäert iwwer en ãHospice de fin de vie" verfügen, wou eng spezialiséiert Equipe stierwenskrank Leit op hirem leschte Liewensabschnitt begleede kann. Den Akzent gëtt hei op d'Zesummenaarbecht mat der Famill geluecht, fir déi och d'Méiglechkeet besteet am Centre ze iwwernuechten, wa se dat wëllen.
De Projet gesäit um Niveau vum Centre intégré d'Schafung vu ronn 70 Better vir, déi bei déi bestehend 34 Better derbäikommen. Den ãHospice de fin de vie" wäert kënnen 20 Leit ophuelen. Et wäerten, wéi ech dat schonns virdrun ugedeit hunn, 26 encadréiert Appartementer am Kader vum Centre du Rham geschafe ginn, déi ronn 40 Better ausmaachen. Um Niveau vun deenen zwou soziogerontologeschen Unitéite si jeeweils 16 Better virgesinn, esou datt d'Capacitéit vum Centre am Ganzen op ronn 142 Better wäert eropgoen. Eréischt nom Ofschloss vun den Aarbechte steet awer déi ganz genau Zuel vun den neie Better fest.
Wat d'Finanzéierung vum Bau an dem Ëmbau vum Altersheim a Fleegeheim vun der Rumm ugeet, esou ass ervirzehiewen, datt de Stat bal 100% vun de Käschte wäert droen. De Stat wäert och en Deel vun de Käschten iwwerhuelen, déi fir de Bau vum Direktiounsgebai gebraucht ginn. Déi staatlech Participatioun wäert sech nom leschte bekanntenen ãindice semestriel des prix à la construction" vum 1. Oktober 2004 op ronn 43,4 Milliounen Euro belafen. Zur Informatioun: D'Käschte fir de ganze Projet sinn op de Gesamtmontant vu ronn 50,3 Milliounen Euro geschat.
Dat sinn natierlech ganz héich Montanten, déi sech virun allem doduerch erkläre loossen, datt et haut einfach méi deier ass eppes ze renovéieren - et gëtt ronderëm e Plus vun 30% geschat - wéi wann een eppes komplett Neies géif bauen, speziell wann een och nach derbäi op den historesche Kader soll Rücksicht huelen. Ervirzehiewen ass vläicht nach, datt déi staatlech Participatioun sech natierlech op d'Käschten, déi mam Opbau a mat der Renovatioun vum Centre verbonne sinn, beschränkt. Personalkäschte souwéi d'Fonctionnementskäschte gi vum Gestionnaire iwwerholl.
De Statsrot hat dës Fro jo och a sengem éischten Avis opgeworf, wou d'Auteure vum virleiende Projet direkt reagéiert hunn an dëse Punkt no enger kuerzer, awer preziser Stellungnahm zur Befriddegung vum Statsrot gekläert hunn. Servior iwwerhëlt och en Deel vun de Käschte vum Bau vum Direktiounsgebai, déi sech op 0,9 Milliounen Euro belafen, a ronn 16 Better, déi den Affer vum Zweete Weltkrich prioritär zur Verfügung solle stoen, wäerten iwwert d'Fonge vun der Fondatioun ãAide et assistance aux personnes âgées" finanzéiert ginn, déi et haut net méi gëtt.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech hoffen ech konnt Iech déi grouss Linne vun dësem Projet méi no bréngen. Weider Detailer fannt Der a mengem schrëftleche Rapport an am Text vum Projet selwer. Ech géif mech natierlech freeë wann dëse Projet eestëmmeg kéint ugeholl ginn, e Projet, dee selbstverständlech den Accord vun eiser Fraktioun bréngt.
Ech soen Iech Merci fir d'Nolauschteren.
* Plusieurs voix .- Très bien.
* M. le Président .- Merci, Madame Arendt. Als éischte Riedner ass den Här Xavier Bettel agedroen. Här Bettel, Dir hutt d'Wuert.
|