Home /

Interventiounen

 

Autres

Hearing Egalité des chances Intervention Nancy Arendt

M. le Président.- Als éischt Diskussiounsriednerin as d?Mme Nancy Kemp- Arendt agedroen. D?Mme Arendt huet d?Wuert.

Débat

Mme Nancy Arendt (CSV).- Här President, Dir Dammen an Dir Haren, als éischt wéiIt ech der Mme Nicklaus-Faber merci soë fir deen ausféierIeche Rapport, dee si hei virgedroen huet, deen op eng prezis Aart a Weis déi Problemer resuméiert huet, déi am öffentlechen Hearing vum 6.

Mäerz vun dene verschiddenen Organisatioune virgedroë goufen.

E grousse Merci wëll ech awer och un all déi Organisatioune riichten, déi am Hearing present waren an all Dag mat de Problemer vun de Fraë

konfrontéiert sin. Deen Idealismus, deen d?Mataarbechterinnen an d?Mataarbechter vun all dësen Organisatiounen un den Dag leën, däerf nët ofbriechen. Si maachen eng wichteg an eng gutt Aarbecht. Ech wir frou, wann dës Aarbecht, déi nach ganz dacks bénévole as, bei engem nächsten Hearing op eng kleng finanziell Ennerstëtzung kéint zréckgräifen, esou wéi eis Kommissioun et proposéiert hat.

En öffentlechen Hearing iwwer d?Problemer vun der Fraënthematik soll zu engem feste Bestanddeel vun der Châmbersaarbecht gin. Nëmme wann een d?Problemer opzielt, sech domadder auserneesetzt an Iddiën entwéckelt, fir Léisungen ze fannen, kënnen d?Rechter vun de Fraë verbessert gin. Och d?Asetze vun der Commission spéciale ?Egalité des chances entre femmes et hommes? war um Gebitt vun de Fraërechter eng zousätzlech wichteg Etapp, fir ze garantéieren, datt d?Uleies vun der Fraënthematik esouwuel vun eis hei an der Châmber, wéi och an der Öffentlechkeet méi eescht geholl gët.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, och wann déi heiteg Debatt iwwer d?Fraën um Aarbechtsmaart handelt, däerfe mir awer déi Fraën nët vergiessen, déi och eng ganz wichteg Aarbecht maachen, nët bezuelt gin an ni Congé hun: déi Fraën, déi doheem bleiwen an exkIusiv fir hir Kanner a fir hir Famill do sin. Méng Generatioun as nach zu engem groussen Deel a Familjen opgewuess, an denen d?Fraën nët schaffe gaange sin.

Ech selwer sin och vun esou enger Fra groussgezu gin, an et gët a méngen Aën näischt méi Schéines wéi eng Mamm, déi ëmmer fir een do as. Ech weess also d?Aarbecht vun dëse Fraën héich ze schätzen a fäerten, datt si an eiser moderner Zäit oft nët genuch Unerkennung ausgesprach kréien.

Mä leider as dëst alles nëmme wonnerschéin, wann d?Situatioun et och erIaabt, wa genuch Akommes do as, keen onIéisbare Sträit kënnt a keng Schedung. All verbale Merci, all Respekt an all Bewonnerung fir dës Aarbecht hëllefe séier wéineg, wann d?Fra z.B. hire Mann verIéiere géif. Do steet si dann oft viru grousse Schwiregketen.

D?Aféierung vun enger Rei vu Moossnamen, wéi z.B.

d?Babyjoren, erliichteren d?Décisioun vun de Fraën, doheem ze bleiwen, während d?Kanner kleng sin. Dës Moossname si gutt, hëllefräich an däerfen op kee Fall ofbriechen. Mä et däerf een nët vergiessen, datt d?Liewen nach laang no der Erzéiung vun de Kanner weidergeet.

D?EntwéckIung vun de Generatioune bIeift nët stoen, an an der Realitéit as et esou, datt ëmmer méi Fraë wëllen oder musse schaffe goen. Et bemierkt een nun emol en Driff bei dene jonke Fraën, fir op den Aarbechtsmaart ze goen.

Si hun eng Ausbildung kritt a wëllen dësen Atout och selbstverständlech asetzen. Mir kënnen d?Rad vun der Entwécklung nët méi zréckdréien. Dëst huet och de Fraëministère erkannt, deen d?Fraën encouragéiert, hire Wee ze maachen.

Ménger Menung no musse mir op e parallele Wee goen. Déi Moossnamen, déi d?Fraën hun, wa se doheem bleiwen, fir hir Kanner ze erzéien, musse weider ënnerstëtzt gin. Mä mir mussen dës Fraën op de Risiko vun hirer Zukunft opmierksam maachen, dee besteet, wa si eng Kéier eleng do stin. Fir déi Fraën, déi schaffe wëllen oder musse goen, sollen an Zukunft all Weër opgemaacht gin. Selbstverständlech däerfe mer keen zu där enger oder anerer Léisung zwéngen. Et soll aIl Stot an alI Fra dës Entschedung selwer hueIen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, eng ganz Rei vu Sujetë sin am Hearing ëmmer ërem ugekIongen. Leider kann ech nët op all dës Sujetën agoen. Mä déi konkret Projetën, déi virleien oder schon um Instanzewee sin, musse weidergedriwwe gin, fir d?Situatioun vun de Fraën um Aarbechtsmaart ze verbesseren.

Ech denken do fir d?alleréischt un de Gesetzprojet iwwer de ?Congé pour raisons familiales?. Et wär immens wichteg, wann dëse Congé endlech géif agefouert gin. Et as fir d?Eltere wierklech eng schwireg Situatioun, wann hiirt Kand krank as a si kee Congé hun, fir et kënnen ze versuergen oder och nëmmen eng Hëllef ze organiséieren.

Wat ech a puncto Gläichberechtegung vu Mann a Fra an dësem Gesetzprojet besonnesch positiv fannen, as natiirlech, datt dëse Congé soll gläichméisseg tëscht denen zwee Partner opgedeeIt gin. SchIiissIech huet de Papp jo och eng Verantwortung vis-à-vis vu sénge Kanner, an hie soll séng Roll och voll a ganz spillen. Dëse Mentalitéitswiessel as och a méngen Aë schon a ville jonke Stéit vollzun, an déi nei Pappen iwwerhuelen dës Verantwortung och gutt a gären.

Och de Projet iwwer den/d?Délégué(e) à l?égalité an de Betriber soll zu enger Verbesserung vun de Fraën hiren Aarbechtskonditioune bäidroen, an ech hoffen, datt mer schnell domadder weiderkommen.

En anere Projet as d?Ofännerung vum Artikel 175 vum Code des Assurances sociales. De Minimum vu 64 Stonnen, déi een aII Mount muss schaffen, fir eng Pensioun ze kréien, hält vill Fraën, déi nëmmen e puer Stonne wëlle schaffe goen, dovunner of, fir esou eng Aarbechtsplaz unzehuelen.

Als lescht wëll ech op de Projet iwwer den Harcèlement sexuel hiweisen.

Och wann dëst Thema oft belächelt gët, esou steIIt et dach fir viII Fraën e reelle Problem duer, fir dee mer eng Léisung fanne mussen.

Sécher musse vill Gespréicher gefouert gin, ier e fäerdegen Text virläit, an ech si mer och bewosst, datt et nët liicht as, eng Linn ze

Right-click here to download pictures. To help protect your privacy, Outlook prevented automatic download of this picture from the Internet. Page 2685

 

dene Ieschte Joren d?technesch Entwécklung um Gebitt vun der

Bürosaarbecht ganz schneII weidergaangen. ViII Fraë wären interesséiert, an dëse Beräich schaffen ze goen, mä fäerten, sech op ganz aner Bedingungen astellen ze musse wéi déi, déi si zu hirer aktiver Zäit kannt hun. Dëse Problem as am Hearing besonnesch däitlech gin. Et muss also an där Richtung weider eppes ënnerholl gin.

Et muss een denen interesséierte Fraë méi Informatioun gin, wat fir eng Méiglechkete fir si bestin. Déi bestehend Courë vun der Formation professionnelle continue mussen nach weider ausgebaut an un déi spezifesch Besoinë vun de Fraën ugepasst gin. Och Owescourë sin e Mëttel, fir de Fraën déi néideg Ausbildung ze gin. Op alle Fall muss drop opgepasst gin, datt dës Couren zu engem Zäitpunkt ofgehale gin, an deem d?Fraën nët a Konflikt mat hire Familjenaufgabe kommen, a si soIIten och zu méi variéierten Zäiten ugebuede gin.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, dëst waren e puer Iwwerleungen, déi ech wollt zur heiteger Diskussioun bäidroen. Ech mengen, mir maache gutt drun, fir oft iwwer d?Problemer vun de Fraën an eiser Gesellschaft ze diskutéieren a se och an aner Diskussioune mat anzebezéien.

Ech hoffen, datt eis Châmber d?Verdedegung vun de Fraëninteresse weider wäerd op hirem Fändel droen. Et as eng wichteg Cause, déi mir do ze verdedegen hun, a si brauch d?Ennerstëtzung vun eis all.

Ech soen Iech merci.

Une voix.- Très bien!

M. le Président.- Als nächst Riednerin as d?Mme Anne Brasseur agedroen.


 
Ech freeën mech iwert Är Kommentaren,Suggestiounen, Kritik an och Ufroën   

Nancy Arendt
/ post@nancyarendt.lu / Designed by Luxis