Interventiounen Ried radio RTL Gesetz iwert d'Assistenzhënn
Assistenzhënn
-eng grouss Ennerstëtzung fir eis behënnert Mattmenschen
Muar gett an der Chamber de Gesetzestext iwert d’Assitenzhënn gestemmt.
Dess d’Zort vun speziell formeierten Hënn, déi eng behënnert Persoun assistéieren, gett elo an der Zukunft erloabt , hieren Meeschter praktesch iwerall matt hin ze begleeden.
Den Zougang zu öffentlech Gebäier, öffentlechen, Transportméiglegkeeten, esou wéi och zu Arrichtungen, déi sozio-edukativ, ausbildend oder professionnell Activitéiten ubidden, gin elo och op fir Assistenzhënn, an Begleedung vun hierem Meeschter.
Ob Restaurant, Becker, Kino , Theater, Spidol Bus oder Zug grad esou wéi och d’Uarbechtsplaaz oder d’ Schoul, den virléienden Gesetzesprojet schaaft elo juristesch Sécherheet, dat behënnert Léit, déi op en Assistenzhond ugewiesen sin, kéng Angscht méi brauchen ze hun, datt hir Hëllef op véier Bënn, net därf op hirer Säit bléiwen, wann se ënnerwee sin.
Leider gin Assistenzmuppen oft just op Blannenhënn reduzéiert, well dess bäi weitem dei bekannsten Zort vun Hellefsmupp ass, an well et dess schon mei laang gin.
Assistenzhënn kennen awer oft nach mei Uarbechten erfellen, an gin virun allem am Kader vun enger reduzeierter Mobiliteit oder bei bestemmten motoreschen Krankheeten agesaat, an stellen esou eischter eng nei Hëllef duer.
D’Nëtzlegkeet vun desen Muppen steht ausser Fro . Sie hun en immens positiven Impact ob d’Liewensqualitéit vun éisen behënnerten Matmenschen , déi sech duerch hier wertvoll Hëllef méi fräi an autonom bewegen kënnen.
Duerch hir spezifesch Ausbildung, déi op d’Besoins’en vun den betraffenen Léit ugepasst ass, droen se dozou bäi bestëmmt physesch Restriktiounen auszegläichen an favoriséieren domatter d’Onofhängegkeet an die gesellschaftlech, professionnell an kulturell Integratioun vun den Behënnerten.
Sie kënnen den Telefon obhiewen, Luuten uknipsen, Saachen vum Buedem obrafen, Dieren opmaachen, oder den Rollstuhl ze zéihen.
(Sie kënnen eng blann Persoun guidéieren oder kennen als Signalhënn dingen fir Léit, déi net héieren kënnen, andeems se hiren Méschter op akustesch Signaler obmierksam maachen. )
Doniewt gin Assistenzhënn och als Therapiehënn bäi autisteschen Kanner agesat, an kennen extra ausgebild gin fir epileptesch Krisen fréihzeiteg ze erkennen, an die betraffen Léit dorop obmierksam maachen, fir daat se die néideg Mossnammen huelen.
En Assistenzhond huet also méi ze bidden wéi eng réng materiell Hëllef. Iwwert die réng Hëllefsléschtung eraus, gëtt em och positiv psychesch wéi och physesch Wirkungen nogewiesen.
Den Projet réiht sech an die national an europäesch Politik an, déi d’Diskriminéierungen, ënnert alle sengen Formen verurdeelt, well wann ee Behennerten säin Assitenzhond net iwwerall daerf mathuelen, leit eng Beaschreckung ..vis a vis vun daer Persoun fir, dei iwerall hin kann ..ouni Hellef vun enger Veierbeenegen Kolleg.
Wann en wëss, datt et méi wéi 37 Milliounen behënnert Mattbierger an der EU gin, gëtt een sech d’Wichtegkeet vum virléienden Gesetz bewosst, deen selbstverstaendlech d’Ennerstetzung vun der CSV Fraktioun dreiht, an deen matt Secherheet villen Menschen d’Liewen vereinfacht wann se op esou eng „Hellef op veier Patten“ keinten zereckgreifen.
|