Home /

Interventiounen

 

Autres

Interventiounen .

Radio CSV Coopération


„Zesummen“
„Was wir alleine nicht schaffen
das schaffen wir dann zusammen“   sengt den Xavier Naido
an et sin Wierder,
dei zu villen Situatiounen passen mä sie passen virun allem zur Entwecklungpolitik.
Et ass kloer dat Letzebuerg net alleng den Kampf geint d’Uarmut an der Welt ophuelen kann. Dest kann nemmen an engem gudd koordinéierten Zesummespill mat den internationalen Partner, Organisatiounen,  ONG'en an Freiwellegen réaliseiert ginn.
Just op dës Art a Weis kënnen maer un der Hoffnung festhaalen, dat all déi Ziiler, déi maer eis zesummen mat eisen Partnerlänner, den europäeschen an internationalen Grämien gesaat hunn, erfellt kennen gin.
Maer kennen alleguerten  stoltz  sinn op d’Politik, déi vun eiser Regiirung am Beräich vun der Kooperatiounshellef geleescht get, virun allem well maer um internationalen Plang, een emmer mei unerkannten Musterschüler an desem Beräich duerstellen.
Et ass  mat Secherheet eisem Kooperationsminister, Jean Louis Schiltz,   ze verdanken,  an selbstverstaendlech ennert der Leedung vun eisem Premier, dat maer lues mais secher op den 1% vum RNB zu Gonschten vun der Entwecklungshellef zousteieren
Besonnesch flott sin och dei virbildlech Aktiounen, déi eng ganz Partie Gemengen, Schoulen oder soss all meigeleg Organisatiounen, privat Initiativen wou d' Leit  hei am Land zu Gonschten vun der Entwecklungshellef hiren Beitrag leeschten.
Hei ginn vill Projeten zu Gonschten vun der drëtter Welt réaliseiert, an et mierkt een dat esou och eng wichteg Opklärungsuarbescht geleescht gett, besonnesch, bei eisen Kanner , dei vun Ufank un sensibiliseiert gin fir  Suen oder Material, op  Bicher oder Kleeder  ze sammelen fir aner Kanner, dei net esou vill Chance am Liewen haten wei sie selwer.
Am  Juni d’lescht Joer huet d’UNO een Bilan gezunn iwwer d’Efforten déi bis elo gleescht goufen fir déi sougenannten Milenumsobjektiven  ze erfellen.
 Bis d’ Joer 2015 soll d’Proportioun vun deenen, déi mat manner wéi engem Dollar den Daag auskommen mussen an déi déi un Honger leiden em d’Halschent ze reduzéieren.
 Hei geet et och drëms 115 Milliounen Kanner ze scolariséieren, méi efficace géint ustiechend Krankheeten ze kämpfen, d’Kanner an Mammenstierflechkeet ze reduzeieren esou wéi och d’Schafung vun enger globaler Partnerschaft fir d’Entwecklung.
 Trotz e puer ermonternden Entwecklungen, huet hei awer missten festgestallt ginn, dat nach ganz vill ze maachen bleiwt, virun allem am subsahareschen Afrika. Et gouf sech dunn engagéiert fir d’Ustrengungen weiderzeféieren an ze steigeren fir d’ Ziiler déi maer eis gesaat hunn, iwwerhaapt och kennen bis d’Joer 2015 ze ereechen.
An der Débat zur Kooperatioun koum daitlech eraus dat een op ee groussen parteipoliteschen Konsens steisst wat dei excellent Qualitéit vun eiser Kooperatiounshellef ugeet..
Dât klengt Lëtzebuerg ass e Ries fir alles dât wât et am Entwecklungsberaich, bis elo geleescht huet, a waat et sech virgeholl huet an Zukunft nach alles ze leeschten..
 D’Erausfuerderungen, déi sech eis stellen sinn enorm an ech géif maer erloaben een Satz hannert dem Minister seng Saetz ze haenken, dei heen bei senger Introduktioun vum KoopérationsRapport geschriwen
 hued :  „De Kampf géint d’Uarmut ass een alldeeglechen Kampf, deen eis keng Paus gönnt.   Leif Nolauschterer,
.D’Tâche ass immens… mais wann et een Kampf get,
 deen et derwärt ass mat Hartnäckegkeet an Ausdauer ze kämpfen, dann  ass et matt Secherheet, deen heiten.“


 
Ech freeën mech iwert Är Kommentaren,Suggestiounen, Kritik an och Ufroën   

Nancy Arendt
/ post@nancyarendt.lu / Designed by Luxis