Ried Nancy Arendt Débat de coopération 2004
Discussion générale
* Mme Nancy Arendt ( CSV).Här President, Dir Dammen an Dir Hären, all dräi Minutte stierft e Kand un Honger oder un enger
Krankheet an der Drëtter Welt. D'Halschent vun der Mënschheet lieft mat manner wéi Dollar den Dag an et si ronderëm 1,2 Milliarde Mënschen, déi mat manner wéi engem Dollar den Dag sech musse begnüge fir ze iwwerliewen.
An enger Welt, déi sech ëmmer méi fragmentéiert, déi ëmmer méi an eenzel Deeler zerbrécht, a wou de Gruef sech tëschent deenen aarmen a räiche Länner ëmmer méi vergréissert, ass et bluttnoutwendeg, datt och ëmmer méi Solidaritéit gefrot ass, virun allem vun deene Länner, deenen et besser geet, an zu deene gehéiere mir.
De Kooperatiounsminister huet elo grad an enger engagéierter Ried iwwer eis Entwécklungspolitik gewisen, datt hien net fir näischt zoustänneg ass fir dëse Beräich an der Regierung. Ech wëll him am Numm vu menger ganzer Fraktioun Merci soe fir déi Déterminatioun, mat där hien d'Saach vun der Kooperatioun weiderdreift. Grad an Zäiten, wou déi budgetär Mëttelen net méi esou räichhalteg zur Verfügung stinn, ass den Asaz fir d'Entwécklung an der Welt eng nobel Saach, eng déi dat Land, wat pro Kapp weltwäit deen héchste PIB ze verzeechnen huet, och muss verfollegen, well et sech einfach selwer an deenen Aarmen an der Welt dat schëlleg ass.
Eis Kooperatiounspolitik zeechent sech duerch e puer Konstanten aus, déi ech nach eng Kéier wëll ënnersträichen, an d'Haaptelementer vu menger Ried dréine sech och ëm dës Konstanten.
Éischtens besteet praktesch queesch duerch all d'Parteien an der Chamber Eenegkeet iwwert d'Zilsetzung, d'Héicht an d'Ausriichtung vun der Kooperatiounspolitik. Grad well se dach awer eng gréisser Zomm ausmécht, ass dat fundamental wichteg. Fir d'Duerstellung vun eiser Entwécklungspolitik bei de Leit ass et néideg, datt d'Parteien all derhannert stinn an datt et hei keng Trennungslinnen zwëschent Oppositioun a Majoritéit gëtt, op d'mannst net wat d'Prinzipien ugeet. D'Entwécklungspolitik huet nëmmen, och bei de Leit dobaussen, eng Chance wa se verstanen, akzeptéiert, matgedroe gëtt, an dëst selbstverständlech och mat Hëllef vun der Press.
Zweetens ass eis Kooperatiounspolitik virun allem op déi sou genannten Zillänner achséiert, där mer der eng zéng hunn a bei deenen déi Lëtzebuerger Kooperatioun och gespuert an appréciéiert gëtt. D'Zil an d'Politik huet sech bewährt, well mir eis Mëttelen net uechtert d'Welt verspreeën, mä op e puer Plaze konzentréieren, wou eis Politik dann och déi entspriechend Wierkung an Erfolleg kann hunn. Iwwregens ass och dës Konzentratioun op déi zéng Zillänner eng wichteg Viraussetzung fir eng kohärent vernetzten Entwécklungspolitik, vun där de Kooperatiounsminister a senger Deklaratioun geschwat huet.
Drëttens schaffen déi offiziell Instanzen, virun allem de Kooperatiounsministère, mä och den Ausseministère, Finanz-, Gesondheets-a Familljeministère, mat dem Departement vun der Chancëgläichheet, ganz enk mat enger Rei vun net Regierungsorganisatiounen zesummen, déi eis Entwécklungsefforten op ville Plaze verlängeren a verdéiwen. D'Aarbecht vun dësen ONGen ass onheemlech wäertvoll, well duerch si a mat hinnen eis Kooperatioun méi déif gräift a méi breet ka wierken.
Här President, dee gréisstendeels iwwerparteileche Konsens, dee bei der Kooperatiounspolitik ze fannen ass, erlaabt et, datt Lëtzebuerg op sengem Wee weiderfiert, fir seng Entwécklungshëllef lues a lues op e ganze Prozent vun eisem nationale Räichtum eropzeféieren. Ech géif an deem Sënn eng Motioun ofginn, Här President, déi och ënnerschriwwen ass.
Motion 1
La Chambre des Députés,
- considérant le relèvement graduel des moyens budgétaires affectés à la coopération au développement, qui a permis au Luxembourg de dépasser le pourcentage de 0,7 pour cent de son RNB consacrés à l'aide publique au développement fixé comme objectif par l'Organisation des Nations Unies;
- considérant que le pourcentage du RNB luxembourgeois affecté à l'aide publique au développement devra atteindre 0,85 selon le projet de budget pour l'exercice 2005, et que le Gouvernement s'est fixé comme objectif de continuer d'augmenter la part du RNB consacrée à la coopération ;
- considérant que l'aide publique au développement luxembourgeoise est concentrée surtout dans dix pays cibles de coopération situés en Amérique centrale, en Afrique et en Asie du Sud-Est;
- considérant que le principe de la concentration géographique a fait ses preuves dans les pays cibles de la coopération luxembourgeoise, permettant à la contribution luxembourgeoise au développement des pays concernés d'être particulièrement efficaces;
invite le Gouvernement
- à continuer ses efforts budgétaires en vue de relever la part du RNB luxembourgeois affectée à l'aide publique au développement à un pour cent au cours des années à venir;
- à renforcer les efforts de concentration géographique de la coopération luxembourgeoise.
(s.) Nancy Arendt , Marc Angel, Lydie Err, Charles Goerens, Jean Huss.
Am Joer 2004 sti mir elo bei 0,84% vum PIB. Fir 2005 geet dëse Saz liicht erop a wäert bei 0,85% leien. An absoluten Zuelen ausgedréckt, sinn dat ronderëm 200 Milliounen Euro oder 8 Milliarden al Frang. Lëtzebuerg ass weltwäit féierend bei der Pro-Kapp-Ausgab fir d'Kooperatioun. 2004 leie mir hei bei 318 Dollar oder besser gesot bei 246 Euro op all Awunner vu Lëtzebuerg. Global gekuckt si mir eent vu fënnef Länner weltwäit, déi d'UNO-Zil vun 0,7% vum PIB fir d'Entwécklungshëllef erreechen a souguer iwwerschreiden.
Wann een déi rezent Entwécklung an dësem Spëtzepeloton kuckt, da spille mir mat Norwegen zesumme souguer eng gewësse Virbildroll dëst Joer, well mir déi eenzeg sinn, déi de Kooperatiounsbudget trotz der ekonomesch schwiereger Situatioun nach eng Kéier opbesseren. Weltwäit si mir also bei deene Länner fir déi d'Entwécklungshëllef net nëmmen eng nobel Absicht, mä e konkreten Engagement ass, deen all Joer mat genügend budgetäre Mëttelen ëmgesat gëtt.
Déi Lëtzebuerger Kooperatioun ass doriwwer eraus eng sou genannten Nettokooperatioun, dat heescht datt mir fir eis Efforten an den Zillänner näischt en retour verlaangen, ausser der Erfëllung vun enger Partie politische Kritären, déi mat bonne gouvernance ze dinn hunn. Aner Geberlänner, och där am Spëtzepeloton, wéi zum Beispill Schweden, verbannen hiert Engagement konsequent mat der Förderung vun nationale Wirtschaftsinteressen. Dat bedeit, datt d'Zillänner vun der Bruttoentwécklungshëllef sech och an de Geberstaten approvisionnéieren an doduerch en Deel vun der Hëllef nees an dat Land, wat hëlleft, zréckfléisst.
Lëtzebuerg huet dat bis haut nach net gemaach, d'Fro stellt sech allerdéngs, ob et net gutt Grënn kéinte ginn, fir eng gewësse Bruttodimensioun an eis Kooperatioun afléissen ze loossen, do wou dat natierlech méiglech ass, well och eis Wueren an Déngschtleeschtungen op ville Plaze kéinte gebraucht ginn a Lëtzebuerg och déi liwwere kéint. Ech muss awer fundamental soen, an ech fannen dat och richteg a wichteg, an enger Zäit déi esou vill vun Egoismus gepräegt ass, grad just dann eng engagéiert an eng déif gräifend Kooperatiounspolitik ze bedreiwen, déi net nëmmen op Retour kuckt, oder net ëmmer op Retour kuckt oder Géigeleeschtunge verlaangt.
D'Laache vun zum Beispill kapverdianesche Kanner, déi duerch eis Ënnerstëtzung eng anstänneg Ausbildung kënne kréien an eng korrekt Gesondheetsversuergung kënnen an Usproch huelen, ass souwisou net mat iergendenger Géigeleeschtung oder mat enger Geldleeschtung ze bezuelen. An ech ka mir och net beim beschte Wëlle virstellen, datt et méi e schéint Geschenk ampaz gëtt wéi Kanner, déi Freed ausdrécken. Eng Liewensperspektiv huet einfach kee Präis a si kann och net an Euroen oder Dollaren ausgedréckt ginn.
Déi Perspektiven, déi d'Lëtzebuerger Kooperatioun uechtert d'Welt dausende vu Leit gëtt, déi sollen a mussen eis freeën, stolz an houfreg maachen, zëmools well se dach awer eng Hëllef ass, déi mir eis nach gutt kënne leeschten. Dat, mengen ech, gesinn alleguer d'Parteien am Haus esou an dat ass och gutt esou. Et weist, datt mir hei zu Lëtzebuerg, datt mir an der Lëtzebuerger Politik kënne Wichteges a Richteges zesumme maachen, ouni nom Feedback oder Geldintérêt ze kucken.
Här President, d'Zillänner vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef sinn am Regelfall kleng Länner, wou de Lëtzebuerger Engagement och entspriechende Néierschlag ka fannen. Et ass dat erkläertent Zil vun der Regierungspolitik, an d'CSV-Fraktioun ënnerstëtzt dat integral, datt mir virun allem op Plazen aktiv solle ginn, wou eis Kooperatioun en Ënnerscheed mécht. Am Klortext bedeit dat, datt Lëtzebuerg sech net mar esou riseg Länner wéi Indien, Nigeria, Pakistan als Zilland allze gären eraussicht, wou den absolute Montant vun eiser Entwécklungshëllef kaum an d'Gewiicht géif falen, also kaum sech géif bemierkbar maachen. Dat verhënnert selbstverständlech awer elo net, datt Projeten och a gréissere Länner ënnerstëtzt ginn an och musse konkret Bedierfnisser befriddegen, an dat passéiert jo och zum Beispill an Indien, China a Brasilien.
Wéi scho virdru gesot, ass d'Politik vun den Zillänner eng, déi et erlaabt op der Plaz eng kohärent Politik ze erméiglechen a mat där een erkläerten Entwécklungsziler optimal uviséieren an erreeche kann. Dëst Zesummespill ass e wichtegt Element an der internationaler Kooperatiounspolitik ginn, well et ëmmer méi als néideg fir den erhofften Erfolleg vun der öffentlecher Entwécklungshëllef ëmfonnt gëtt.
Entwécklungspolitik ass aus engem Goss, an deem d'Efforte vun deenen, déi ginn, mat den Ustrengunge vun deenen, déi kréien, intelligent vernetzt musse ginn. Genee dës Leitlinne ginn och vun der Lëtzebuerger Kooperatioun verfollegt. Iwwerall do, wou mir aktiv sinn, gëtt un éischter Stell d'Reduktioun an am Idealfall d'Vernichtung vun der schlëmmster Aarmut viséiert. An dat geet nëmmen am Zesummespill vun e puer sektorielle Politiken, déi am Empfängerland vun eiser Hëllef mussen esou ausgeriicht sinn, datt eis Ënnerstëtzung op der Plaz dee beschtméiglechen Effet huet.
Här President, d'Kärelementer vun der Aarmutsbekämpfung sinn d'Entwécklung vum ländleche Raum, d'Sécherung vun der Ernährung, d'Stäerkung vun der Fra sou wéi d'Bildung an d'Gesondheetsversuergung. Am Zesummespill vun dëse Faktoren entstinn d'Grondlage vun enger eegener dynamescher Entwécklung vun deene Gesellschaften, deene mir hëllefe wëllen.
Dës Entwécklung ass och nohalteg orientéiert, an d'Virgoensweis vun der Lëtzebuerger Kooperatioun berücksichtegt och ëmmer ekologesch Aspekter, déi op deene verschiddene Plazen, wou se gräift, relevant sinn.
Mat der Entwécklungshëllef ass et also wéi mat der Politik am Allgemengen, et hänkt villes zesumme mateneen. A wann den Effort vun engem Geberland dozou féiert, datt d'Rad vun der autonomer Entwécklung an engem Zilland un d'Dréie kënnt, dann ass dat d'Grondlag vum Erfolleg. Dësen Erfolleg kann awer nëmmen erziilt ginn, wann am Land, wat gehollef kritt, en éierlecht an e gerecht Verstoe vun der Entwécklungshëllef besteet; e Bewosstsinn, datt d'Entwécklung an d'Weiderentwécklung vun dësem betraffene Land d'éischt Zil vun hirer eegener Politik muss sinn.
An deem Kontext däerfen et keng Extravaganze ginn, an dofir wëll ech just un engem Beispill verdäitlechen, wat d'Cohérence des politiques net ass. Vun deene fënnef Länner, déi iwwer 0,7% vun hirem nationale Räichtum fir d'Kooperatioun opbréngen, sinn der véier, déi erhieflech Beträg an Tansania investéieren. Fir Schweden an Dänemark ass Tansania éischt Empfängerland vun hirer Entwécklungshëllef. Bei Holland an Norwegen steet dëst Land un drëtter Plaz vun de Länner, déi vun hinnen Hëllef kréien.
Virun e puer Woche konnte mir an den Zeitunge liesen, datt d'Regierung vun Tansania awer lo décidéiert huet, fir dem Statspresident e Fliger ze kafe vu 40 Milliounen Dollar. Esou Décisiounen hu selbstverständlech vill Opreegung an och zimlech Roserei ervirgeruff. Et däerf een da wierklech och bezweifelen, datt dëse President sou dringend e Fliger vu 40 Milliounen Dollar - dat sinn eng al Véirels Milliard Frang - braucht. Wann een dës Sue sënnvoll an d'Entwécklung am Land gestach hätt, oder se a Projeten investéiert gi wären, wär der Zukunft vum Land besser gedingt ginn.
(M. Niki Bettendorf prend la Présidence)
Hei gesi mir, datt Geberlänner sech kënnen déi gréisste Méi ginn, fir hir Politik zu Gonschte vun der Entwécklung vun engem Empfängerland zesummefléissen ze loossen, ouni datt d'Regierung vun deem Land sech esou behëlt, wéi et am Kontext vun engem éierlechen Entwécklungseffort misst verlaangt ginn.
Här President, léif Kolleegen a Kolleeginnen, dat, wat ausmécht, fir vun der Lëtzebuerger Kooperatioun als Zilland betruecht ze ginn, oder considéréiert ze ginn, entsprécht net onbedéngt - de Minister huet et virdru scho gesot - enger strikter akademescher Definitioun. Et sinn normalerweis keng allze grouss Länner, mä déi vun der Gréisst hier ongeféier mat Lëtzebuerg vergläichbar sinn an an deene mir mat eiser Kooperatioun och wierklech en Ënnerscheed kënne maachen. Dëst ass ganz däitlech d'Beispill vum Cap-Vert, wou Lëtzebuerg dat éischt Geberland ass a wou iwwerall op hiren Inselen och d'Bewosstsinn herrscht, datt Lëtzebuerg hëlleft, datt Lëtzebuerg, obwuel et wäit ewech ass, eng Hand mat upéckt.
De Cap-Vert huet eng Populatioun, déi ähnlech grouss ass wéi Lëtzebuerg, ronn 420.000 Leit, an och d'Fläch vum Land ass mat 4.000 qkm mat eiser vergläichbar, op alle Fall wat d'Gréisst an d'Bevölkerung ugeet. Eis Kooperatiounsrelatioun mam Cap-Vert ass am Fong en idealtypescht Beispill vu wierksamer Hëllef an engem klenge Land, wou eis Ënnerstëtzung deen Impakt huet, deen eng wesentlech Verbesserung bréngt, an da spiert ee selbstverständlech och d'Dankbarkeet vun dëse Leit.
Ech konnt zwar net mat op de Cap-Vert virun e puer Woche goen, fir mir en eegent Bild vun der Evolutioun vun eiser Entwécklungspolitik do ze maachen, mä ech hu mir awer vun e puer Kolleege soe gelooss, datt eis Kooperatioun do wierklech vill beweegt huet a se och onheemlech appréciéiert gëtt vun de Leit dohannen. Den Här Bausch huet gesot, mir wäre souguer richteg Staren dohannen, an et géife Stroossen no Lëtzebuerger Leit benannt ginn. Ech mengen, dat ass wierklech e schéine Retour.
Anerer vun eisen Zillänner sinn zwar e Stéck méi grouss, mä am weltwäite Verglach nach ëmmer zimlech kleng. Dat ass de Fall zum Beispill fir El Salvador, Nicaragua, Laos, Senegal oder Burkina Faso. Och hei wierkt déi Lëtzebuerger Kooperatioun gutt a spillt an der Gesamtzouwendung, déi dës Länner aus öffentlecher Entwécklungshëllef kréien, eng grouss Roll.
Doraus ënner anerem ergëtt sech och de Sënn fir an den Haaptstied vun dësen Zillänner Kooperatiounsbüroen ze ënnerhalen, an esou Büroe gi viraussiichtlech 2006 zu Ouagadougou am Burkina Faso an zu Managua, der Haaptstad vun Nicaragua, opgemaach. Mat deene Strukture verdäitleche mir nach weider eise Wonsch fir genee ze sinn, wou d'Lëtzebuerger Entwécklungshëllef higeet, wie se erreecht a wéi se wierkt.
Eent vun deenen aktuellen Zillänner, wat vläicht net esou 100%eg richteg an dëst Konzept passt, ass dat vum Vietnam - wann ech dat mol däerf woen ze soen -, vläicht net mol sou onbedéngt wéinst senger Fläch, obwuel et sou grouss ass wéi Däitschland oder Polen, mä virun allem well et 80 Milliounen Awunner huet. Am Vietnam ass selbstverständlech wéi iwwerall eis Ënnerstëtzung schrecklech wëllkomm. An a sou engem grousse Land, wat sech einfach net mam Cap-Vert oder mat El Salvador vergläiche léisst, kënne mir just ni deen nämlechten erstriewenswäerten Impakt erméiglechen, dee bei klenge Länner vill méi schnell ze erméiglechen ass.
Ech wëll dëse Sujet lo net verdéiwen, well ech selwer a meng Fraktioun wëssen, datt eisen Engagement am Vietnam net zur Debatt soll stoen. Ëmmerhi si mir do mat engem Programme indicatif engagéiert, dee mir wëllen honoréieren, andeem mir e spezifesche Büro fir d'Kooperatioun zu Hanoi ageriicht hunn.
Elo sinn eis vill méi Méiglechkeeten do ginn, fir ze jugéieren, wou ee sech vläicht an der Zukunft méi zréckzéie kéint a bei welche Regiounen nach méi e groussen Nohuelbedarf besteet. Ech denken do virun allem un déi méi nördlech biergeg Géigenden, an den Här Minister huet jo och virdru gesot, datt et do effektiv nach Géigende gëtt, wou d'Leit mat manner wéi mat engem Dollar den Dag mussen iwwerliewen.
Här President, jiddferee vun eis kennt bestëmmt Géigenden, wou en et géif wichteg a gutt fannen, fir méi oder manner Engagement ze bréngen, a mir schwieft en eventuellt europäescht Zilland vun eiser Kooperatioun vir. E Land, wat an déi klassesch Definitioun géif passen. Et ass och haut schonn eng gewësse Presenz vun eiser Kooperatioun am Montenegro an op anere Plazen um Balkan, mä net am Kader vun enger eigentlecher Zillandpolitik.
Wa mir tatsächlech eise Kooperatiounsbudget am Verlaf vun de Joren nach weider wëllen no uewen upassen, da wëll ech just mol d'Iddi opbréngen, fir en europäescht Land profitéieren ze loossen, wat och Gemeinsamkeete mat der Lëtzebuerger Gréisst a Populatioun opweist a wat mir vläicht an der Zu-
kunft kéinte méi ënnerstëtzen. Dat kéint zum Beispill Albanien sinn, Moldawien oder Armenien.
Besonnesch an deem leschte Fall ass et jo sou, datt déi verheerend Konsequenze vun deem groussen Äerdbiewen 1987, wat een Drëttel vum Land verwüst hat, nach ëmmer net behuewe sinn. Armenien, mat enger Fläch ongeféier esou grouss wéi d'Belsch, mat ronn dräi Milliounen Awunner, huet als Land e Budget, deen ongeféier esou grouss ass wéi dee vun der Stad Lëtzebuerg.
Et wier e Land, an deem d'Kooperatioun am klassesche Sënn vum Wuert - Ernährungssécherung, Entwécklung vum ländleche Raum, Rehabilitatioun vun der Drénkwaasserversuergung an dem Spidolwiesen - kéint verbonne gi mat humanitärem Engagement, an zwar fir déi Zéngdausende vu Leit, déi nach haut 15 Joer méi spéit wéinst deem Äerdbiewe kee richtegen Daach iwwert dem Kapp hunn a keng adequat medezinesch Versuergung kënnen an Usproch huelen, an dat alles mol net ganz schrecklech wäit ewech vun eis, mä op eisem Kontinent.
Armenien ass och allen offiziellen Definitiounen no en Entwécklungsland, an ech wär frou wann eng Kéier kéint doriwwer nogeduecht ginn, fir och hei ze hëllefen.
En drëtte Volet, dee fir eis Kooperatioun grondleeënd ass, sinn d'ONGen, déi eis offiziell öffentlech Entwécklungshëllef verlängeren a verdéiwen. Et gëtt där Organisatiounen, déi en Agrément vum Kooperatiounsminister hunn. Ech mengen, 79 huet de Minister virdru gesot, a si si bal iwwerall aktiv op der Welt. Hiren Engagement ass zum gudden Deel e benevolen, een, deen also net mat Geld bezuelt gëtt. Hir alldeeglech Aarbechte sinn esou wäertvoll an nobel, dass keng Suen op der Welt hinnen dat zréck kënnte gi wat dës Leit un Zefriddenheet fir sech kënne gewannen duerch hir permanent Leeschtungen, an déi déi nobelst Tâche op der Welt hunn, nämlech déi, de Leit an de Kanner hëllefen ze iwwerliewen.
Ouni deen Engagement vun honnerte vun dëse Leit an de Lëtzebuerger ONGe wier eis Kooperatioun net déi nämlecht an et kënnt vill manner Leit gehollef ginn. Dofir wëll ech hinnen de Merci an d'Unerkennung vu menger ganzer Fraktioun ausdrécken, well dës Leit sinn einfach wonnerbar Botschafter fir eist Land.
D'ONGen hu ganz verschiddenaarteg Hannergrënn. Si kommen aus dem kierchleche Milieu, aus de Gewerkschaften, et sinn Zesummeschlëss vu Medeziner an Ingenieuren asw., a si hunn eng Struktur: de Cercle des ONG de développement, an deem se sech koordonéieren an zesummeschaffen. D'Zesummenaarbecht tëschent den ONGen ass enorm wichteg fir eng koordonéiert Politik kënnen ëmzesetzen. Och wa se selbstverständlech autonom a projektbaséiert operéieren, esou si se dach en Deel vun der gesamter Lëtzebuerger Entwécklungshëllef, déi bestëmmten Ziler verfollegt, bestëmmte Prioritéiten huet a bestëmmte Prinzipie respektéiert. Dat mussen also och esou Organisatioune maachen, wann hir Kontributioun sech kohärent an harmonesch soll an d'Gesamtkooperatioun afügen.
Här President, déi offiziell Lëtzebuerger Kooperatioun iwwert d'Agence ãLux-Development", déi mat hirer konkreter Ëmsetzung befaasst ass, an d'ONGe schaffen all zesummen un der Verwierklechung vun de sou genannte Millenniumsziler fir d'Entwécklung. Et sinn dës Ziler, déi der UNO hir Efforten am Beräich vun der Entwécklung leeden. Aacht Ziler sollen esou weltwäit bis 2015 erreecht ginn. Et sinn dëst d'Reduktioun vun der extremer Aarmut an Honger, d'Sécherung vun enger primärer Ausbildung fir all Mënsch, d'Fuerderung vun der Fra an der Gläichstellung vu Fra a Mann, d'Reduktioun vun der Kannerstierflechkeet, d'Reduktioun vun der Mammestierflechkeet, d'Bekämpfung vun AIDS an aner grousse Krankheeten, d'Ofsécherung vun enger nohalteger Ëmwelt an d'Schafe vun enger globaler Partnerschaft fir d'Entwécklung.
Dat éischt vun dësen Ziler, d'Halbéierung vun der batterer Aarmut bis 2015, kënnt Schätzungen no, seet de Mark Malloch Brown, Administrateur vum Programm vun de Vereenten Natioune fir d'Entwécklungshëllef, dann erreecht ginn, wa pro Joer 100 Milliarden US-Dollar der Entwécklungshëllef zur Verfügung sténgen. Et sinn der awer nëmme ronderëm 50, also ongeféier d'Halschent vun deem wat d'UNO mengt wat fir d'Erreeche vum éischte Millenniumszil gebraucht géif ginn.
Wéi wéineg am Fong méi gebraucht géif gi fir weider ze komme verdäitlecht d'Tatsaach, dass de Moment pro Joer de weltwäite Waffenhandel e Volume vun 950 Milliarden Dollar erreecht, bal 10-mol méi also wéi néideg wär fir honnerte vu Millioune Mënschen op der Welt e liewenswäert Liewen ze erméiglechen.
Wa Länner wéi Amerika, Kanada, Australien, Neuseeland, Japan an anerer, déi der OECD ugehéieren, sech géife Méi maachen, konsequent déi 0,7% vun hirem nationale Räichtum un öffentlecher Entwécklung erunzeschaffen, da wär d'Aarmut an enger eenzeger Generatioun net méi dee brennenden Thema, deen en haut nach weltwäit ass.
Déi Lëtzebuerger Kooperatioun schreift sech an dee globalen Effort zum Erreeche vun dësen Ziler an. Eent ass awer sécher, ouni eng gemeinsam Ustrengung vun alle Länner, deenen Entwéckelten an deene manner Entwéckelten, si se net ze erreechen. Dofir ass am Fong dat aachtent Zil, déi global Partnerschaft fir Entwécklung, déi wichtegst, a si gëtt och de Kader fir déi siwen aner an där se musse realiséiert ginn.
Här President, a ville Länner, och d'Zillänner vun der Lëtzebuerger Kooperatioun, virun allem a Schwaarzafrika, sinn d'Krankheeten e grousst Hemmnis fir all Zort vu gesellschaftlecher Entwécklung. An et kann esouguer esou e schlëmme Faktor sinn, dee ganz Populatioune bedrot. Besonnesch schlëmm sinn hei d'Ravagë vun AIDS an Afrika.
Zënter 1985 sinn an Afrika, südlech vun der Sahara, 15 Millioune Leit un AIDS gestuerwen. 2003 eleng waren et 2,2 Milliounen, an dat sinn der méi wéi Slowenien Awunner huet.
A Botswana zum Beispill sinn haut iwwer 38% vun der Populatioun HIV-infizéiert. A Swasiland sinn et der grad esou vill. Botswana huet eng Liewenserwaardung vun nëmmen 39 Joer. Dat ass e Wäert, dee mir hei an Europa am Mëttelalter haten. Ouni AIDS wär d'Liewenserwaardung am Botswana 72 Joer, an dat ass e Wäert, deen am Moment an Ost-Europa besteet.
De President vu Botswana huet ugesiichts der ongeheier héijer Infektiounsquot vun der Méiglechkeet vun der Ausläschung vun der Natioun geschwat. An d'Infektiounstauxë ginn nach ëmmer net erof. A Swasiland huet sech 2002 an 2004 de Prozentsaz vu gutt 34 op bal 39% erhéicht. Dëst ass eng immens grouss Erausfuerderung fir d'Politik op allen Niveauen, virun allem wann et ëm d'Versuergung vun Infizéierte mat antiretrovirale Medikamenter geet. Duerch esou Medezin kéint de Virus a senger Entwécklung gestoppt ginn an den Ausbroch vun AIDS selbstverständlech och, en Ausbroch, dee bal ëmmer déidlech ennt. Dës Medikamenter kaschten awer Geld, Geld, wat vill afrikanesch Staten dacks net hunn. An trotzdeem muss eppes ënnerholl ginn, fir d'AIDS-Epidemie an Afrika ze stoppen, wann net e ganze Kontinent soll an d'Nuecht vum Liewen antrieden.
Selbstverständlech ass dëst eent vun de Millenniumsziler an dobäi soll eist Land hëllefe wou et kann. An ech si wierklech frou, dass de Minister a senger Ried ugedeit huet an och nach an deenen nächste Woche weider wëllt an den Detail goe wéi en dat wëllt maachen.
Ech wëll net am Detail op all eenzelt vun deenen anere Millenniumsziler agoen. Si si grouss a si sinn déi brennend Erausfuerderunge vun der Entwécklung an eiser Zäit. Mä eppes läit mer schonn déi ganz Zäitchen um Mo, an och wann et a sengen Dimensioune vläicht net grad richteg hei an de Kader passt, wëll ech trotzdeem e puer Wierder an deem Kontext erwähnen.
Als Fra an och als Mamm fannen ech et einfach schrecklech, dass et ënner eise Kooperatiounslänner nach Länner gëtt, wou d'Beschneidung vun de Meedercher massiv weidergefouert gëtt, virun allem am Mali. Wann tatsächlech nach dräi vu véier Mammen et fir néideg fannen hir Meedercher ze verstümmelen op eng medezinesch an hygienesch Aart a Weis, déi net mënschewierdeg ass, da kënne mir dat einfach net méi esou akzeptéieren. Hei wënschen ech mer wierklech, dass d'Efforten ënnerstëtzt gi fir weider ze sensibiliséieren an ze informéieren, wat fir een absoluten Onsënn dëse Ritual ass, deen hei nach bei iwwer 90% vun de Meedercher duerchgefouert gëtt. An ech hoffen, dass eis Leit um Terrain net midd ginn, dës onméiglech Prozeduren esou gutt et nëmme geet ze ënnerbannen.
Selbstverständlech sinn do déi aner Millenniumsziler wéi d'Kannerstierflechkeet, d'Stierflechkeet vun der Mamm während der Schwangerschaft a kuerz no der Gebuert, ustiechend Krankheeten, d'Zerstéierung vun eiser Ëmwelt; déi grouss Géigner vun de Mënschen am 21. Jorhonnert. Hinne musse mer eis zesumme stellen, well et geet ëm eis Welt, ëm déi ganz Welt, ëm déi eenzeg Welt.
Entwécklung am ganze Sënn vum Wuert ass net nëmmen eng Affär vun deenen aarme Populatiounen a Schwaarzafrika, Asien oder Latäinamerika. Et ass eng Affär vun eis alleguerten. Virun allem d'Beispill vun der nohalteger Ëmwelt verdäitlecht dat op eng dramatesch Manéier.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wann déi global Erwäermung esou weidergeet, da verschwanne ganz State vum Globus. D'Mieresspigele steige stänneg, well d'Pole schmëlzen, Inselstate wéi d'Malediven an anerer, virun allem am Pazifik, ginn an deenen nächsten 20 Joer, wa sech näischt un der Evolutioun ännert, einfach esou ënner. Si verschwannen ënnert dem Waasser, si halen op ze existéieren, an dorunner si mir Mënsche schold, genee wéi um Verschwanne vun den Alpengletscher. Aacht vun néng Stéck sinn amgaangen zréckzegoen, an an der Schwäiz, hunn ech virgëschter um Radio héieren, hunn d'Gletschere schonn e Punkt erreecht, wéi en eréischt fir 2025 virgesot gi war.
Dobäi kënnt dat bedrolecht Zouhuele vun den Naturkatastrophen, dat mir an deene leschte Joren ze verzeechnen hunn. A wa mer all wëllen zesummen iwwerliewen, wa mir net wëllen tëschent Stierm an Iwwerschwemmungen an Äerdbiewen eist Liewen ofschléissen, da brauche mir e globaalt Bewosstsinn a mir musse Verännerungen akzeptéieren, déi néideg sinn. Net nëmmen am tropesche Bësch, mä och an eisem, net nëmmen am Energieverbrauch vun den asiateschen Entwécklungslänner, mä och an eisem.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech kommen zum Schluss. Déi Lëtzebuerger Kooperatioun ass eng Saach, déi eis all an der Chamber um Häerz läit, déi grouss Erfolleger ze verzeechnen huet an déi mir zesumme wëlle weiderféieren, verdéiwen a verbesseren. Si brauch entspriechend budgetär Mëttelen an um Wëlle vun der Regierung - hu mer jo virdrun héieren -, déi zur Verfügung ze stellen, huet sech näischt geännert. Dat begréisse mir mengen ech alleguerten heibannen. Mir sinn a mir bleiwen am Spëtzepeloton vun de Geberlänner an der internationaler Kooperatioun. Dat ass e staarkt Zeeche vu Solidaritéit mat deenen déi näischt oder guer net vill hunn an deene mir e bësse weider wëlle ginn. Et ass déi konsequent Politik vun engem Land, wat et mat der Solidaritéit eescht mengt, wat no bannen an no baussen e Sënn dofir huet, dass et Ongerechtegkeete ginn a wat dobäi hëlleft se ze behiewen.
Mir brauchen och an dëser Zäit de Sënn dofir, dass d'Entwécklung eppes ass wat eis all, direkt a permanent ugeet. Et gëtt net eis Welt, déi räich an déi schéin, an dann nach eng aner, eng aarm an eng ellen, et gëtt nëmmen eng an an där liewe mir all zesummen a mir musse se zesumme verbesseren an dauerhaft liewenswäert maachen.
Ech soen Iech Merci.
* Plusieurs voix .- Très bien.
* M. le Président .- Merci, Madame Arendt . Den nächste Riedner ass den Här Charles Goerens. Dir hutt d'Wuert, Här Goerens.
|