Anti Tubak Gesetz ! ;) Endlech …och zu Lëtzebuerg ! RTL Radio
Et sin elo bal 3 Meint hier datt daat neit Antifëmmgesetz an Kraft ass. Seelen ass an de leschten Jooren iwer en Thema esou emotionell diskutéiert gin ewéi dëst, an daat nët nëmmen op der politescher Bühn, mais och iwwerall soss am Land. Daat ass an sech jo och net verwonnerlech well bei dësem Gesetz, jidder Eenzelnen vun eis betraff ass, esouwuel de Fëmmert, ewéi och den Nët-Fëmmer. An et as och kloër datt jiddereen seng Interessen verteidegt an op séng Fräiheeten besteet.
Et ass also keen Geheimnis datt dëst Gesetz fir vill Leit vun enormer Wichtegkeet ass, net nëmmen well mir all dovunner betraff sin mä virun allem well et hei em daat wichtegst Kapital geet daat mir alleguerten hun, eis Gesondheet !
Dräi véirel vu de Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen, fëmmen nët an e groussen Deel vun hinnen hun méi oder manner matt Ongedold op daat neit Antifëmmgesetz gewaart. Dëst Gesetz, daat haaptsächlech zum Schutz virum passiven Femmen soll déngen an daat am Koalitiounsaccord vun CSV an LSAP fest verankert war, soll op keen Fall bedeiten, datt déi Leit déi gäeren un desem Glimmelstengel zéihen, dëst sollen verbueden kréien. All Fëmmert huet weiderhin d’Recht esou vill Zigaretten, weider ze konsuméieren wéi hien wëll, et gin eben elo just verschidden Aschränkungen, wou een desst net méi därf.
Et ass eis bei desem Gestetz haapsächlech em de Schutz vun denen gangen, dei nët indirekt mattfëmmen wëllen.
Kanner a Jugendlecher an jiddfereen den virum passiven Anootmen vun desem medizinesch nogewisenen schiedlechen Tubaaksdamp an der Zukunft wëll geschützt gin an nët méi vun den négativen Konsequenzen belästegt gin. Rezent Statisken hun et an de leschten Jooren ëmmer erëm ënnerstrach an engageiert Mediziner schloen Alarm fier op d’ Risiken vun Longenkriebs , cardiovasculairen Probleemer, Allergien bei Kanner, Fréihgebuerten bis hin zur Méigelechkeet vum freihen Kanner doud , net doduerch well een selwer fëmmt mä duerch passivt fëmmen hingeweisen.
No Amerika , Australien, Neuseeland an 18 vun den EU-Länner, hued och endlech Lëtzebuerg sech elo matt dem neien Gesetz e gesonden Ruck gin, an en Text op d’Been gesaat, deen den negativen Konsequenzen vum Tubaak aktif entgéint wierkt.
An Däitschland stierwen all Joër ronn 140.000 Mënschen un de Konsequenzen vum Fëmmen, daat sin der wäit méih, ewéi duerch Alkohol, Aids, Heroin an Accidenter am Strossenverkeier zesummen.
Mëttlerweil huet jiddereen verstaanen wourems et geet, an och passionnéiert Fëmmerten sin séch bewosst waat fier engem Risiko se sech aussetzen. Als Fëmmert muss een sech awer och bewosst sin, datt een och séng Mattmenschen dësem Risiko aussetzt an dowéinst ass et wichteg datt vis-à-vis vun den Nët-Fëmmerten eng gewëssen Rücksicht geholl gët.
Aus enger Ilres Emfro, déi am Optrag vun der „Fondation luxembourgeoise contre le cancer“ gemach gouf, geet däitlech ervir datt et grad déi Jonk sin déi fëmmen. Virun allem jonk Männer, tëschend 18 an 24 Joër leien un der Spëtz vum Peloton vun de Fëmmerten. Ganzer 48 Prozent vun hinnen fëmmen schon an esou jonkem Alter. Bei de Fraen ass et déi selwecht Alterskatégorie, déi deen hechsten Taux opweist, sie kommen op 33 Prozent. Dowéinst as ët an dësem Gesetz och haaptsächlech ëm d’Sensibiliséierung gaang, an daat virun allem vun den Jonken. Si sollen motivéiert gin, fier nët matt Fëmmen unzefänken, da mussen se séch spéiderhin nët quälen fier domatt opzehaalen.
Et ass matt Secherheet nach net en idealt an komplett Gesetz, mä et ass en Schrëtt an déi richteg Richtung. A méngen Aan gët et hei nach Méigelechkeeten fier de Schutz virum Passivfëmmen auszebauen…aner Länner machen et vir…brauch een nëmmen un d’Discoen ze denken , grad do wou vill Jugendlecher sech ophalen an och unfänken matt fëmmen.
Dëst Gesetz ass emol en Ufank , matt deem mir op verschiddenen Platzen méih eng gesond an dampfräi Zukunft kënen garantéieren. Et ass hei wéi esou oft an der Politik: matt klengen Schrëtt kënnt een och an d’Ziel, an hei ass ganz kloër mol een guden an gesonden Ufank! E schéint an virun allem e gesond néit Joer wënschen ech Iech.
Nancy Arendt ép Kemp
|