Ried Nancy Arendt Fractiounsspriecherin CSV Coopération 2006
Débat sur la politique de coopération et d'action humanitaire Page 333
Mme Nancy Arendt (CSV).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
"Was wir alleine nicht schaffen Das schaffen wir dann zusammen Dazu brauchen wir keinerlei Waffen Unsere Waffe nennt sich unser Verstand Und was wir alleine nicht schaffen Das schaffen wir dann zusammen Nur wir müssen geduldig sein Dann dauert es nicht mehr lang",
séngt de Xavier Naidoo am Refrain vun engem vu senge ville schéine Lidder. Et si Wierder, déi zu ville Situatioune passen. Mä, Här President, all Kéiers wann ech dëst Lidd héieren, dann denken ech speziell un d'Entwécklungspolitik.
Et ass kloer, datt Lëtzebuerg net eleng de Kampf géint d'Aarmut an der Welt ophuele kann, mä datt dëst nëmmen an engem gutt koordinéierten Zesummespill mat den internationale Partner, Organisatiounen, ONGen a Fräiwëllege realiséiert ka ginn. Just op dës Aart a Weis kënne mer un der Hoffnung festhalen, datt mer all déi Ziler, déi mer eis zesumme mat eise Partnerlänner, den europäeschen an den internationale Gremië gesat hunn - Ziler wéi d'Millenniumsobjektiver, Verhandlungen am Kader vun der OMC, d'Festhalen un engem gewëssene Prozentsaz vum RNB zu Gonschte fir d'Entwécklungshëllef -, erfëlle kënnen.
Léif Frënn, et ass fir mech eng grouss Éier, an ech sinn och dankbar, datt ech haut am Numm vun eiser Fraktioun un dëser Debatt däerf deelhuelen, un där hirer Wichtegkeet, mengen ech, kee Mënsch heibannen zweifelt. Mir kënnen alleguerte stolz sinn op d'Politik, déi vun eiser Regierung am Beräich vun der Kooperatiounshëllef geleescht gëtt, virun allem awer, well mer um internationale Plang een ëmmer méi unerkannte Musterschüler an dësem Beräich duerstellen.
Dëst kënnen nach laang net vill Länner vu sech behaapten, an ech wollt op dëser Plaz besonnesch dem zoustännege Minister, dem Jean-Louis Schiltz, villmools Merci soe fir seng virbildlech Aarbecht iwwert déi lescht Joren.
D'Entwécklungshëllef ass fir hien zu enger richteger Erausfuerderung ginn, déi hien, sief et am Gespréich mat sengen Homologen, sief et a sengen Déplacementer um Terrain oder sief et a senger alldeeglecher Aarbecht um Ministère, versicht weider no vir ze dreiwen. Duerch säin Asaz ass déi lëtzebuergesch Entwécklungshëllef méi present wéi jee an eise Medien, an hie bréngt et fäerdeg, de Leit dobaussen d'Wichtegkeet vun dëser Aarbecht ze erklären a se dofir ze sensibiliséieren.
Et ass och mat Sécherheet sengem Engagement ze verdanken, natierlech an Zesummenaarbecht mat senge Regierungskolleegen, a selbstverständlech ënnert der Leedung vun eisem Premier, datt mir lues awer sécher op den 1% vum RNB zu Gonschte vun der Entwécklungshëllef zousteieren, wou mir weltwäit am Spëtzepeloton leie vun deene Regierungen, déi prozentual am héchste leien. An hien ass gëschter nach eng Kéier drop agaangen, datt mer am Joer 2007 bei 0,9% leien.
Op internationalem Plang louch Lëtzebuerg am Joer 2005 - an ech baséiere mech op dee leschte Kooperatiounsrapport, dee mer virleien hunn - op fënnefter Plaz an huet en "Rekordmontant" vun 207.387.692 Euro zu Gonschte vun der Entwécklungshëllef erreecht, wat dann och 20 Millioune méi si wéi dat Joer virdrun.
Ech mengen, et ass net néideg vill Wierder iwwert d'Qualitéit vum leschte Kooperatiounsrapport vun 2005, dee mer virleien hunn, ze verléieren, dee vun der Opdeelung hier, wéi awer och vun de verschiddene Kapitelen hier, wéi awer och - an dat ass jo dat Wichtegst - vum Inhalt hier exzellent ass.
Dofir wéilt ech am Numm vun der CSV profitéieren, fir all déi Leit ervirzehiewen, an zwar sinn dat d'Mataarbechter vum Ministère, och déi vu Lux-Development an all den ONGen, déi entweder vun hei aus oder direkt vum Terrain aus matgehollef hunn, datt dëse Rapport iwwerhaapt zustane konnt kommen. Et ass jo dee Rapport, dee mir als Base hunn, fir d'Entwécklungshëllef, déi geleescht ginn ass, besser kënnen ze jugéieren.
Och wann de Minister manner dorobber agaangen ass, wäert ech als Spriecherin vun der CSV dat dann e bësse méi maachen a mech och mat deene Sujete beschäftegen, déi mir e bësse méi um Häerz leien, an duerno dann op seng Deklaratioun vu gëschter agoen.
Op dëser Plaz ass et och emol eng Kéier néideg ze erwähnen, datt trotz dem Fakt, datt d'Entwécklungshëllef oft enger Sisyphusaarbecht gläichkënnt, et dobaussen dausende vu Leit gëtt, déi sech dëser nobler Aufgab widmen a sech dagdeeglech dofir asetzen, fir de Misär an der Welt ze verréngeren.
Här President, grad dat sinn déi Mënschen, fir déi ech en onheemleche Respekt hunn. Et si si, déi konkret a schwéier Aarbecht entweder direkt um Terrain leeschten oder sech dofir asetzen, déi néideg Spenden zesummenzesammelen, fir iwwerhaapt kënnen Entwécklungshëllef ze leeschten. All Eenzelne vun dëse Leit dréit säin Deel dozou bäi, an et ass engem oft net bewosst, wat dës engagéiert Leit fir Risiken op sech huelen.
Dat fält engem besonnesch op, wann een emol an esou aarm Länner reest an d'Wierklechkeet um Terrain matkritt, an et net nëmmen aus de Medien oder de Rapporte verfollege kann. Et beréiert een anescht, wann een esou wéi si um Terrain present ass a wann ee gesäit mat wat fir Situatioune vill Mënschen zur heiteger Zäit all Dag kämpfe mussen, fir einfach nëmmen ze iwwerliewen. Mir kënnen eis et an den industrialiséierte Länner guer net méi virstellen, oder besser gesot, mir hunn oft keng Relatioun méi dozou.
Besonnesch flott sinn och déi virbildlech Aktiounen, déi eng ganz Partie Gemengen, Schoulen oder soss all méiglech Organisatiounen duerchféieren, privat Initiativen, wou d'Leit hei am Land zu Gonschte vun der Entwécklungshëllef hire Bäitrag leeschten. Hei ginn all méiglech Projeten zu Gonschte vun der Drëtter Welt realiséiert, an et mierkt een, datt och esou eng wichteg Opklärungsaarbecht geleescht gëtt, virun allem bei eise Kanner, déi vun Ufank u sensibiliséiert gi fir Suen, Saachen, Material, Kleeder oder Bicher ze sammele fir aner Kanner, déi eben net esou vill Chance am Liewen hate wéi si selwer.
Ech wollt dann awer och nach d'Geleeënheet wouerhuelen, fir déi nëtzlech Aarbecht vun eiser Press am Beräich vun der Entwécklungshëllef ze ënnersträichen. Ech mengen, et brauch een hei net méi am Detail anzegoen op d'Wierkung an d'Wichtegkeet vum sougenannte CNN-Effekt fir d'Sensibiliséierung vun de Leit dobaussen.
Déi Biller, déi mer vum Tsunami vermëttelt kritt hunn, hunn den Impakt kloergemaach, deen d'Press kann op d'Spenden hunn. Dofir och hei vun eiser Säit, vun der CSV-Säit, Merci, well dat war jo och eng vu mengen Ureegungen dat lescht Joer, fir méi intensiv a konsequent mat Hëllef vun interessanten Artikelen, Photomaterialen a Berichter op déi International Deeg ze schwätzen ze kommen. Ech mengen, dat ass ganz kloer geschitt. Esou kann een och dobaussen d'Leit nach méi fir d'Entwécklungshëllef sensibiliséieren.
U leschter Stell wollt ech dann awer nach eng ganz besonnesch Madame erwähnen, déi sech zënter Laangem fir d'Kanner a speziell d'Meedercher als Ambassadrice de bonne volonté bei der UNESCO an der Welt asetzt. Net méi spéit wéi d'lescht Woch huet eis Grande-Duchesse déi grouss Éier elo och nach den Titel vun der "Eminent Advocate for Children" vun der Unicef verleet kritt. Eis Grande-Duchesse ass hannert der Kinnigin Rania vu Jordanien déi zweet Perséinlechkeet, déi dës Auszeechnung kritt.
Mir sinn iwwerzeegt, datt eis Grande-Duchesse dës Aufgab mat all hirer Energie an hirer Léift fir d'Kanner wäert wouerhuelen an elo nach méi wéi virdrun d'Attentioun op déi Problemfelder dirigéiert, déi oft vergiess ginn: déi vun de Weesekanner vum Aids an déi vun de Kannerzaldoten. An, Här President, ech wäert, wann Dir erlaabt, selwer méi spéit a menger Ried, wéi schonn an all deene Riede virdrun zu dëser Debatt, och erëm méi speziell op dës Thematik agoen.
Här President, am Juni d'lescht Joer huet d'UNO e Bilan gezunn iwwert d'Efforten, déi bis elo geleescht goufen, fir déi sougenannte Millenniumsobjektiver bis d'Joer 2015 ze erfëllen.
D'Millenniumsobjektiver, déi als Zil hunn, bis d'Joer 2015 d'Proportioun vun deenen, déi mat manner wéi engem Dollar den Dag auskomme mussen, an deenen, déi un Honger leiden, ëm d'Halschent ze reduzéieren. Hei geet et och drëms, 115 Millioune Kanner ze scolariséieren, méi effikass géint ustiechend Krankheeten ze kämpfe souwéi och d'Entwécklungshëllef vun deenen eenzelne Länner eropzeschrauwen.
Trotz e puer ermonternden Entwécklungen huet hei awer misse festgestallt ginn, datt nach ganz vill ze maache bleift, virun allem am subsahareschen Afrika. Et gouf sech dunn engagéiert fir d'Ustrengunge weiderzeféieren an ze steigeren, fir d'Ziler, déi mer eis gesat hunn, iwwerhaapt och kënne bis d'Joer 2015 ze erreechen.
Et ass jo erfreelech, datt sech eng Reduzéierung vun der Aarmut um asiatesche Kontinent bemierkbar mécht, an et ass och e bessert Besiche vun de Primärschoulen amgaangen, a lues awer zaghaft eng Promotioun vun de Fraen op der Aarbecht an an de politeschen Instanze souwéi och e ganz liichte Réckgang vun der Entbëschung.
An trotzdeem ziele mer am Joer 2005 nach ëmmer 1,2 Milliarde Leit, déi mat manner wéi engem Dollar auskomme mussen, 13 Millioune Kanner, déi net an d'Schoul ginn, eelef Millioune Kanner, déi all Joer stierwen, eng Milliard Leit, déi keen Zougang zu propperem Waasser hunn, 38,6 Millioune Leit, déi mat Aids infizéiert sinn, géint 36,2 Milliounen am Joer 2003.
Derbäi kënnt nach, datt bei all 48. Kéier eng Mamm d'Gebuert vun hirem Kand mam Liewe muss bezuelen, an zwee Drëttel vun den Analphabete Frae sinn, an datt 80% vun de Flüchtlinge Fraen a Kanner sinn.
Am Rapport, deen zur Geleeënheet vun dësem Tëschebilan erauskomm ass, ginn dann och d'Effortë vun deene räiche Länner notéiert, mä et gëtt ganz däitlech hei ënnerstrach, datt just fënnef Länner d'Objektiv, dat vun der UNO festgeluecht gouf, fir 0,7% vum BIP der Entwécklungshëllef ze widmen, erfëllt hunn, an zwar sinn dat Dänemark, Holland, Norwegen, Schweden an och Lëtzebuerg.
Et ass erfreelech festzestellen, datt de Millenniumsobjektiver an eiser Entwécklungshëllef eng kruzial Roll zoukommen. Si zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch dee ganze Rapport, a virun allem léisst sech Lëtzebuerg souguer méi spezifesch vun de Millenniumsobjektiver guidéieren, wann et dorëms geet, se an de lokale Kontext vun eisen Zillänner ëmzesetzen oder soss Programmer vun internationalen Organisatiounen an dësem Kontext ze ënnerstëtzen.
Här President, fir op de Kooperatiounsrapport zréckzekommen, dee mer virleien hunn, wollt ech virun allem déi exzellent Qualitéit vun eiser Kooperatiounshëllef ervirsträichen. Niewent deene puer Haaptachsen, op deenen eis Kooperatiounshëllef baséiert, wéi d'Gesondheet, d'Waasser a seng Sanéierung souwéi och d'Educatioun, gesäit ee ganz däitlech, wéi sech eise Kooperatiounsminister dorop konzentréiert, ze versichen, eisen Zillänner eng individuell ugepassten Hëllef zoukommen ze loossen, déi de Bedierfnisser vun deene verschiddene Länner entsprécht. Esou gëtt versicht, datt déi Hëllef, déi mer leeschten, och hir Friichten dréit, an datt sech doduerch dat betreffend Land weiderentwéckele kann.
Mir befannen eis am Moment an der Phas vun der Erneierung vun eisen indikative Kooperatiounsprogrammer, déi eis Kooperatioun mat eisen Zillänner encadréiert. Dës Programmer, vun der zweeter Generatioun, si mëttlerweil schonns mat deene verschiddenen Zillänner verhandelt ginn oder um Punkt et ze ginn.
Wat engem hei besonnesch opfält ass, mat wat fir enger Genauegkeet déi éischt Programmer elo ënnert d'Lupp geholl ginn an evaluéiert ginn, fir och kënne sécher ze sinn, datt déi nei Programmer nach méi effikass sinn.
Hei gesäit ee wierklech, datt konkret versicht gëtt, aus eventuelle Feelschätzungen ze léieren an d'Kooperatiounshëllef nach méi prezis de Bedierfnisser vun den eenzelnen Zillänner unzepassen.
Här President, ech mengen, et ass net néideg nach eng Kéier am Detail op déi grouss a wichteg Evénementer am Beräich vun der Entwécklungshëllef vum Joer 2005 zréckzekommen, well ech dëst schonn dat lescht Joer op dëser Plaz gemaach hunn, a well mat Sécherheet haut zum Beispill nach ëmmer keen déi schrecklech Katastroph vum Tsunami an Asien vergiess huet, wéi awer och déi vill staark Momenter, déi dat Joer ze verbuchen hat, besonnesch fir eist klengt Lëtzebuerg, dat jo vu Januar bis Juni 2005 d'Chance hat, de Conseil vun der EU ze presidéieren.
Mat vill Fangerspëtzegefill huet eise Minister et fäerdeg bruecht, d'Revisioun vum Cotonou-Accord ofzeschléissen a virun allem zu engem Accord ënnert den EU-Memberstaten ze kommen, wat de Prozentsaz vum BIP zu Gonschte vun der Entwécklungshëllef ubelaangt.
Mir wësse jo, datt d'Memberstate sech engagéiert hunn, fir de Prozentsaz vum BIP zu Gonschte vun der Entwécklungshëllef op 0,56% bis d'Joer 2010 an op 0,7% bis d'Joer 2015 ze hiewen, fir kënnen d'Objektiver vun der UNO ze erfëllen.
Ech géif et och hei emol interessant fannen, fir ze analyséieren, wou all eis EU-Staten elo mat hirem Prozentsaz dru sinn an ob se dann och elo wierklech bei hinnen all progressiv eropginn. Oder weess eise Minister vläicht dozou méi?

huet, sech ze emanzipéieren. Déi gewënschten Diversifikatioun, d'Kompetitivitéit an den erwaartene Wuesstum vun den ACP-Länner hunn op sech waarde gelooss.
D'EU wëllt elo méi op Diversifikatioun vun de Wirtschafte souwéi och op eng méi regional Approche setzen, a mir hoffen, datt dës regional Integratioun gelénge wäert. Et ass nämlech kruzial no Mëttelen ze sichen, déi et erlaben, parallell zu den traditionellen Handelsweeër, déi vun Norden no Süde lafen, nei Handelsweeër ze schafen, déi vu Süden no Süde lafen.
Während d'Échangë mat der EU den Haaptdeel vum Commerce vun dësen ACP-Länner ausmaachen, sinn déi regional Échangë vernoléissegt ginn a quasi inexistent. Déi regional Integratioun ass amstand, fir de lokalen Handel no vir ze dreiwen a fir méi grouss Mäert ze schafen.
D'Ewechhuele vun den Hindernisser tëschent den Nopeschlänner an d'Schafe vun enger richteger Integratioun wäerten déi kommerziell Echangë bevirdeelegen an de wirtschaftleche Wuesstum stimuléieren.
De regionale Maart, dee geschaf soll ginn, wäert hoffentlech méi attraktiv ginn, an Investissementer vu baussen unzéien.
Esou kann een an dësem Kontext och d'Initiativ vun der EU vum euro-afrikanesche Partenariat am Beräich vun den Infrastrukture besonnesch ervirhiewen.
Duerch dëst Partenariat engagéiert sech nämlech d'Europäesch Unioun, d'Interkonnexiounen um kontinentale wéi och um regionalen Niveau am Beräich vum Transport (Schinnen, Stroossen, Flughäfen, Häfen) - ech mengen de Louis Michel, wéi mer d'Éier haten, datt de Kommissär vun der Entwécklungshëllef hei zu Lëtzebuerg war, ass méi am Detail dorobber agaangen -, wéi awer och vum Waasser a senger Sanéierung, der Energie an, ganz wichteg, den Informatiouns- a Kommunikatiounstechniken eng enorm Wichtegkeet zoukommen ze loossen.
Dës Initiativ kënnt sécher der regionaler Entwécklung vum afrikanesche Kontinent zegutt, deen dës méi wéi dréngend brauch, fir sech iwwerhaapt weiderentwéckelen ze kënnen.
Här President, et gëtt nach esou vill Saachen op déi ee misst agoen. Ech denken zum Beispill un déi aktuell Doha-Ronn, déi am Moment nees an der Sakgaass stécht an déi agelaut gouf fir ebe grad d'Entwécklung vun den Entwécklungslänner, déi am mëttelloosten dostinn, ze förderen.
Ech denken, datt et am Intérêt vu jiddferengem ass, fir d'Échangen ze liberaliséieren andeems gemeinsam Regelen opgestallt ginn, déi dës encadréieren. All déi Länner, déi dëst bis elo gemaach hunn, haten duerno besser Wuesstemschancë wéi déi, déi sech hannert all méiglech Protektioune verstoppt hunn.
Solidaritéit heescht unerkennen, datt net all Land déi nämlecht Capacitéiten huet fir ze exportéieren, an datt ee Konditioune schafe muss, fir grad dëse Länner ënnert d'Äerm ze gräifen. Dës Solidaritéit muss dann awer och vun deenen entwéckelte wéi och opstriewende Länner, wéi China, Indien oder Brasilien, gedroe ginn.
Ech fäerte wa mer et net fäerdeg bréngen, zu engem Accord ze kommen, d'Konsequenz heivunner wäert sinn, datt déi grouss Handelsmächt vun der Welt op bilateral Accorden zréckgräife wäerten, wat se elo scho maachen, an zwar mat deene Länner a Regiounen, déi si bevirdeelege wëllen.
Dëst bréngt da mat sech, datt déi äermst a mëttelloost Partië vun der Welt, an ech denken hei virun allem un den afrikanesche Kontinent, nees benodeelegt wäerte ginn. Esou eng Strategie schuet ganz kloer deenen aarme Länner, déi net staark genuch si fir den Demandë vun deenen entwéckelte Länner resistéieren ze kënnen an hei net kënne mathalen.
Ee Beispill ass dat aggressiivt Verhale vun de chinesesche Firmen am Fëschberäich, déi virun e puer Woche virun der Küst vun Neiguinea deene klenge Fëscherbooter d'Fësch virun der Nues erausfëschen, fir se dann un d'Kanaresch Inselen ze verkafen. Ech wëll mer net ausdenken, datt et elo Firmen aus Europa sinn, déi sech esou bëlleg Fësch verschafen.
Esou bleift ze hoffen, datt um internationale Plang déi néideg Efforten ënnerholl ginn, fir d'Négociatioune vun der Doha-Ronn am Kader vun dësem eenzegaartege Konzertatiounsforum tëschent den industriellen, émergenten an Entwécklungsnatiounen nees opzehuelen, an datt mer et fäerdeg bréngen zu engem Accord ze kommen.
Et misst een och nach op de Klimaschutz agoen, en Thema mat deem ee sech schonn eleng e ganzen Dag kéint beschäftegen, mam Bezuch speziell op d'Entwécklungslänner, déi och erëm hei am meeschte betraff wäre bei dëser Debatt. Mä leider ass meng Zäit limitéiert an esou versichen ech op e Schluss ze kommen.
Ech kann awer net ophalen ouni e puer Wuert iwwer ee Beräich ze verléieren, dee mech vum éischte Projet u faszinéiert huet, an dat ass dee vun der Mikrofinanz.
Här President, et ass mat Sécherheet net fir näischt, datt den dësjoregen Nobelpräis un de Mohammed Junus, och bekannt als de Banker vun deenen Aarmen, gaangen ass. Säit 30 Joer organiséiert de Jong vun engem Goldschmadd aus Bangladesch kleng Kreditter fir bedürfteg Mënschen, déi versiche sech selbstänneg ze maachen. Seng éischt Clientë waren 42 aarm Leit, déi zesumme 27 Dollar gebraucht hunn. Bis haut konnt de Junus véier Milliarden Euro verginn an huet eng Réckzuelquot vun 99%. De 66-jährege Junus huet de Prinzip vun der Mikrofinanz an d'Liewe geruff a verhëlleft esou deenen Äermsten ënnert deenen Aarmen aus dem Däiwelskrees ze entfléien an eng onofhängeg Existenz opzebauen.
Dem Junus seng phantastesch Iddi gëtt haut weltwäit kopéiert an dréit och hei zu Lëtzebuerg hir Friichten. Nom internationale Joer vun der Mikrofinanz am Joer 2005 an nodeems den Nobelpräis dem Papp vun der Mikrofinanz zougesprach gouf, ass dëse Secteur méi wéi jee an allermanns Mond. De Philippe Onimus, President vun der ADA, mengt, datt dëse Prinzip zu enger gewëssener Dynamik an der Entwécklungswelt bäidroe wäert.
Bei der Fréijoerskonferenz vum Investmentfondsverband war fir déi éischte Kéier Rieds vun engem Qualitéitslabel fir esou Fongen.
Mëttlerweil ass mat dësem Label "Luxflag" e Sigel geschafe ginn, deen dëse Fong zousätzlech auszeechent. D'Konzept vun der Mikrofinanz gewënnt all Dag u Popularitéit, a wann am Joer '97 d'Zuel vun de Leit, déi vun engem Mikrokredit profitéiere konnten, nach bei 7,6 Millioune Mënsche louch, ass dës Zuel am Joer 2004 op iwwer 92 Millioune gewuess.
Une voix.- Très bien.
Mme Nancy Arendt (CSV).- 73% vun dëse Leit liewen an absoluter Aarmut an haten esou gutt wéi näischt wéi se hiren éischte Kredit opgeholl hunn, an och hei leien d'Réckzuelquote bei 98% an déi allermeescht vun hinne si Fraen.
Dir Dammen an Dir Hären, dëst Joer hat ech d'Chance, eise Minister mat enger ganzer Delegatioun aus dem Bankesecteur vun der ADA, SOS Faim an de Leit vun der Press an Äthiopien ze begleeden,...
M. Xavier Bettel (DP).- Très bien.
Mme Nancy Arendt (CSV).- ...fir do kënne mam Här Bettel eng ganz Partie "success story"e selwer matzeerliewen.
Plusieurs voix.- Ooohhh!
Mme Nancy Arendt (CSV).- Den Här Bettel war gradesou begeeschtert wéi ech.
(Hilarité)
Leit mat nëmme 25 Euro Kredit hunn et fäerdeg bruecht, e Café oder en Hotel opzemaachen, Felder ze beplanzen an hir Kanner an d'Schoul ze schécken. Dëse Leit konnt een de Stolz aus dem Gesiicht liesen iwwer alles dat wat si fäerdeg bruecht hunn, virun allem awer well een hinnen dës Mëttel, dëst kleng Startkapital net geschenkt huet, mä well si selwer sech an der Welt konnte beweisen, datt och si eppes fäerdeg bréngen, wann een hinnen eng Chance an eng Méiglechkeet gëtt. Eng Chance, déi hiert Liewe gerett a komplett verännert huet.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech sinn um Schluss. Dat klengt Lëtzebuerg ass e Ris fir alles dat wat et am Entwécklungsberäich bis elo geleescht huet a wat et sech nach virgeholl huet an Zukunft ze leeschten. D'Erausfuerderungen, déi sech eis stellen, sinn enorm, an ech géif mer erlaben ee Saz hannert dem Minister seng Sätz ze hänken, déi hie bei senger Introduktioun vum Rapport geschriwwen huet: "De Kampf géint d'Aarmut ass en alldeegleche Kampf, deen eis keng Paus gönnt", sot de Minister. Här President, mäin deemolegen Trainer virun der Olympiad huet mir prompt geäntwert, wéi ech wierklech eng Kéier komplett midd an ausgepompelt vun allen Trainingsunitéite gefrot hat, ob ech net och en hallwen Dag Paus kéint kréien: "Paus?
Rest?", wéi wann hien dat Wuert nach ni héieren hätt: "Rest is for the dead."
Här President, hei ass et nach vill manner méiglech sech eng Paus ze erlaben. D'Tâche ass immens, mä wann et ee Kampf gëtt, deen et derwäert ass mat Hartnäckegkeet an Ausdauer ze kämpfen, dann ass et mat Sécherheet deen heiten.
Ech soen Iech Merci.
Plusieurs voix.- Très bien!
M. le Président.- Merci, Madame Arendt . Den nächste Riedner ass den honorabelen Här Charel Goerens. Här Goerens!
|