Ried Coopération Framktiounsspriecherin Coopération 2005 Part 2
Débat sur la politique de coopération et d'action humanitaire (suite)
* Mme Nancy Arendt (CSV).Merci, Här President.
(M. Niki Bettendorf prend la Présidence)
Dann huet ee wierklech d'Tendenz sech ze froen, ob esou vill Suen an dëse Budget fléisse mussen. Mä déi Tendenz huet ee bei ville Sujeten. Den UN-Hëllefskoordinator Jan Egeland - Här Minister, Dir hat hien och gëschter zitéiert - huet drop opmierksam gemaach, datt d'Europäer all Joer fir zéng Milliarde Glacen iessen an d'Amerikaner all Joer 35 Milliarde fir hir Hausdéieren ausginn.
Da schéngt et mer wierklech keng iwwerdriwwen Zomm ze sinn, déi mer brauchen, fir eng méi gerecht a besser Welt, a bestëmmt schnell realiséierbar, wann all entwéckelt oder industrialiséiert Land op deen nämlechte Wee geet, nämlech dee vun den 0,7%. Mir schwätze jo hei net vu 7%, da bleiwen also nach ëmmer 99% fir a säin eegent Land ze investéieren, wéi e Vertrieder vum Cercle vun den ONGen dat richtegerweis bei eis an der Kommissioun gesot huet. Dat misst an däerft keng Onméiglechkeet si fir déi, deenen et e gutt Stéck besser geet wéi deenen aneren.
Ech soen Iech Merci.
* Plusieurs voix .- Très bien!
* M. le Président .- Merci, Madame Arendt . Als nächste Riedner ass den Här Charles Goerens ageschriwwen. Här Goerens, Dir hutt d'Wuert, wann ech gelift.
|