Home /

Interventiounen

 

Autres

Ried als Fraktiounsspiecherin vun de Coopération 2005

Débat sur la politique de coopération et d'action humanitaire Arendt , wann Der ee Moment erlaabt.

* Mme Nancy Arendt (CSV).Här President, Dir Dammen an Dir Hären, all Dag stierwe méi wéi 30.000 Kanner u Krankheeten, déi een hätt kënne vermeiden oder behandelen. All Dag stieche sech 14.000 nei Mënsche mat Aids un. Dräi Milliarde Mënschen hu manner wéi zwee Euro den Dag fir ze iwwerliewen. Eng Milliard Leit hu keen Zougang zu propperem Waasser. Iwwer 850 Millioune Mënsche kënne weder schreiwen nach liesen. All Minutt stierft eng Fra duerch Komplikatioune bei der Gebuert. All Joer gi bis zu 800.000 Mënschen iwwert d'Grenzen trafiquéiert a sinn Opfer vu Mënschenhandel. 1,8 Millioune Kanner verschwannen all Joer an d'Prostitutioun an an d'Pornographie. Den Handel mat de Kanner boomt, an de Sextourismus ass, wéi et schéngt, net méi ze bremsen, trotz alle Kannerrechtskonventiounen.

Dëst däerf a kann net, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, de Problem vun deenen aarme Länner eleng sinn, mä dëst muss gemeinsam ugepaakt ginn, well grad op deem leschten Thema d'Ufro aus deene räiche Länner kënnt. Mä och all déi aner Ziffere maache kloer, datt dës Mëssstänn nëmme global geregelt kënne ginn.

Här President, ech wollt Iech eigentlech hei elo net gäre mat Zuele bombardéieren, mä heiansdo sinn esou Zuelen néideg, fir d'Gravitéit vun der Situatioun ze realiséieren a fir ze verstoen, wéi wichteg an néideg et och ass, an der Zukunft an d'Entwécklungspolitik ze investéieren. Zumools, well awer schonn erëm trauregerweis déi eng oder aner Stëmm sech bemierkbar gemaach huet, ob dës Entwécklungshëllef iwwerhaapt néideg wär - elo, wou et jo bei eis ãnet méi gradsou gutt geet".

D'Erausfuerderunge si grouss, an et bleift och nach vill ze maachen. Fir de Kampf géint d'Aarmut ze gewannen, ass alldeeglechen Asaz verlaangt op ville verschiddenen Niveauen, an dësen Asaz däerf net nëmmen dee vun der Regierung sinn, mä et muss dee vun eis alleguerte sinn, an och dee vun deene Länner, déi betraff sinn. All Eenzelnen ënner eis soll sech ugesprach fillen, fir säi Bescht ze maachen, fir dësen Däiwelskrees, an deem sech d'Entwécklungslänner befannen, ze briechen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, fir d'éischt géif ech gären am Numm vu menger Fraktioun dem Kooperatiounsminister Jean-Louis Schiltz villmools Merci soe fir säi wierklech interessanten an och informatiounsräichen Iwwerbléck iwwert d'Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik. A senger Ried stécht eist seriöt Engagement, fir eng vernünfteg a virun allem eng effikass Kooperatiounspolitik ze féieren, ganz gutt eraus.

dougou am Burkina Faso an deen aneren an Nicaragua, wou d'Preparatiounen heifir schonns op Héichtoure lafen. Dëst erlaabt eis dann, op ee Büro fir zwee Pays cibles ze kommen, a wäert vill dozou bäidroen, eis Projeten an dëse Länner nach méi effikass ze gestalten a si nach besser suivéieren ze kënnen.

Ech wollt och kuerz um Rand bemierken, zu wat fir engem wichtegen Instrument och den ãFonds national de lutte contre le trafic des stupéfiants" iwwert déi lescht zwielef Joer ginn ass. Bei dësem Fong geet et drëms, Drogesuen, déi bei de Konfiskatiounen duerch déi geriichtlech Instanze beschlagnahmt goufen, an d'Projeten ze investéieren, virun allem an déi Länner, wou vill Droge produzéiert ginn, fir kënnen den Drogeproblem bei der Wuerzel ze paken.

Lëtzebuerg gehéiert duerch dëse Fong innerhalb vun der Europäescher Unioun mëttlerweil zu engem ãGroupe majeur", dee matbestëmmt, wat fir Projeten an dësem Domän op der ganzer Welt ënnerstëtzt ginn. Och esou kann een Entwécklungspolitik leeschten.

E Merci awer och selbstverständlech un all déi Leit, Kanner, Organisatiounen, Schoulen, Clibb, Gemengen, déi sech an den Déngscht vun der Entwécklungshëllef gestallt hunn a probéiert hunn do ze hëllefen, wou et eben net gradsou gutt geet.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, wéi ech et schonns am Ufank vu menger Ried gesot hunn, bleiwen d'Erausfuerderungen, déi sech eis an der Entwécklungspolitik stellen, enorm, an d'Fro stellt sech: Wéi pake mer se un um nationalen an internationalen Niveau?

Beim Millenniumssommet vun der UNO am Joer 2000 hu sech 191 Länner engagéiert, fir aacht Objektiver bis 2015 ze erfëllen, mam Zil, d'Aarmut ze éradiquéieren an d'Ongläichheeten an der Welt ze reduzéieren.

Nom Sommet zu New York am September 2005, deen eng Tëschebilanz vun de Millenniumsziler gezunn huet, muss ee leider feststellen, datt nach vill ze maache bleift, fir eisem Zil méi no ze kommen.

Déi international Communautéit ass zwar ganz generéis, fir d'Objektiver ze fixéieren, mä bleift spuersam, fir hinnen deen néidege Suivi ze ginn. Fir d'Millenniumsobjektiver fir d'Joer 2015 kënnen ze erfëllen, musse mer massiv op de Gas drécken. An an enger Analys huet d'Caritas gewarnt, datt, wa mer esou weiderfuere wéi elo, d'Aarmut an der Welt um schwaarze Kontinent net bis d'Joer 2015, mä eréischt am Joer 2147 sech halbéiere wäert.

Déi räich Länner hunn am Joer 2004 ongeféier 78 Milliarden Dollar Hëllef fir d'Entwécklungshëllef ausginn, wat e Rekordmontant bedeit. Mä et ass awer och gewosst, datt

Dem Minister seng Ried huet op en Neits verdäitlecht, datt déi lëtzebuergesch Kooperatioun hire Prinzipien an hiren Engagementer iwwert d'Joer 2004 trei bliwwen ass. Am Joer 2004 chiffréiert sech eis Entwécklungshëllef op 0,83% vum RNB -Revenu national brut - géint ongeféier 0,81% vum Joer 2003. Dës Progressioun confirméiert de Wëlle vun eiser Regierung, eiser Motioun, déi mer unanime den 18. Februar 2004 gestëmmt hunn, trei ze bleiwen, fir progressiv op 1% vum RNB an deenen nächste Joren erunzekommen.

Lëtzebuerg confirméiert duerch dës exemplaresch Resultater, zu deene puer Länner ze gehéieren, déi elo schonns d'Normen an der Matière vun der Entwécklungshëllef respektéieren an déi säit enger Zäitchen - wéi eise Minister ëmmer esou schéi seet - den informelle Club vun den 0,7% bilden.

Ech géif op dëser Plaz gären eisem Minister fir säin alldeeglechen Asaz villmools Merci soen. Hien huet am leschte Joer eng wierklech formidabel Aarbecht am Beräich vun der Kooperatiounspolitik geleescht. Net nëmmen huet hien et fäerdeg bruecht, während eiser EU-Présidence wichteg Accorden ze verhandelen, wéi dee vum Conseil Affaires générales am Mee oder och d'Revisioun vum Accord de Cotonou, déi d'Entwécklungshëllef um Niveau vun der Europäescher Unioun en däitleche Schrëtt no vir bruecht hunn. Mä och iwwert d'Présidence ewech huet säin Asaz einfach net nogelooss. Iwwert dat ganzt Joer huet hie Lëtzebuerg als Virreiderroll duerch d'Welt bekannt gemaach an ass dohinner gereest, wou eis Presenz bluttnoutwendeg war.

Ech géif och gäre Lux-Development, eiser Exekutiounsagence, an eisen ONGe fir hiren honnertprozentegen Asaz en décke Merci soen a wollt just ënnersträichen, wéi wichteg et ass, datt am Beräich vun der Kooperatioun d'Zesummenaarbecht tëschent dem Minister a sengen nationale Partner, wéi den ONGen, souwéi awer och deenen internationale Partner esou gutt iwwert d'Bühn leeft.

Et ass nämlech eng Saach, eng ambitiéis Kooperatiounspolitik ze féieren, mä et ass eng aner, fir och ze kucken, datt dës Hëllef richteg op der Plaz ugewennt gëtt. Et ass vun enormer Bedeitung, datt d'Fongen och tatsächlech dohinner ukommen, wou se hikomme sollen, an datt sech Leit vum Fach um Terrain fannen, fir se ëmzesetzen.

An dësem Kontext ass et och wichteg ervirzehiewen, datt eise Minister d'Décisioun geholl huet, fir zwee nei Kooperatiounsbüroen opzemaachen, deen een zu Ouagazënter dräi Joer d'Haaptzounahm vun der Entwécklungshëllef um weltwäite Plang virun allem aus der Finanzéierung - de Minister huet et gëschter sou gesot - vun humanitären Aktiounen, aus Projete vun technescher Assistenz oder och aus dem Läsche vu Scholde besteet. Et bleift also noutwendeg, no zousätzleche Geldmëttelen ze sichen, déi eis hëllefen, déi néideg Zomme fir d'Millenniumsobjektiver zesummenzekréien.

Hei géif ech och ganz besonnesch gären op déi rezent Décisioun hiweisen, déi geholl ginn ass, fir eng Tax op de Fluchticketen opzehiewen zu Gonschte vun der Entwécklungshëllef.

Eng aner Alternativ si selbstverständlech - de Minister huet et och gëschter scho gesot - d'Mikrokreditter. Datt dës Source vu klengem Finanzement et erméiglecht, d'Aarmut ze verréngeren, ass net nëmmen och wëssenschaftlech bewisen, mä et erlaabt och op eng positiv Aart a Weis de Mënschen, a virun allem de Fraen, an aarme Länner, als eegestännegen Unternehmer hire Projet ze entwéckelen an Hoffnung ze hunn, fir de Wee aus der Aarmut erauszefannen. Et ass e Startkapital, wat oft vun hinne mat ganzem Häerz gepaakt gëtt, a wou ee scho mat engem klenge Betrag vu 50 Euro Familljen hëllefe kann, erëm eng nei Existenz opzebauen, oder hir Ziler ze erreechen, déi se sech soss gesat hunn. Et ass ze begréissen, datt Lëtzebuerg hei nach méi eng aktiv Roll an der Zukunft spille wëllt.

Wéi d'lescht Joer hei zu Lëtzebuerg eng Konferenz iwwert dëst Thema organiséiert gouf, huet de Minister seng Hoffnunge geäussert, datt Lëtzebuerg sech kënnt eng Kéier zu engem Exzellenzzentrum fir d'Mikrofinanzen entwéckelen. Déi lëtzebuergesch Vereenegung vun den Investmentfongen, d'ALFI, huet hir Absicht ugekënnegt, fir e Qualitéitslabel fir d'Mikrofinanzen hei zu Lëtzebuerg ze entwéckelen. Dëst wär natierlech e Wee, deen d'Vertrauen an d'Transparenz an dësem Beräich géif verdéiwen an eisem Land och als unerkannte Finanzplaz géif zegutt kommen. Zugläich wär et och e wierklech effikasst Mëttel, fir d'Aarmut ze bekämpfen.

Fir d'Realisatioune vun de Millennium Development Goals (MDG) war besonnesch d'Décisioun, déi vum Conseil Affaires générales vun der Europäescher Unioun ënnert der lëtzebuergescher Présidence am Mee d'lescht Joer geholl ginn ass, vu grousser Wichtegkeet. Nodeems d'Entwécklungsministeren an Erënnerung geruff hunn, datt bis d'Joer 2015 den europäeschen Effort fir d'Kooperatioun op 0,7% vum RNB soll eropgeschrauft ginn, gouf hei e mëttelfristegt Objektiv vun 0,56% bis d'Joer 2010 festgehalen.

Dës Décisioun bréngt mat sech, datt mir bis d'Joer 2010 all Joer 20 Milliarden Euro méi fir an

 

d'Entwécklungshëllef ze investéieren hätten, a bis d'Joer 2015 wären et da 45 Milliarden Euro méi, wann alles gutt geet.

D'Halschent vun deenen zousätzleche Gelder géif Afrika accordéiert ginn, dee Kontinent, dee se am meeschte brauch, fir capabel ze sinn, fir d'Millennium Goals ze realiséieren.

Datt dës Décisioun zustane komm ass, ass selbstverständlech och zum groussen Deel eisem Minister ze verdanken, deen d'Négociatiounen heifir am Numm vun der Europäescher Unioun gefouert huet. Hei war wierklech vill Iwwerzeegungskraaft gefrot, fir och déi méi retizent ënnert de Memberstate vun der Richtegkeet vun dëser Décisioun ze iwwerzeegen.

Dës Décisioun vun der Europäescher Unioun ass bemierkenswäert wéinst hirer Ambitioun, a si kann déi aner méi räich Länner aus der internationaler Communautéit motivéieren, der Europäescher Unioun et nozemaachen. Et muss kloer sinn, datt et sech heibäi ëm e kloert a verflichtend Engagement handelt. Wa mer dëst Engagement net anhalen, ass d'Glafwierdegkeet vun der Europäescher Unioun als Spendecommunautéit op d'Spill gesat.

An dësem Kontext wollt ech och kuerz op de G8-Sommet zu Gleneagles agoen, wou den Tony Blair et och fäerdeg bruecht huet, fir seng Partner ze iwwerzeegen, d'Hëllef fir den afrikanesche Kontinent ze erhéijen a se souguer bis 2010 ze verduebelen.

E grousse Schrëtt an dëser Hisiicht war natierlech och deen, datt décidéiert ginn ass, d'Scholde vun deenen äermste Länner, déi staark géigeniwwer vun der Weltbank, dem Internationale Währungsfong an och der Afrikanescher Entwécklungsbank verschëlt sinn, ze läschen. Vun dëser Décisioun sinn an engem éischte Schrëtt 18 Länner betraff, an dëst kéint effektiv fir si eng Chance an en neie Start bedeiten. Dës Länner mussen elo net méi wielen tëschent Suen ausginn zu Gonschte vun hire Bierger op där enger Säit, an onméigleche Scholden zréckbezuelen op där anerer Säit.

Fir d'Millenniumsobjektiver kënnen ze erfëllen, muss awer och eng Hëllef vu besserer Qualitéit geleescht ginn, an dëst op méi eng effikass Aart a Weis. Heibäi spillt d'Koordinatioun vun den Doneuren eng wichteg Roll, an et ass och wichteg, eng gewësse Kohärenz an déi verschidde Kooperatiounspolitiken eranzekréien. Dat heescht an anere Wierder, datt d'Zesummenaarbecht eng zentral Roll muss spillen.

Ech géif hei gäre kuerz op den "Consensus européen" ze schwätze kommen, deen zum Schluss vum leschte Joer vun der Europäescher Unioun adoptéiert gouf an deen d'Éradicatioun vun der Aarmut als Haaptzil huet.

Hei géif fir d'éischt an der europäescher Geschicht e gemeinsame Sockel geschaf ginn, op deem d'Ziler, d'Wäerter, d'Prinzipien an d'Mëttel vun deene 25 Memberstaten am Beräich vun der Entwécklungshëllef berouen. Dse Konsens ass eng nei Visioun vun der Entwécklungshëllef, déi den Akzent op eng besser Kohärenz, Koordinatioun, Harmonisatioun an Effikassitéit an dësem Beräich setzt. Am selwechten Zuch bestäerkt dëst Engagement vun der Europäescher Unioun och hir politesch Roll als éischte Spender weltwäit.

Här President, d'Erausfuerderungen, fir d'Millenniumsobjektiver ze erfëllen, kann awer och keng One-Way-Politik sinn.

D'Empfängerlänner sollen hei aktiv mathëllefen. D'Regierungen an deene verschiddene Länner musse sech doriwwer am Klore sinn, datt si an éischter Linn fir hir Entwécklung responsabel sinn. Et ass eis Aarbecht, hinnen derbäi ze hëllefen, fir déi néideg Koordinatioun fir d'Entwécklung ze schafen, an dat mat hinnen zesummen an net vun uewen erof. Et schéngt mer dann och evident ze sinn, datt d'Haaptviraussetzungen, fir datt d'Entwécklungshëllef iwwerhaapt gräift, nëmmen de Fridden, d'Bonne gouvernance, d'Demokratie an de Respekt vun de Mënscherechter sinn.

Här President, no engem klengen Tour duerch déi ganz Welt wollt ech awer elo op den nationale Kontext vun der Entwécklungshëllef ze schwätze kommen. Mat eisem Engagement huet Lëtzebuerg eng Féierungsroll, zesumme mat Länner wéi Schweden, Dänemark an Holland. An de Louis Michel, eisen europäeschen Entwécklungskommissär, huet eis an engem Interview dat schéint Kompliment gemaach, datt mir en europäesche Ris an dëser Politik duerstellen.

Wat besonnesch wichteg ass ervirzesträichen, ass, datt mir iwwert déi lescht Joren et fäerdeg bruecht hunn, eng cibléiert an effikass Kooperatiounspolitik ze entwéckelen, mat enger limitéierter Zuel vun Zillänner, déi sech op eng beschränkten Zuel vun Interventiounssecteure konzentréiert a virun allem déi Äermst vun deenen Äermsten usprécht. Dëst sinn d'Educatioun, d'Formatioun vun Aarbechtskräften, d'Gesondheet, d'Waasser souwéi och déi vollstänneg Entwécklung vum ländleche Milieu.

Fir eleng d'Waasser kuerz unzeschwätzen, esou bleift de Manktum u Waasser a seng schlecht Qualitéit eng vun den Haaptursaachen, datt Krankheete wéi Duerchfall, Cholera an Typhus nach ëmmer d'Doudesursaach vu bis zu aacht Millioune Leit am Joer sinn. An duerfir ass et vu grousser Bedeitung, sécher Waasserinstallatiounen ze aménagéieren, wéi mir dat schonn a ganz ville Géigende gemaach hunn.

Här President, wat fir mech bei dëser Ried vun dësem Joer besonnesch ervirzehiewen ass, ass, datt bei eiser Kooperatioun och d'Approche vum gender a vun der Bonne gouvernance eng Haaptroll spillt. D'Millenniumsobjektiver sinn op de Mënscherechter, der Dignitéit, der Sécherheet, der Fräiheet, der Befreiung vun Angscht an Diskriminatioun opgebaut. Et sinn elo 60 Joer hier, datt d'Grënner vun der UNO d'Gläichberechtegung tëschent Mann a Fra an d'Charta vun de Mënscherechter verankert hunn.

D'Egalitéit vum Gender ass e mënschlecht Recht an eng vun de Schlësselpositiounen, fir d'Millennium Goals ze erfëllen. Dëst geet aus dem Rapport vum Joer 2005 vun der Weltbevölkerung vun de Vereenten Natiounen ervir. An dësem Bericht si se iwwerzeegt, datt sech d'Investissementer an d'Gendergläichheet an an d'reproduktiv Gesondheet exponentiell lounen an de sozialen an ekonomesche Prozess accéléréiere mat engem laang laaschtenden Impakt op déi zukünfteg Generatiounen.

Iwwert d'Jore beleeën ëmmer erëm nei Studien, datt et kee bessert Mëttel gëtt, fir géint d'Aarmut unzekämpfen, wéi d'Gläichberechtegung tëschent Mann a Fra. Et gëtt keng besser Politik, fir d'wirtschaftlech Produktivitéit an den Entwécklungslänner an d'Luucht ze schrauwen. An et gëtt och kee bessert Mëttel, fir d'Gesondheet ze förderen an d'Stierffäll bei de Kanner a bei de Mammen erofzesetzen. De jährleche Rapport vun der Weltbevölkerung vun de Vereenten Natioune bestätegt, datt d'Inégalitéit tëschent Mann a Fra e wichtege Charakterzuch vun der heiteger Gesellschaft bleift. D'Netunerkennung vun der Aarbecht vun de Fraen ass nach vill ze vill oft un der Dagesuerdnung.

(Interruption)

Ah! Et ass mäin Handy. Entschëllegt!

Virun allem an den afrikanesche LännerÉ

(Hilarité)

Entschëllegt, Här President. Ech hat geduecht ech hätt en op lautlos gestallt.

* M. le Président .- Et war net schlëmm, Madame Arendt . Et mécht kaum esou vill Kaméidi wéi d'Geraschels vun den Zeitungen.

(Hilarité)

Sou, Dir kënnt weiderfueren. Fuert Dir weider, Madame Arendt !

* Mme Nancy Arendt (CSV).D'Netunerkennung vun der Aarbecht vun de Fraen ass nach vill ze vill oft un der Dagesuerdnung. Virun allem an den afrikanesche Länner spillt d'Fra eng zentral Roll am ländleche Milieu, well et d'Frae sinn, déi responsabel si fir 60 bis 80% vun der Ernährungsproduktioun. Vill Länner verbidden hinnen nach ëmmer vill Rechter, an dobäi si si et awer, déi méi eng grouss Tendenz hunn, fir vill méi e grousse Prozentsaz vun hirem Gewënn erëm an d'Kanner an an d'Famill ze reinvestéieren.

A ville Regioune gëtt et nach Restriktioune wat d'Fraerechter ubelaangt fir eppes ze besëtzen oder Besëtz ze ierwen, souguer wann hir Männer stierwen. Oft hu se kee Recht, eng Schold opzehuelen oder kënnen emol net an déi Felder investéieren, an deene si selwer all Dag schaffen.

D'Sammele vu Brennholz an d'Waassercorvée sinn hir Aufgaben, a vill Meedercher si stonnelaang, bis zu 800 Stonnen am Joer - dat ass méi wéi ee Mount am Joer -, ënnerwee, fir proppert Waasser sichen ze goen, a kënnen esou net an d'Schoul. An d'Educatioun ass awer de Schlëssel zu allen Ziler an der Entwécklungspolitik an och an der Realiséierung vun de Millennium Goals.

Dofir ass dee Projet, dee mer béi der Unicef ënnerstëtzen, a wou d'Hindernisser identifizéiert ginn, déi de Meedercher am Wee stinn, fir kënnen an d'Schoul ze goen, a versicht gëtt, dëst ze iwwerwannen, vu grousser Wichtegkeet.

D'Millenniumsobjektiver gesinn och d'Eliminatioun vun den Inégalitéiten am Genre an der Éducation primaire vir.

De Gender Gap an der Educatioun bréngt mat sech, datt zum Beispill 600 Millioune Fraen hautdësdags Analphabete sinn, géint 320 Millioune Männer. D'Unicef huet an dësem Beräich 25 Länner selektionéiert, déi dee gréisste Risque lafen, hei net d'Millennium Goals kënnen ze erfëllen, a realiséiert hei en accéléréierte Programm. Véier vun dëse Länner sinn och eis Zillänner.

Et ass awer och emol richteg ze weisen, wat an deene Länner geschitt, déi enorm Fortschrëtter an dëser Hisiicht opzeweisen hunn, well se an den Gender Gap an der Educatioun investéiert hunn.

Sou huet zum Beispill den ostasiateschen Deel dat sou genannten ekonomescht Wonner tëschent de Joren 1965 an 1990 ervirbruecht. Hei sinn d'Meedercher gradsou wéi d'Jongen an d'Schoul geschéckt ginn, si hu geléiert, sech fräi ze entscheeden, a konnte sech d'Fäegkeeten uneegnen, wéi een e fräien an informéierte Choix ka maachen. D'Resultat heivunner war, datt se sech méi spéit bestuet hunn, manner Kanner kritt hunn an den Zougang zum Aarbechtsmarché fonnt hunn. A grad dës Participatioun vun de Fraen um Aarbechtsmaart huet de Länner gehollef, sech wirtschaftlech weiderzeentwéckelen.

Och déi reproduktiv Gesondheet ass e Moossstab, mat deem sech Gläichbehandlung einfach moosse léisst. An dësem Beräich sinn d'Ënnerscheeder tëschent deenen aarme Länner an deene räiche besonnesch opfälleg, well 99% vun de Fraen, déi bei der Gebuert stierwen, liewen um afrikanesche Kontinent. All Minutt stierft eng Fra un de Komplikatioune während der Schwangerschaft an 20 anerer erleide schwéier Verletzungen oder gesondheetlech Schied. Wann eng Mamm bei der Gebuert vun hirem Kand stierft, sinn d'Iwwerliewenschancë vun hirem Kand selbstverständlech minim an esou engem Land.

Mat der Vermeidung vun ongewollte Schwangerschaften duerch besseren Zougang zur Familljeplanung kéinten 20 bis 35% vun alle Fäll vun der Mammestierflechkeet verhënnert ginn a méi wéi 100.000 Mammen al Joers gerett ginn. Hei sinn ech besonnesch stolz drop, datt eis Kooperatioun eng ganz Partie vu Projeten an dësem Beräich ënnerstëtzt. A bei engem vun dëse Projete geet et dorëms ze versichen, de Kanner e gudde Start an d'Liewen ze erméiglechen.

Besonnesch gëtt drop opgepasst, datt d'Schwangerschaften an d'Entbindung gutt verlafen, datt d'Ernährung de Besoine vun de Kanner entsprécht an datt si an engem gesonden Ëmfeld grouss ginn an och den Zougang zur Hygiène hunn. Et muss een allerdéngs feststellen, datt a verschiddene Länner d'Mammestierflechkeet nach extrem héich ass a besonnesch an deene leschte véier Joer staark an d'Luucht gaangen ass. Ech hoffe wierklech, datt mir eis och an Zukunft wäerte weider an esou Projeten engagéieren.

E weidere Projet, dee mir an der Zukunft ënnerstëtzen, ass deen, dee sech drop konzentréiert, fir géint d'Fistule virzegoen; eng heimtückesch Krankheet, vun där virun allem jonk Meedercher, déi immens fréi Kanner kréien, befall sinn, a wou se dann oft aus der Gemeinschaft a souguer vun hire Familljen ausgeschloss ginn.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, Aids gëtt och ëmmer méi eng Fraekrankheet. Den Aids huet en anert Gesiicht kritt. Wann an den 80er Jore virun allem d'Männer heivunner betraff waren, sou sinn et elo virun allem déi jonk Fraen. Dräi Véierel vun allen HIV-Transmissiounen erfolgen duerch sexuell Iwwerdroungen tëschent Männer a Fraen an a ville Fäll vun dem Mann op d'Fra. An dësem Domän ass eis Kooperatioun och ganz aktiv an huet aus dem Kampf géint den Aids eng vu senge Prioritéite gemaach.

Ënnert deene ville Projeten, déi mir hei ënnerstëtzen, wollt ech just dee vun der ONUSIDA ervirhiewen, an zwar dee vun der ãGlobal coalition on women and AIDS", dee sech ebe global op allen Niveaue mat der Problematik vun de Fraen an de Meedercher mat Aids beschäftegt.

Obwuel dës Infektioun jo vermeidbar ass, ass d'Fäegkeet vun der Fra, sech heigéint ze schützen, oft relativ kleng. Grënn gëtt et der vill. Sief et duerch déi ongläich Entscheedungsmuecht, duerch geschlechtsspezifesch Gewalt oder duerch wirtschaftlech Onsécherheet, verbonne mat engem limitéierten Zougang zur Bildung, sinn et d'Fraen, déi am wéinegsten à même sinn, fir sech géint dës Infektioun ze schützen.

Bei menger Visite am Ruanda hat ech d'Chance, fir méi vertraut ze gi mat engem vun eise Projete géint den Aids, dee Lux-Development ënnert der Leedung vum Christine Oms am Ruanda realiséiert, an Zesummenaarbecht mam Dr. Arendt aus dem Centre hospitalier. Hei gi schwanger Frae mat antiretroviralen Traitementer betreit, an et gëtt gekuckt, datt de Virus sech esou mann wéi méiglech op hir Bëbeeën iwwerdréit. Hei gëtt et enorm Fortschrëtter ze mellen, well d'Transmissioune vun der Mamm op hiert Kand si vun iwwer 30% op nëmmen 8% erofgefall.

Här President, et géif mer schwéier falen, dëst Kapitel vun de Fraen ofzeschléissen, ier ech d'Gewalt géint Fraen géif uschwätzen.

Och hei kennt d'genderbaséiert Gewalt keng Grenzen, weder ekonomesch, sozial oder geographesch.

Am Rapport vun der Weltbevölkerung vun de Vereenten Natioune kënne mer liesen, datt weltwäit eng vun dräi Fraen op déi eng oder aner Aart a Weis sexuell mëssbraucht gëtt. Dëse Mëssbrauch gëtt meeschtens vun engem Familljemember oder engem Bekannten ausgeübt.

Am 21. Jorhonnert fuerdert d'Gewalt géint Fraen a Meedercher tëschent 15 a 44 Joer méi Opfer wéi de Kriibs! Wat déngen international a regional Konventiounen, wann déi Rechter vun de Fraen net agehale ginn?

Fraen a Kanner ginn nach ëmmer a ville Länner géint hire Wëlle bestuet; Gewalt, Éieremord, Vergewaltegung, Zwangsprostitutioun, Sklaverei, Verstümmelung bis hin zur totaler Beschneidung toleréiert.

Här President, et gëtt geschat, datt bis zu 800.000 Fraen am Joer - an net nëmme Fraen, mä ëmmer méi Meedercher - Opfer vun Zwangsprostitutioun sinn. Déi meescht kommen aus Entwécklungslänner, aus Latäinamerika, Subsahara-Afrika, Asien an och Osteuropa. A Moldawien verschwannen, enger franséischer Studie no, ongeféier 30% vun de Fraen a Meedercher tëschent 18 a 25 Joer einfach esou. Et freet mech perséinlech onheemlech ze héieren, datt d'Europäesch Kommissioun endlech d'Gesetzer vun der Prostitutioun ënnert d'Lupp wëllt huelen, déi de Mënschenhandel beaflossen.

Niewent Preventioun an Opferschutzmoossname wéi awer och d'Strofverfolgung vun de Mënschenhändler, gehéiert och zu eisen Aufgaben, d'Strofverfolgung vun deenejéinege virzeknäppen, déi den Déngscht vun esou engem Mënschenhandel, virun allem bei Mannerjähregen, an Usproch huelen.

Här President, d'lescht Joer war ech a menger Ried ausféierlech op d'Beschneidung vun de Fraen an de Meedercher agaangen, an ech wollt an dësem Zesummenhang just eisem Minister nach eng Kéier villmools Merci soe fir seng detailléiert Äntwert op meng Question parlementaire, déi ech vun him heiriwwer kritt hunn an déi mech hoffe léisst, datt an dësem Beräich eng intensiv Opklärungs-a Sensibiliséierungsaarbecht am Mali weider geleescht gëtt, fir datt mir dach nach eng Kéier dës brutal Traditiounen ofgeschwächt kréien.

Fir d'Madame Venemann, d'Directrice générale vun der Unicef, spillt d'Ofschafung vun dëser geféierlecher Praktik och eng Roll fir d'Millenniumsobjektiver ze realiséieren. Si huet bei der 4.

Journée mondiale vun der ãNulltoleranz bei genitale Mutilatiounen" gesot, datt een an dësem Beräich engem Duerchbroch no stéing: "Nous sommes à un tournant de l'histoire alors que s'enclenche un mouvement véritablement positif qui nous concerne tous. Les méthodes les plus efficaces pour lutter contre cette pratique n'ont pas été de punir ceux qui la perpétuent, mais de proposer et de soutenir un choix sain.". An dat ass genau dat, wat mir gemaach hunn, an et freet mech ze héieren, datt mir eis elo schonn an enger zweeter Phas vun engem Programm befannen, déi an dës Richtung weidergeet.

Dir Dammen an Dir Hären, et ass a mengen Ae vu grousser Wichtegkeet, déi negativ Konsequenze vun de Bräich a vun den Traditiounen, déi a ville Kulturen nach déif verankert sinn, unzegoen. Wat bréngt et de Fraen, eng Bildung ze hunn, awer kee Recht op bezuelten Aarbecht? Wat bréngt et, Schoulen ze bauen, wann d'Traditioun de Meedercher verbitt, eleng virun d'Dier ze goen? A

wat bréngen och Mi-

 

krokreditter, wann d'Frae kee Land kënne besëtzen?

Och wann et jo gutt an extrem wichteg ass, datt mir Schoulen a Klinike finanzéieren - dat zweifelt jo keen un -, bréngt et net dat, wat mir eis erhoffen, wann zur nämlechter Zäit d'Gesetzer an d'Traditiounen an deene verschiddenen Empfängerlänner net evoluéieren. De Succès vun de Reformen, awer och dee vun de Millenniumsobjektiver, hänkt zum groussen Deel vum Wëlle vun deenen eenzelne Regierungen an den Empfängerlänner of. Et ass un hinnen, d'Gesetzer esou ze gestalten, datt der Entwécklung vun hirem Land näischt am Wee steet, an et gehéiert zu eisen Aufgaben, zesumme mat hinnen dëst ëmzesetzen.

Dir Dammen an Dir Hären, en anere wichtegen Domän vun eiser Kooperatiounspolitik ass d'Entwécklungshëllef zu Gonschte vun de Kanner. Obwuel déi meescht Länner d'Norme fir de Schutz vun de Kanner adoptéiert hunn, weist de Rapport vun der Unicef fir d'Joer 2005 drop hin, datt d'Halschent vun de Kanner op der ganzer Welt ënner Aarmut, bewaffnete Konflikter oder dem Aids leiden. Eng Milliard Kanner si forcéiert, op eng gesond a protégéiert Kandheet ze verzichten. Hei leie fir mech déi gréissten Erausfuerderungen.

Wat d'Entwécklungshëllef fir d'Kanner ubelaangt, wollt ech virun allem een Aspekt uschwätzen, deen aus dem Rapport ãZur Situation der Kinder in der Welt" ervirstécht. Hei geet et ëm déi honnerte Millioune vu Kanner, déi op déi eng oder aner Aart a Weis onsichtbar si fir déi international Communautéit.

Kanner, déi vun hire Regierungen emol net wouergeholl ginn: Si existéieren net a liewen ouni Gebuertsschäin. No neien Estimatioune vun der Unicef sinn an der Moyenne 55% vun de Gebuerten an den Entwécklungslänner - China erausgeholl - net deklaréiert. Eng Proportioun, jo, déi 65% erreecht fir Afrika südlech vun der Sahara. 65%! All Joer ginn 48 Milliounen Neigebuerener net gemellt.

Dës Kanner verschwannen, wann hir Existenz net festgehale gëtt a se net offiziell vum Stat unerkannt ginn. Si hu keen Accès zur Bildung a keen Accès zur Gesondheet.

De Gebuertsakt ass noutwendeg fir vun der Sécurité sociale enregistréiert ze ginn. Souguer wann d'Länner sech mussen drun halen, fir Mechanismen anzesetzen, datt all Gebuert muss enregistréiert ginn, ass dat net de Fall. All Kand huet e Recht drop, eng offiziell Identitéit ze hunn an enregistréiert ze ginn, wann et gebuer gëtt. An der Konventioun fir d'Kannerrechter steet ganz kloer geschriwwen, datt all Stat muss assuréieren, datt dës Rechter agehale ginn. Esou kann een nämlech alles mat hinne maachen, a si gi ganz schnell Opfer vu Gewalt, Mënschenhandel, Krich a sexuellen Ausbeutungen.

Zum Beispill hu mer all Joer 8,4 Millioune Kanner, déi deene schlëmmste Forme vu Kanneraarbecht exposéiert sinn, Prostitutioun mat abegraff. Ongeféier zwou Millioune Kanner ginn an der Sexindustrie fir kommerziell Zwecker ausgebeut a si regelméisseg sexueller a physescher Gewalt ausgesat oder ginn zu anere Kanneraarbechte gezwongen. Weltwäit schätze se ronderëm 300.000 Kanner, déi als Zaldote mussen agéieren, Minne leeën, Spiounen déngen a gedrillt gi fir Leit an de Krisegebidder ëmzebréngen.

Ech wollt just, wat dës Problematik ubelaangt, e puer Pisten undeiten, wou et a mengen Ae wichteg wär, deenen an der Zukunft méi geziilt nozegoen, fir de Kanner hir Rechter ze verbesseren an ze verteidegen an deenen Exposéiertsten ënner hinnen nach besser entgéintzekommen. Et ass wichteg, datt mer weider no Systemer sichen, déi eis erlaben, d'Ursaachen an d'Heefegkeete vu schlechter Behandlung vun de Kanner nach besser ze duerchliichten, fir ze wëssen, wéi mer konkret eng méi effikass Hëllef kënne leeschten.

Et gëtt oft dorop higewisen, datt et och zum Deel un der Onfäegkeet vu ville Regierunge läit, fir d'Norme vun der Konventioun vun 1989 iwwert d'Kannerrechter ze respektéieren.

Duerfir ass et wichteg, datt mer d'Empfängerlänner méi incitéieren, fir datt si hir Engagementer um internationale Plang an hirem nationale Recht konsequent applizéieren. D'Gesetzer géint d'Auteure vun de Verbrieche géint d'Kanner musse systematesch applizéiert ginn an och, a mengen Aen, verschäerft ginn. D'Empfängerlänner solle motivéiert ginn, fir Budgeten ze adoptéieren, déi op d'Bedürfnisser vum Kand opgebaut sinn, an d'Institutiounen, déi fir d'Kanner zoustänneg sinn, solle gestäerkt ginn.

Ech géif op dëser Plaz gären de Projet ervirhiewen, dee mer mat der ONG ãTransparency International" am Mali ënnerstëtzen, wou e Médiateur vun der Republik agesat gëtt. Dëst ass a mengen Aen eng fantastesch Iddi, déi een och op anere Plaze kéint envisagéieren, fir datt och d'Rechter vun de Kanner a vun de Fraen op dëse Plaze besser respektéiert ginn.

Dir Dammen an Dir Hären, ier ech zum Schluss kommen, wollt ech nach e puer Iddien opwerfen, déi ech flott an ënnerstëtzenswäert fannen, an déi dee sou genanntenen ãCNN Effect", vun deem eise Minister schwätzt, a Bewegung halen.

D'Influenz vun de Medien op d'Leit ass enorm, an et ass fundamental, datt si dës Influenz notzen, fir d'Leit dobausse fir d'Millenniumsobjektiver an d'Aarmut ze sensibiliséieren. Ech mengen, et brauch ee just d'Beispill vum Tsunami ze huelen, wou d'Televisioun et fäerdeg bruecht huet, massiv international Hëllef a Bewegung ze setzen. Och bei eis solle sech d'Medien nach méi konsequent dofir asetzen, d'Leit dobaussen op deen alldeeglechen a geräuschlosen Tsunami opmierksam ze maachen, deen um afrikanesche Kontinent stattfënnt.

Ech kéint mer virstellen, datt eis Press eng Millenniumscampagne kéint starten, während där mir a regelméissegen Ofstänn e Bericht an der Zeitung géife fannen, deen iwwer ee Millenniumsobjektiv géif handelen, mam Objektiv, d'Leit heifir méi ze sensibiliséieren. Eng aner Iddi, déi ech an enger auslännescher Zeitung gesinn hunn, war déi fir eng Weltsäit ze illustréieren, wou een eemol an der Woch mat flotte Biller am Stil vun enger Weltwiederkaart kéint weisen, mat deenen akute Gebidder vun Noutstandssituatiounen, déi duerch Ëmweltkatastrophe geschitt sinn, esou datt jiddferee sech eppes Konkretes heirënner kéint virstellen.

Ech kéint mer awer och all Dag e klenge Saz virstellen, wou een op déi international Deeg dobaussen opmierksam mécht an a just e puer Wierder d'Bedeitung vun dësem Dag dann erkläert. Esou wëssen zum Beispill déi meeschte Leit, datt den 8. Mäerz den Dag vun de Fraen ass, well dat an der Press am Detail bericht ginn ass. Mä wie weess dobaussen, datt den 13. Februar den Dag vun de Kannerzaldoten ass, oder wie weess, datt de

25. Mäerz den Dag vum Mënschenhandel ass? Dat wär op alle Fall eng flott Iddi, fir op déi néideg Situatioun an déi, déi d'ganz Welt beréiert, opmierksam ze maachen.

Eng Iddi fir eis Regierung wär vläicht déi, fir e ganzt Joer der Aarmut an der Welt ze widmen. Dat kéint een zum Beispill ãThe Year of Saving the World" nennen. Während dësem Joer kéinten all méiglech Aktioune gestart ginn, wéi Concerten an Theaterstécker, zu Gonschte vun der Aarmut. Hei kéint ee jo kucken, fir deen een oder anere Star, dee sech géint d'Aarmut an der Welt engagéiert, ze invitéieren. Ech erënnere just kuerz un dem Bob Geldof säi phenomeenalen ãLive Aid Concert", dee mat senger Iddi a mat sengem Engagement fir déi Drëtt Welt honnerte vun dausende Leit fir dësen Zweck d'lescht Joer mobiliséiert krut. Säin Engagement, wéi dat vun anere Staren, gëtt zum Virbild vu ville Leit. Wann esou Aktiounen an der Press oder vun der Regierung flott opgezu ginn, saturéieren déi d'Leit och net dobaussen, an et huet ee mat senger Sensibilisatioun en onheemlechen Effekt erreecht.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, fir ofzeschléisse wollt ech just kuerz op meng Rees an de Ruanda ze schwätze kommen, wou ech virun zwee Méint d'Chance hat, op eng Invitatioun vun der Weltbank hin, dohinner ze goen. E Land, wat mech déif markéiert huet!

De Génocide am Joer 1994 a seng Konsequenzen hunn iwwer eng Millioun Opfer gefuerdert an an nëmmen 100 Deeg eng ganz Generatioun vu Leit ewechradéiert. Et feelt u Leit un allen Ecken an Enn, grad elo, wou dëst zerstéiert Land amgaangen ass ze probéieren, sech erëm opzebauen. Fir just emol ee Beispill ze nennen: Et fënnt een do een Dokter op 50.000 Leit.

D'Elteren hunn hir Kanner verluer an d'Kanner hir Elteren. An niewent Honger a Krankheet, sinn d'Kanner markéiert vu schreckleche Biller. Biller, déi si wahrscheinlech ni méi an hirem Liewe wäerte vergiessen. Mä dach sinn d'Leit voller Hoffnung, eng Hoffnung, déi sech duerch hir politesch Stabilitéit an hir Projete rechtfertege léisst.

A mengen Ae gehéiert et zu eisen drénglechsten Aufgaben, fir no Mëttelen ze sichen, fir deene Länner nach besser ënnert d'Äerm ze gräifen, déi no Zivilkricher oder aner Konflikter komplett zerstéiert goufen. Well besonnesch fir dës Länner ass et ganz schwéier, nees Fouss ze faassen an d'Entwécklung weiderzedreiwen.

Grad fir dës Länner ass et och immens schwéier, fir d'Millenniumsobjektiver weiderzebréngen, well ëmmerhin néng vun zéng vun dëse Länner befanne sech ganz ënnen um Klassement vum Indice de développement humain - vum PNUD.

Doriwwer ewech musse mer Länner, wéi dem Ruanda, hëllefen, de Fridden ze befestegen, d'Korruptioun ze bekämpfen an hinne weisen, datt d'Anhale vun de Mënscherechter, der Bonne gouvernance, der Sécherheet an der Demokratie d'Schlësselpositioune sinn, fir sech ze entwéckelen.

An dësem Kontext war ech beandrockt, wéi d'Experte vun der Weltbank erzielt hunn, datt grad am Ruanda 90% vun den investéierte Suen tatsächlech och an d'Projeten erafléissen.

A well de Ruanda am Klassement vun der PNUD op der 159. Plaz läit, a well d'Land vun den 1.000 Hiwwelen e klengt Land ass, wou mer relativ schnell e groussen Impakt kéinten hunn, a well Dir, Här Minister, scho gëschter gesot hutt, datt mir an deem engen oder aneren Zilland e grousse Succès ze verzeechnen hunn, wou ee vläicht no enger Period zréckschrauwe kéint, wollt ech de Minister froen, ob de Ruanda eng Kéier d'Chance kéint kréien, och en Zilland vun eiser Politik ze ginn? A wann, wéini?

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, et ginn ongeféier 135 Milliarde gebraucht bis 2006, steigend bis 195 Milliarde bis 2015, fir d'Millenniumsziler ze erfëllen. Et gëtt geschat - an ech weess, den Här Minister hat dat gëschter ausféierlech zum Ausdrock bruecht -, datt et ouni d'Hëllef vu Militär --virun allem wéinst den humanitäre Katastrophen - net méiglech gewiescht wär, esou schnell ze hëllefen. A mir wësse jo och, wéi deier esou en eenzelnen Helikopter kascht, deen direkt an d'Krisegebidder starte kann, fir dat Noutwendegst op geféierlech Plazen ze kréien.

Mä trotzdeem schéngt mer dach am Verglach de globale Budget fir d'Militär - eng Trillioun Dollare weltwäit, dat sinn 1.000 Milliarden --extrem héich. Dann huet ee wierklech d'Tendenz fir sech ze froen,É

(Coups de cloche de la Présidence)

* M. le Président .- Madame


 
Ech freeën mech iwert Är Kommentaren,Suggestiounen, Kritik an och Ufroën   

Nancy Arendt
/ post@nancyarendt.lu / Designed by Luxis