Home /

Interventiounen

 

Autres

Rapport iwert Privilegien an d'Immunitéite vum Institut d'études de sécurité de l'UE

 

Mme Nancy Arendt (CSV),

rapportrice.- Merci, Här President. Här President, Dir Dammen an Dir Hären, hei geet et drëms, d'Décisioun, déi zesumme vun den EURegierungsvertrieder de 15. Oktober 2001 am Conseil zu Bréissel geholl ginn ass, ze approuvéieren. Dës Décisioun soll d'Privilegien an d'Immunitéite vum Institut d'études de sécurité a vum Centre satellitaire de l'Union européenne, wéi awer och vun hiren Organer a vun deene Leit, déi do schaffen, garantéieren.

Dëse Gesetzestext ass de 17. Mee 2005 vum Aussen-an Immigratiounsminister an der Chamber déposéiert ginn. De Statsrot huet de 24. Mee 2005 - also nëmme siwen Deeg duerno - säin Avis iwwert dëse Gesetzestext ofginn.

Här President, wann Dir erlaabt, ginn ech elo net hei op den Detail an, wéi et dozou komm ass, datt d'Europäesch Unioun no an no ëmmer méi eng Partie Aktivitéite vun der Westeuropäescher Unioun, also der UEO, iwwerholl huet, déi jo am Joer 1954 als institutionelle Kader fir d'Echangen am Beräich vun der europäescher Sécherheet an der Verteidegung an d'Liewe geruff gi war. Dat géif elo hei a mengen Aen de Kader sprengen. Ech hunn dat och wierklech am Detail a mengem schrëftleche Rapport gemaach.

Hei wollt ech ebe just déi Etappe kuerz erwähnen, déi dës Evolutioun mat sech bruecht huet. Esou kommen ech dann op de Maastrichter Vertrag vun 1992, dee festgehalen huet, datt d'UEO Partie intégrante vun der Entwécklung vun der Europäescher Unioun am Beräich vun der Sécherheet an der Verteidegung ass, an datt d'UEO als arméierten Aarm vun der Europäescher Unioun designéiert ass.

Am Amsterdamer Vertrag gëtt e puer Joer méi spéit preziséiert, datt déi institutionell Relatiounen tëschent deenen zwou Organisatiounen - also der Europäescher Unioun an der Westeuropäescher Unioun, der UEO - méi enk solle ginn, en vue vun enger eventueller Integratioun vun der UEO an d'Europäesch Unioun. De Vertrag vun

 

Nice bestätegt nach eng Kéier dës Entwécklung an integréiert d'Funktioune vun der Krisegestioun vun der UEO an d'Europäesch Unioun. D'Konklusioune vum Sommet vun Nice gesinn dann d'Kreatioune vun deenen zwou Agencë vir: déi vum Satelittenzentrum an déi vun engem Institut, dat Etüden an der Sécherheet mécht.

De 16. Juli 2001 ass et dann esou wäit: De Conseil des Affaires générales vun der EU kënnt zu engem politeschen Accord iwwert déi zwou gemeinsam Aktiounen: d'Kreatioun vun engem Institut d'études de sécurité a vun engem Satelittenzentrum.

Här President, ech gi kuerz op d'Aktivitéite vun dësen zwou Agencen an, sou datt ee vläicht besser dobausse versteet ëm wat et da wierklech hei och geet. D'Missioune vum Institut fir Sécherheetsetüden - dee säi Sëtz zu Paräis huet Ð sinn, fir ze hëllefen eng gemeinsam Kultur a Saachen europäescher Sécherheet op d'Been ze setzen an eng strategesch Debatt ze favoriséieren, andeems en en optimalen Treffpunkt fir europäesch Décideuren an awer och onofhängeg Experten op dësem Gebitt bitt.

Den Institut dréit och zur Weiderentwécklung vun der gemeinsamer europäescher Aussen-a Sécherheetspolitik - also ofgekierzt, der PESC - bäi, andeems en dräi Haaptmissiounen erfëllt:

Éischtens, kënnen elo hei d'Recherchen an den Débat an deene grousse Froe vun der Sécherheet, déi déterminant si fir d'Europäesch Unioun, stattfannen.

Zweetens, fuerdert dësen Institut eng zukunftsorientéiert Analys mat Informatiounsforen a mat Rapportë vun Experten aus der ganzer Welt zu Gonschte vum Conseil vun der Europäescher Unioun an awer och vun deenen héije Vertrieder vun der PESC.

(Interruption)

Drëttens, soll duerch d'Beräicherung vum transatlanteschen Dialog tëschent Europa, Kanada an Amerika d'Analys am BeräichÉ

(Coups de cloche de la Présidence)

Évun der Sécherheet erweidert ginn, an all déi grouss Froen, déi sech an dësem Beräich stellen, sollen zweemol am Joer an enger sou genanntener ãtransatlantescher Konferenz" debattéiert ginn, déi eng Kéier bei eis an dann eng Kéier op där anerer Säit Ð dat heescht an Nordamerika Ð stattfënnt.

Den Institut fonctionnéiert selbstverständlech autonom, ass also onofhängeg, a ka weder d'national Interesse representéieren nach duerchsetzen.

Déi zweet Agence ass déi vun dem Satelittenzentrum vun der Europäescher Unioun zu Torrejón de Ardoz a Spuenien. En huet als Missioun den Entscheedungsprozess vun der Europäescher Unioun am Kader vun der gemeinsamer europäescher Aussen-a Sécherheetspolitik, an awer och d'Verteidegungspolitik ze ënnerstëtzen. E soll d'Capacitéit vun der Europäescher Unioun stäerken, fir geographesch Informatiounen ze sammelen, déi der EU hëllefe Konflikter ze prevenéieren, Effortë fir de Fridden am Fall vu Konflikter ze leeschten, an esou och eng effikass humanitär Hëllef am Fall vun Naturkatastrophen, oder awer och am Fall vu Katastrophen, déi vu mënschlecher Hand verursaacht ginn, ze leeschten.

Dir Dammen an Dir Hären, hei geet et also drëms d'Zoustëmmung ze ginn, fir d'Privilegien an d'Immunitéite vun dësen zwou Agencen, hiren Organer an hirem Personal ze garantéieren, esou wéi dat vun de Regierungsvertrieder am Conseil zu Bréissel de 15. Oktober 2001 zréckbehale gouf. Dëst ass nun emol erfuerderlech fir de Fonctionnement vun dësen zwou Agencen, hire verschiddenen Organer an och hirem Personal ze erliichteren, esou wéi dat och scho fir déi zwou Agencen ënnert der UEO bis elo de Fall war.

Déi zwou Agencë si säit dem 1. Januar 2002 operationell an hunn déi Kontrakter iwwerholl, mat deene bis dohin d'Personal un d'UEO gebonne war. D'Zoustëmmung vun der Chamber zu dëser Décisioun ass also net néideg, fir en neie juristesche Kader fir d'Personal vun dësen zwou Agencen ze kreéieren. Dëse Regime ersetzt dann dee Regime vun de Privilegien an den Immunitéiten, vun deenen d'Agenten am Kader vun der UEO bis elo profitéiert hunn.

Wat d'Artikele vun dësem Projet de loi ubelaangen, esou erlaabt mer vläicht just déi puer wichtegst ervirzehiewen: Den Artikel 1 hält um Prinzip vun der Immunitéit fest, esou wéi un der Befreiung vum Duerchsichen, de Saisien, de Konfiskatiounen an un allen anere Forme vun administrativen a geriichtleche Contraintë fir d'Lokaler an d'Gidder vun den Agencë fest. Den Artikel 2 garantéiert d'Inviolabilitéit vun den Archiven.

Den 3, de 6 an den 8 leeën de steierleche Regime vun den Agenten an den Agencë fest. D'Agencë gi vun allen indirekte Steieren exonéréiert. D'Akommes vum Personal vun den Agencë gëtt zwar net besteiert, mä hiert Gehalt ass awer dem Prélèvement zu Gonschte vun den Agencen ënnerworf. D'Décisioun preziséiert dann och Ð an ech mengen, dat war och eng Fro, déi den Här Henckes an der Kommissioun, wéi mir de Projet de loi debattéiert hunn, opgeworf hat Ð, datt d'Personal vun deenen zwou Agencen hire fiskale Wunnsëtz an hirem Ursprongsland behält.

Den Artikel 4 bréngt d'Fräiheet vun der Kommunikatioun mat sech. Op déi nämlech Aart a Weis definéiert den Artikel 6 d'Privilegien an d'Immunitéite vun den Organer a vum Personal vun den Agencen esou wéi d'Inviolabilitéit vun all hire Pabeieren, Dokumenter an och anerem Material.

Am Artikel 5 steet, datt déi verschidde Länner den Zougank, den Openthalt an den Départ vum Personal vun den Agencë vereinfachen, selbstverständlech awer nëmmen, wa se an offizieller Missioun ënnerwee sinn.

D'Membere vun den Agencë profitéieren hei och vun enger Juridictiounscommunitéit, wat hir Aussoen an hir Akten ubelaangen, awer och hei alt erëm selbstverständlech nëmme während dem Ausübe vun hirer berufflecher Aktivitéit. Dat heescht, wann eng virkënnt am zivile Beräich, da si se do responsabel, wéi all déi normal Leit och. Et ass wichteg ze ënnersträichen, datt den Artikel 10 vum Projet de loi déi genee Ëmstänn definéiert, ënnert deenen d'Ophiewe vun der Immunitéit vun de Leit, déi an den Agencë schaffen, ausgesprach ka ginn.

Zum Schluss, Här President, wéilt ech just soen, datt et wierklech wichteg an noutwendeg ass, datt mir dës Décisioun hei esou séier wéi méiglech approuvéieren, wann ee bedenkt, datt dës Décisioun sollt den 1. Januar 2002 a Kraaft trieden an datt schonn 19 Memberlänner hiren Accord dozou ginn hunn a mir leider ee vun de Schlussliichter hei sinn.

Dës Noutwendegkeet gouf och nach virun e puer Deeg vun engem Bréif, deen de Generalsekretär vum Conseil, den Här Javier Solana, un eise Représentant permanent zu Bréissel, also un d'Madame Schommer, geschéckt huet, ënnerstrach. An dësem Bréif bezitt sech den Här Solana op den Artikel 12 vun der Décisioun, dee virgesäit, datt den 1. Januar 2002 dëst soll a Kraaft trieden, ënnert der Konditioun, datt bis dohinner sämtlech Memberlänner dann och dës Décisioun ëmgesat hätten. De Statsrot huet seng Zoustëmmung och zu dëser Décisioun ginn.

Här President, ech bréngen dann och den Accord vun der CSV-Fraktioun zu dësem Projet an ech hoffen, datt en, wéi an der Kommissioun, dann och hei kéint unanime gestëmmt ginn.

Ech soen Iech Merci.

Plusieurs voix .- Très bien.

M. le Président .- Merci, Madame Arendt . Den honorabelen Här Angel huet d'Wuert.


 
Ech freeën mech iwert Är Kommentaren,Suggestiounen, Kritik an och Ufroën   

Nancy Arendt
/ post@nancyarendt.lu / Designed by Luxis