Perseihnlech Interventioun Nancy Arendt Aktiv Stierfhëllef ( Euthanasie) 2008
Mme Nancy Arendt (CSV).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech halen dës Ried a mengem perséinlechen Numm.
Dës lescht Méint a virun allem déi lescht zwou Woche ware keng einfach Zäit, fir kee vun eis heibannen, well jiddwereen nach eng Kéier op d'Prouf gestallt ginn ass, well jiddweree vläicht d'Chance souguer genotzt huet, bei dësem esou kriddelechen an essenziellen Thema seng Positioun nach eng Kéier ze iwwerdenken.
Et huet ee sech bei all Artikel an der Zeitung oder Lieserbréif, bei all Kommentar um Radio oder op der Televisioun, bei all perséinlechem Gespréich, jo, an och beim Bekanntmaache vun eisem Grand-Duc senger perséinlecher Meenung ëmmer erëm frësch iwwerluecht, ob een dann net awer vläicht ze wäit oder souguer eventuell net wäit genuch déi esou berühmten Dier probéiert opzemaachen.
Et gëtt bestëmmt keen heibannen, dee sech net laang mat dëser Thematik beschäftegt huet, sech wierklech seriö Gedanke gemaach huet a sech Zäit geholl huet, fir mat ville Leit, sief et aus dem Gesondheetssecteur, sief et mat Frënn oder einfach a senger eegener Famill iwwert dëse Sujet ze schwätzen. A jiddweree vun eis - ech hoffen dat op alle Fall - ass zu senger perséinlecher eegener Meenung an Iwwerzeegung komm. Ech respektéiere se all.
Jiddwereen, mengen ech emol, huet dës esou wichteg Zäit genotzt, fir méi kloer ze gesinn. Et ass och fir dës Kéier keng einfach Entscheedung; natierlech net, wat d'Palliativmedezin ubelaangt, well do si mer eis jo all eens, mä virun allem an der Fro iwwert déi aktiv Stierfhëllef.
Et ass och keng einfach Entscheedung, well et geet eben ëm d'Liewensenn. Et ass eben net einfach, vum Doud ze schwätzen, well keen huet e gären, mä e gehéiert awer derzou. Mir sinn all kulturell, reliéis geprägt an all Eenzelne vun eis huet sech duerch seng individuell Erfahrungen, dat, wat hie perséinlech a sengem Liewe matgemaach an erlieft huet, beweegt, fir ganz eleng déif bannendran zu senger eegener Meenung ze fannen.
Dat, wat mam Kierper geschitt, wann en op eemol wierklech krank gëtt oder ass a keng Chance op eng Besserung oder Heelung huet, ass net ëmmer einfach ze akzeptéieren. Jiddweree geet eben anescht domat ëm, well jiddwereen eben en Individuum ass a säi Kierper a säi Geescht anescht erlieft, anescht emfënnt, anescht denkt, aner presentéiert, anescht verschenkt, anescht fillt, anescht auslieft, an dofir selbstverständlech och eng ënnerschiddlech Opfaassung oder Virstellung vum Stierwen huet.
Ob Chrëscht, ob Moslem, Buddhist oder Laizist, mir mussen all akzeptéieren, datt mer ënnerschiddlech sinn, datt net all Mënsch d'nämlecht denkt an datt déi allermeescht vun eis bei hirer leschter Entscheedung op hirem leschte Wee, op alle Fall deem op dëser Äerd, sech net vun engem anere virschreiwe loossen, wat fir ee Wee fir hien dee beschten oder deen eenzege Wee soll sinn, mä datt déi allermeescht vun eis selwer entscheede wëllen.
Fir mech war dat dat wichtegst Element bei dëser Debatt; net, wéi mir hei perséinlech iwwer eist Liewensenn denken, mä datt deen, dee vläicht anescht denkt, och säi Choix kritt bei senger allerleschter Entscheedung a selbstverständlech ënner strikte Viraussetzungen. An déi si fir mech strikt, méi strikt, wéi se beim éischte Vote waren.
Et geet fir mech ganz einfach net ëm meng Astellung. Et geet ëm deem seng, dee mat enger onheelbarer Krankheet diagnostizéiert ass, dee keng Heelungs- oder Verbesserungschancen huet, deen, deen ouni Drock - well esou steet et dran - seng fräi Meenung kann ausdrécken a répétitif formuléiert huet, datt hien net esou liewe wëllt, well dat, wat him bleift, fir hien net méi liewenswäert ass, obschonn hien opgekläert gouf, wat hien nach alles fir Méiglechkeeten huet, fir ebe grad de Kampf net opzeginn an ze begleeden.
An eréischt dann, wann hie selwer fir sech de Kampf verluer huet, wann hie sech opginn huet, wann hien net méi wëllt an net méi kann, eréischt dann, léif Kolleegen, da musse mer hien och kënne goe loossen. Och déi Leit hu fir mech e Recht, am Fridden ze stierwen.
Hei ass et einfach net u mir als Politiker, fir si ze entscheeden.
Mä et ass u mir, fir déi Méiglechkeeten, déi elo scho praktizéiert ginn, legal ze encadréieren an esou gréisstméiglech Abusen ze verhënneren.
Plusieurs voix.- Très bien!
Mme Nancy Arendt (CSV).- Ech sinn dovunner iwwerzeegt, datt souguer wa mer et géife fäerdeg bréngen, eng perfekt fonctionnéierend Palliativmedezin a ganz Lëtzebuerg op d'Been ze setzen - an ech zweifelen net drun, datt mer dat fäerdeg bréngen, mat deenen allermotivéiertsten Dokteren a Fleegepersonal, déi omnipräsent an alleguerten um allerleschte Stand vun der Schmäerztherapie sinn, souguer da wäerten et awer ëmmer Leit ginn, déi fir sech an der Palliativmedezin keng Léisung gesinn. An och wann et der net vill sinn, an d'Praxis an d'Erfahrung aus deenen anere Länner, wou déi aktiv Stierfhëllef scho praktizéiert gëtt, beweist eis jo, datt dat just Ausnahme sinn, da muss een och deenen hire Wëlle kënnen akzeptéieren.
Ech hu Schwieregkeeten, d'Iddi, fir d'Kommissioun ex ante, also virdrun ze maachen, ze ënnerstëtzen. D'Auteure si jo och de Mueren am Detail dorop agaangen, den Här Bodry och, an ech wäert elo net nach eng Kéier alles dat widderhuelen.
Et ass och net nëmmen, well de Statsrot dës Propos ofgelehnt huet, mä well ech ganz genau weess, dat geet aus de Statistiken ervir, datt déi Leit, déi sech fir d'aktiv Stierfhëllef entscheed hunn, iwwer 90% Mënsche sinn, déi am allerleschte Stadium Kriibs sinn.
Also just kuerz, e puer Deeg virum Doud sinn. A fir se dann nach duerch onnéideg Prozeduren opzehalen, bis se dann awer vläicht vum selwe gestuerwe sinn, ass fir mech schwéier ze akzeptéieren.
Déi Mënschen hu jo och scho genuch matgemaach. Wéi schlecht muss et engem sinn, bis datt ee sech wëllt opginn! Déi si sech all eens. An héchstwahrscheinlech och mat hirer Famill. An déi bieden, fir erléist ze ginn.
Mir kréien ni d'Sécherheet, datt all Feeler vermidde ka ginn, ob d'Kommissioun virdrun oder duerno ass. Och net bei de Patienten, déi nach voll am Liewe stinn. Ech denken, et ass wichteg, datt et se gëtt, och wa se ex post bleift, well den Dokter bestëmmt zwee- oder dräimol iwwerleet, ob e wierklech alles richteg gemaach huet.
Ob en alleguer d'Méiglechkeeten ausgeschöpft huet. Ob en alles erkläert huet, wat et nach fir Méiglechkeete gëtt. An en iwwerleet sech ganz sécher e puermol, ob en all déi Viraussetzungen, déi festgeluecht gi sinn, och wierklech agehalen huet.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, et kéint ee wahrscheinlech nach méintlaang weider iwwerleeën an driwwer schwätzen, bis datt een all Zweifel aus dem Wee geraumt hätt, wéi wäit ee wëllt dës Richtung agrenzen a wéi wäit ee wëllt goen. A wat ass dann d'Ausnahm vun der Ausnahm? A wie gëtt sech dann och d'Recht, hei ze jugéieren, wat dann esou eng Ausnahm ass?
Vläicht ass fir deen, deen net direkt betraff ass, dee vu baussen observéiert, eng Ausnahm deen, deen net méi selwer ootme kann, deen net méi selwer iesse kann, dee sech net méi bewege kann, deem seng Péng se net kontrolléiert kréien a wou vläicht deen een oder deen anere sech heemlech freet, wéi deen esou eppes aushält, ob dat iwwerhaapt nach liewenswäert ass. Mä deen, deen doläit, dee fënnt dat net. Well en hofft a well e kämpft. A well en net opgëtt. A
well en dat Leiden als en Deel vu sengem Liewen akzeptéiert an erdréit. A well e wëllt liewe bis zum Schluss. Well dat fir hien nach liewenswäert ass. An dat ass säi gutt Recht. Kee vun eis gesäit dat anescht.
Mä vläicht ass et eben och ëmgedréint an et ass deen, deen nach selwer ësst an otemt, dee seet, hie wär dës Ausnahm. Well en net méi geheelt ka ginn, eng Maladie sans issue huet. Well e keng Chance méi gesäit. Well e keng Hoffnung méi huet, keng Kraaft a keng Loscht méi huet a seng Péng fir hien net méi ze erdroen ass.
Well en net méi kann. Well fir hien dat kee Liewe méi ass a well en net méi liewe wëllt. A well e wëllt erléist ginn.
Mä säi Partner oder säi Meedchen oder säi Papp seet, hien ass keng vun deenen Ausnahmen, well hien en net wëllt opginn a well hien e wëllt bei sech behalen. A well hien en net wëllt goe loossen a well hie fir e kämpfe wëllt.
Wien entscheet dann hei, wien eng Ausnahm ass a wien net?
Hei ass et net um Meedchen an et ass och net um Papp oder um Mann, an et ass och scho guer net un enger Kommissioun, fir ze jugéieren, an och net un eis, fir ze jugéieren, wann een ënnert d'Viraussetzunge fält, déi mir festgeluecht hunn, déi d'Auteure festgesat hunn, wien nach soll a wien nach kann a wien net. Ech fannen, datt dat nëmmen dee selwer ass, deen hei kann entscheeden, ob hien nach kann an ob hien et nach packt.
Här President, ech si fir mech scho virun e puer Méint zu menger Konklusioun komm, an ech hoffen, datt se weider respektéiert gëtt, gradesou wéi ech déi Mënsche respektéieren, déi fir sech zu enger anerer Konklusioun komm sinn. Si huet och elo net geännert. Au contraire, si huet sech verstäerkt.
Ech wëll alle Kolleegen heibanne Merci soe fir déi interessant Gespréicher, déi mer haten, mat all deene verschiddene Meenungen, an et war ëmmer mam Respekt zu deem anere senger Meenung. Ech soe jiddwerengem Merci fir déi Zäit, déi e sech geholl huet, fir mat mir driwwer ze schwätzen.
Dës Propositioun ass fir mech perséinlech elo vill besser wéi déi virdrun. Si ass méi strikt a si ass méi sécher. An eenzel Schwieregkeeten, déi mir besonnesch um Häerz louchen, sinn eraus: déi dement Leit an d'Kanner tëschent 16 an 18 Joer. Et ass alles gesot.
Ech wéilt Merci soen, datt hei d'Gewëssensfräiheet zougesprach ginn ass, an et ka fir mech selbstverständlech nëmmen esou sinn, datt dat bei der ganzer Thematik de Fall ass. Et huet ee se oder et huet ee se net. Dat geet net stéckerchersweis, heifir Jo an duerfir vläicht Neen. Well dat Ganzt ass nun eben emol e Ganzt. An hei ännert ee seng Meenung net vun haut op muer.
Ech sinn iwwerzeegt, datt déi, déi sech getraut hunn, aus hirem vläicht übleche Kader sech erauszebewegen, dëst aus voller Iwwerzeegung gemaach hunn. A se sech guer net erlaabt hätten, méi fräi oder manner fräi ze denken an ze iwwerleeën, wann dës Gewëssensfräiheet net déi absolut Viraussetzung gewiescht wär.
Aus soss kengem anere Grond huet ee sech getraut. An ech denken, et ass grad dat, wat d'Mënschen dobausse vun hire Vertrieder bei dësem esou essenziellen Thema verlaangt hunn: op där enger wéi op där anerer Säit eis éierlech Meenung ze soen. Weider näischt aneschters hunn ech gemaach.
Ech soe Merci, datt ech meng perséinlech Meenung behale konnt. Et weist mir, datt do, wou ech an der Partei sinn, datt dat eng staark Partei ass, eng Vollekspartei ass. Déi eben och ënnert hiren Deputéierte Mënschen huet, déi eben net all d'nämlecht denken. An ech si frou, an där Partei ze sinn.
Här President, léif Kolleegen, zum Schluss wéilt ech op en Zitat zréckkommen, wat mech bei all eisen Diskussiounen zu dëser Thematik ëmmer erëm verfollegt huet. Dat, wat just indirekt mam Thema ze dinn huet, mä wat mech awer ëmmer erëm frësch beschäftegt huet, nämlech dat vum Här Dokter Leonetti. Hie sot oder hien huet sech gefrot: "Le corps est-il négociable (...)?"
Senger Meenung no net. An ech kann em jo och net méi wéi Recht ginn. Fir mech däerf de Kierper och net négociable sinn.
Mä ech weess net, ob den Här Leonetti net weess, a wat fir enger Welt mir liewen. Well d'Realitéit ass eng ganz aner. Ech muss ganz éierlech gestoen, datt mir alleguerten, all déi, déi sech esou Gedanke maachen iwwer eng Gesellschaft, déi zouléisst, datt déi puer Leit, och wa jiddwereen als Eenzelne wichteg ass, déi net méi wëllen an net méi kënnen, hirem Wonsch, fir éischter erléist ze ginn, wa se an esou enger aussiichtsloser Lag sinn, nozekommen, deen nämlechten Asaz weisen, wann eng Gesellschaft zouléisst, datt Millioune vu Kanner a Frae weltwäit all Dag négociéiert a verkaaft ginn. An déi allermeescht vun hinne sech dat net gewënscht hunn an de ganze Rescht vun hirem Liewen nach viru sech hunn an domadder liewe mussen.
Här President, zum Schluss: Ech sinn iwwerzeegt, datt, wann een souguer net perséinlech fir déi aktiv Stierfhëllef ass, een awer dësen Text stëmme kann. Well et jo hei ëm déi Mënsche geet, déi fir eng aktiv Stierfhëllef sinn, an net ëm déi, déi dergéint sinn. Well déi, déi dergéint sinn, déi hu jo hire Choix!
Ech soen Iech Merci fir d'Nolauschteren.
Plusieurs voix.- Très bien!
Une voix.- Bravo! Bravo!
M. le Président.- Merci, Madame Arendt. Nächste Riedner ass den honorabelen Här Goerens.
M. Charles Goerens (DP).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech mengen et géif esou lues Zäit ginn, datt mer de Gruef géifen zoutippen. Meng Virriednerin, där ech wëll félicitéiere fir hir Opriichtegkeet an hir Éierlechkeet, huet do schonn e gudden Ufank gemaach.
Ech wollt ufänke wéi si a soen, datt ech och net am Numm vu menger Fraktioun schwätzen. Ech schwätzen hei a mengem ganz perséinlechen Numm. Ech hat eng Kéier op engem Parteikongress gesot: Wann ee mer eng Kéier kann ënnerstellen, et wier awer och nëmmen e Schiet vun engem Drock ausgeübt ginn op ee vu mengen néng Kolleegen, an e ka mer dat beweisen, da ginn ech nach an der Sekonn meng Demissioun als Fraktiounschef.
Hei ass och eng vun deene wéinegen Entscheedungen, déi mir selwer schwéier gefall sinn. Ech ginn zou, ech sinn hei e laangen Zickzackkurs gefuer. Well ech ganz onsécher war an deem Dossier.
Ech hunn och meng Meenung net gebilt an der Fraktioun. Ech hu meng Meenung gebilt mat menger Fra, mat menge Kanner a mat mengen Elteren. An ech hu versicht erauszefannen, ob mer iwwert datselwecht géife schwätzen.
Ech war erstaunt ze remarquéieren, datt meng Elteren, déi am Fong net vu Beruff aus prédestinéiert si fir Gesetzer ze liesen, hoergenee woussten, wourëm datt et géing. À la fin du compte hunn ech awer selwer missen tranchéieren.
Ech hunn esou tranchéiert wéi ech et am éischte Vote hei gemaach hunn an ech wollt och nach eng Kéier kuerz soen, datt deen Entscheedungsprozess do keen einfachen ass. A well ech weess, wat ech alles duerchgemaach hunn an deem Dossier, verstinn ech, datt aner Leit aner Meenungen äusseren doriwwer. An et géif mer am Dram net afalen, fir iwwer iergendeen hierzefalen.
Ech mengen, wa mer eis wéinstens kéinten dorop eenegen, datt mer géife respektéieren, datt et net eng Wourecht gëtt, mä "que la vérité est plurielle", dann hätt dee Gruef, dee mer elo hei hunn an dee muttwëlleg déif gemaach ginn ass a leschter Zäit, ni dierfen entstoen.
Ech hat gehofft, datt mer alleguerten heibannen - an elo ass heibannen den Débat jo nach gaangen.
(Interruptions)
Ech hu gesot, elo ass e jo nach gaangen. En ass och net vun dobaussen onwahrscheinlech vill responsabiliséiert ginn.
Vu datt et schonn x-mol gesot ginn ass heibannen, wëll ech net op eng Partie Saachen zréckkommen, déi dobaussen zirkuléieren, kollektiv Fantasmen. Ech wëll nëmme just een eraushuelen: Ech fannen et schued, datt Leit gleewe gedoe ginn, déi e gewëssenen Alter hunn, datt si elo mussen dru gleewen. Wéi déif muss ee falen, fir sech un esou enger Psychos ze bedeelegen? Dat solle mer eis emol jiddweree froen.
Wier et dann net méi einfach, an enger Diskussioun, déi esou komplizéiert ass, mir géifen einfach akzeptéieren, datt eleng duerch eng Presentatioun vun de Fakten, an zwar dat, wat am Gesetz oder an der Proposition
Page 260
de loi steet, wa mer dat emol géife presentéieren dobaussen esou wéi et dosteet? Quitte datt een do ganz vill Désaccordë begéint, mä datt wéinstens dat a senger Véridicitéit eriwwerkéim. Dann hätte mer scho ganz vill gemaach an da géife mer dee Gruef net muttwëlleg méi breet maachen.
Well wa mer eis nëmmen un déi geplangten Dispositiounen halen an un d'Fakten, ass wéi gesot déi Diskussioun hei nach schwéier genuch.
Firwat ass dat esou schwéier?
Mä well an deem Gesetz hei geet et souwuel ëm d'Leide vu Mënschen, woubäi Leide vill ze vill schwaach ausgedréckt ass, fir dat erëmzeginn, wat een emfënnt, wann een iwwert déi do Fäll schwätzt.
Et geet ëm d'Leide vu Mënschen an et geet och ëm Prinzipië wéi zum Beispill dee vum Respekt vum Liewen oder de Prinzip vun der Irréductibilitéit vun der mënschlecher Dignitéit.
Wann ech mech elo mental - dat ass deen Zickzackkurs, op deen ech d'éinescht higewisen hunn - bei d'Bett vun engem Patient stellen, esou wéi d'Madame Arendt et beschriwwen huet: Dat Allerlescht, wat mer do afält, ass Polemik. Dat Allerlescht, wat mer do afält, dat sinn "des sentiments de refus" fir dat op mech awierken ze loossen, wat deen emfënnt. Dat Allerlescht, wat mer do afält, ass Parteipolitik.
Wann ech awer e bësse vum Bett zréckginn, ech maachen e puer Schrëtt zréck oder ech ginn nach e bësse méi wäit zréck, an ech ginn an e Sall wou mer an engem akademesche Kader iwwer Prinzipien diskutéieren - a gleeft mer et, ech maachen dat immens gär, an et ass esou flott wann ee sech an enger Diskussioun ka fest u seng Prinzipië klameren an et brauch een nëmme just no de Prinzipien ze kucken -, dann ass d'Léisung op eemol ganz einfach.
Wann ech awer dann erëm zréck bei d'Bett gi vun deem Patient, dann ass et op eemol net méi esou einfach. Da gesinn ech eppes op mech duerkommen, wat ech schonn eng Kéier erlieft hunn 1995. Ech hu vun engem Geeschtlechen en Tëlefonsuruff kritt - ech war deemools am Europaparlament -, deen huet gesot, d'Politik verseet op eng Manéier, déi net ze veräntwerten ass a Bosnien-Herzegowina.
Ech kommen dorobber zréck, well deeselwechte Geeschtlechen huet mech och elo ugeruff am Kader vun dëser Debatt. An ech hunn em dës Kéier geäntwert: "Ech hunn Iech deemools eng ganz domm Äntwert ginn. Ech hunn Iech deemools gesot, et gëtt Prinzipien am internationale Völkerrecht, déi kënne mer net verletzen." An ech hunn him esou Saache gesot wéi Unantastbarkeet vun de Grenzen an et däerf een net d'Souveränitéit vun engem Stat attackéieren. Dat geet net.
De Geeschtlechen huet mer deemools gesot, dat wier eng Äntwert, déi reng op Prinzipië sech géif reduzéieren, mä déi Prinzipië kéimen nach net bei de Mënschen un. Wéi Recht datt en hat, hu mer bei Srebrenica gesinn!
Ech wëll hei net iwwer Srebrenica schwätzen, mä ech wëll awer soen, datt dee klasseschen Dilemma, an deem mer eis hei befannen, genau deeselwechten ass. An et ass dat, wat d'Politik esou schwéier mécht. All Kéiers dann, wa Prinzipien net méi un de Mënsch erukommen an et begéint een dem Mënsch an deem, wat e verlaangt, net méi ganz, dann hu mer e seriöe Problem.
Déi eng tranchéieren esou, déi aner esou. Op kee Fall huet een d'Recht, egal wéi een tranchéiert, fir eng aner Realitéit ze iwwersinn, nämlech déi, datt de Mënsch e relationellt Wiesen ass an datt en den Zousproch vu jiddwerengem verdéngt, deen e begéint. Déi eng kënnen em méi hëllefen, déi aner kënnen em manner hëllefen.
Ech hu keen héieren, deen net bereet ass an dee refuséiert, fir deem Mënsch, mat deem, wat hie ka vertrieden, ze hëllefen. Da loosse mer wéinstens dat festhalen an dat net och nach erkenne loossen, andeem mer de Gruef nach méi déif maachen!
Zréck bei d'Stierfhëllef. Wa mer eppes décidéieren, dann hu mer dovun d'Konsequenzen ze droen. Déi sinn haut ganz prezis beschriwwe ginn.
Wa mer näischt décidéieren, wann d'Gesetz net gestëmmt gëtt, huet dat da keng Konsequenzen? Oder fir et anescht auszedrécken: Wann dat Gesetz hei gestëmmt gëtt, ass d'Welt dann net méi an der Rei?
Da woen ech awer emol un dat ze erënneren, wat mer an all deene Gespréicher matkrute vu Leit dobaussen aus der Société civile, vu Leit, déi e léiwe Mënsch verluer hunn an déi gesot hunn, et ass awer op eemol séier gaangen. Ech weess net, wat ech kann domadder ufänken, well ech war ni derbäi. Et sinn der heibannen, déi wësse méi domadder unzefänken. Oder wat d'Doktere gesot hunn. Oder wat Eenzelner souguer behaapt hunn.
Ech wéisst emol gär, wa mer d'Debatt hei wierklech ganz opriichteg féieren, wat erauskomm wier iwwert déi aktuell Praxis, Lëtzebuerg wie gehabt, wat dann erauskomm wier, wa mer eng Enquêtëkommissioun gemaach hätten a mir hätten all deene vagen Undeitungen a Rumeuren emol eng Kéier Glawe geschenkt a mir hätten ënner Eed alleguer déi aussoe gelooss, déi doriwwer bericht hunn. Ech wier emol wierklech gespaant, ob dann nach als Resultat vun där Kommissioun déi "heile Welt" hätt kënne festgehale ginn.
Wat geschitt also, wa mer elo légiféréieren a wann déi Proposition de loi hei a Kraaft gesat gëtt?
Ech ginn emol dovun aus, datt dann och nach wie vor dat gëllt, wat ech d'éinescht gesot hunn, datt jiddweree sech drëm beméit, fir deenen, déi wierklech an enger exekrabeler Situatioun sinn, déi Souffrancen ze erdroen hunn, mat deene se eleng net fäerdeg ginn, ze hëllefen.
Mir kréien eng Palliativmedezin, déi, hoffen ech, flächendeckend kann applizéiert ginn an déi net un iergendenger budgetärer Lacune scheitert. Mä et wäerte Fäll bleiwen, an dat ass och meng Lecture vun der Situatioun, wou d'Qualen esou grouss sinn, datt de Patient mat där Method eleng senge Souffrancen net kann en Enn setzen.
Hu mer awer e Gesetz, wat déi Fäll regelt, stelle mer sécher, datt et legal Konditioune ginn, déi menger Meenung no awer strikt genuch virschreiwen, wat ze geschéien huet.
Hu mer awer kee Gesetz, geschitt dann näischt? Oh dach! Da geschitt awer eppes. Da geet et esou viru wéi bis elo. An da gi mer eis an de Schiet vun deem Monument vun Hypokrisie setzen a mir kënnen eis da géigesäiteg Geschichten zielen a soen, d'Welt wier an der Rei.
D'Welt ass awer dann net an der Rei. Hei si mer dann total am groe Beräich.
Dat, wat ech fäerten - ech si meng Ängschten nach net alleguerte lass, Här Presi-
dent -, dat, wat ech fäerten, dat ass, datt de groe Beräich elo anzwousch anescht verlagert gëtt. Ech gesi manner Geforen - et ka keen eis eng Garantie ginn, datt dat Gesetz hei éiweg ouni Pann applizéiert gëtt - an deene Fäll, déi virgeholl ginn am Kader vun der Applikatioun vun dësem Gesetz, wéi ausserhalb vun där Zon, wou mer net, wéi gesot, am gréngen, mä am groe Beräich sinn.
Mir sinn an deem groe Beräich am Fong an deem gudden ale Lëtzebuerger Modell. Jiddwereen huet eppes héieren, awer kee wëllt eppes gesot hunn. Da kommt mir halen op mat där Hypokrisie a mir soen eis, trotz allen Differenzen, was Sache ist a wou mer kënnen Abusen évitéieren! Et ka keen heibannen en Intérêt drun hunn, datt mer déi do Praxis, an déi bal iwwer all Lëpse kënnt, virun toleréieren, ouni datt mer iergendeppes ënnerhuelen.
Plusieurs voix.- Très bien!
|