Home /

Interventiounen

 

Autres

Anti Tubak Gesetz Intervention Nancy Arendt Joer 2005

 

M. le Président.- Merci, Här Jaerling. Déi nächst Riednerin ass d'Madame Arendt. Madame Arendt, Dir hutt d'Wuert.

n Mme Nancy Arendt (CSV).- Merci, Här President. Här President, Dir Dammen an Dir Hären, seele war eng Thematik esou emotionell gewiescht wéi dës. An dat ass och net verwonnerlech, well bei dësem Gesetz si mir alleguerte betraff: déi, déi fëmmen, an déi, déi et net maachen. A jiddferee verdeedegt seng Fräiheet. Déi eng, well se do, wou se bis elo konnte fëmmen, weider wëlle fëmmen, déi aner, well se net vun dësem Damp wëlle gestéiert ginn, zumools net méi säitdeem et wëssenschaftlech bewisen ass, wéi schiedlech dëse bloen Damp ass.

Et ass also kee Geheimnis, datt dëst Gesetz fir vill Leit vun enormer Wichtegkeet ass, well et hei ëm dat wichtegst Kapital geet, wat mir alleguerten hunn, an dat ass eis Gesondheet. Dräi Véirel vun de Leit - an et ass scho virdrun ugeklongen -, déi bei eis am Land wunnen, fëmmen net. A vill vun hinnen hunn elo Hoffnung an eis gestach, fir datt mir elo hei no 20 Joer endlech an dëser Matière légiféréieren an dat och esou maachen, datt et en Ënnerscheed mécht zu deem, wat mer virdrun haten.

An ech ka kaum verstoppen - an eis Presidentin, d'Madame Mutsch, huet et och scho gesot - wéi enorm et eis alleguerte freet an der Santéskommissioun, datt dëse Projet nach wesentlech verbessert ginn ass - fir all déi, déi ënner enger Verbesserung eng méi restriktiv Versioun verstanen hunn.

Et huet ee ganz däitlech an deene leschte Méint an den Diskussioune gemierkt, datt déi, déi de Gesetzestext méi wäit wollten hunn, all Kéiers déi Statistiken ervirbruecht hunn, déi am héchsten d'Konsequenze vum Fëmmen an och vum passive Fëmmen ervirbruecht hunn, wat cardio-vasculaire Krankheeten, Hireschléi, Allergien, Asthma, Fréigebuerten, Mort-subiten a selbstverständlech och Kriibs - net nëmme Longekriibs, wéi den Här Huss scho gesot huet, mä verschidde Kriibsaarten - ubelaangt. An déi, déi den Text manner wäit wollten, déi hunn déi ënnescht Skala vun de medezinesche Resultater an hire Konsequenze geholl.

Fakt bleift awer, datt, egal wat fir eng een ervirbréngt, den Tubak an d'Konsequenze vum Fëmmen, ob aktiv oder passiv, enorm schiedlech sinn an och bleiwen. A kee ka méi ofstreiden, datt den Tubak ëmbréngt. Et steet jo och net fir näischt op all Pak eenzel drop.

An Däitschland zum Beispill: 140.000 Mënschen am Joer; wäit méi wéi Alkohol, Aids, Heroin an Accidenter am Stroosseverkéier zesummen.

An enger vun deene leschten "Spiegel"-Editiounen, wou e groussen Artikel ënnert der Iwwerschrëft "Rauchen, das Ende der Toleranz" ze fannen ass, steet: "5 Millionen ihrer besten Kunden schicken die Tabakunternehmen der Welt jedes Jahr in den Tod. Mindestens die gleiche Anzahl müssen sie jedes Jahr wieder neu rekrutieren, was ihnen am ehesten unter den Jugendlichen gelingt." An dat geschitt och nach ëmmer mat groussem Succès.

Aus enger ILReS-Ëmfro, déi am Optrag vun der Fondation luxembourgeoise contre le cancer gemaach gouf, geet däitlech ervir, datt et grad déi Jonk sinn, virun allem déi jonk Männer tëschent 18 a 24 Joer, déi un der Spëtzt vum Peloton vun de Fëmmerte leien, nämlech 48% vun hinne fëmme schonn an esou engem jonken Alter. An och bei de Fraen ass et déi nämlecht Alterskategorie, nämlech déi jonk Fraen also, déi deen héchsten Taux opweisen. Si kommen op 33%.

Besonnesch schued ass bei de Fraen, an awer och heiansdo bei de Männer, festzestellen, datt der vill vun hinne wéilte Schluss maache mam Fëmmen, mä net ophalen, well se mengen hiert Gewiicht esou besser ënner Kontroll ze halen.

(M. Lucien Weiler reprend la Présidence)

Wann een dann nach weess, datt nach geziilt Moyenen agesat ginn, fir d'Gloscht ze verstäerken, da muss ee sech wierklech Froe stellen. Ech zitéieren eng leschte Kéier den "Spiegel"-Artikel: "Um die Nachfrage nach Zigaretten zu steigern, geben die Hersteller außerdem Ammoniak oder Harnstoff in den Tabak. Diese Substanzen wirken wie ein Turbo auf die Chemie des Rauchs: Sein pH-Wert steigt, daher absorbiert die Lunge wesentlich mehr Nikotin, es flutet schneller im Gehirn an, und so erlebt der Raucher einen weitaus stärkeren Nikotinflash.

Das ist es, was ihn umso gieriger zur nächsten Zigarette greifen lässt. Dank Ammoniak werden Raucher schneller und stärker süchtig.

Der Ammoniaktrick erlaubt es den Herstellern au?erdem, den offiziellen Nikotingehalt zu senken und gleichzeitig mehr Nikotin in das Gehirn des Rauchers zu schwemmen. Der glaubt dann seine Zigarette sei leichter, dabei ist sie das Gegenteil: eine Nikotinbombe."

A jiddferee weess, wann een eemol ugefaangen huet, wéi schwéier et ass, nees dovu lasszekommen. An dat, léif Kolleegen, ass net fir näischt esou gewollt.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, bei dësem Gesetz ass et ni, ni drëms gaangen, fir Leit ze zwénge mam Fëmmen opzehalen. Dat soll selbstverständlech jiddferengem seng Fräiheet bleiwen. An et sollt och keng Hetzcampagne géint déi sinn, déi fëmmen.

Dëst Gesetz sollt virun allem déi Jonk motivéieren, net mam Fëmmen unzefänken. Et soll d'Publicitéit limitéieren, et soll sensibiliséieren an et soll de Schutz virum passive Fëmme besser sécheren. Well de Problem ass jo deen, datt ee beim Fëmmen eppes mécht, wat ee bei kenger anerer Drog mécht: Et schuet een nämlech net nëmme sech selwer, mä et schuet een och deem, deen net fëmmt, mat.

D'Sensibilisatiounscampagnë vum Gesondheetsministère, déi zënter Wochen um Radio an um Fernseh lafen, bréngen dëst däitlech ervir: Wann Dir fëmmt, da fëmmt deen, deen net fëmmt, mat. An deem säi Risiko - also deen, deen net fëmmt - klëmmt ronderëm 30% fir Longekriibs ze kréien; deemno wou ee sech ophält, méi oder manner.

Net nëmmen deen, dee fëmmt, dréit hei eleng d'gesondheetlech Konsequenzen dovunner, mä och deen, deen niewendru steet, sëtzt oder schléift. De sou genannte Courant secondaire huet et nämlech a sech; den Damp also, deen d'Zigarett vu sech gëtt, wa se um Äschebecher rascht oder wa se an der Hand ass, den Damp tëschent den Zich. Well d'Verbrennungstemperatur net esou héich bei dësem Damp ass, enthält e vill méi héich Quantitéite vu Formaldehyd, Blosaier a bis zu 400-mol méi Nitrosaminen.

Am Avis vun der AMMD, also der Association des médecins et médecins-dentistes, steet och vun dësem Courant secondaire wa se op d'Doudesfäll opmierksam mécht, déi op d'Passivfëmmen zréckzeféiere sinn. Hirer Associatioun no leien am Moment iwwer 40 Etüde vir, déi d'Relatioun tëschent dem passive Fëmmen an dem Longekriibs beleeën.

An Amerika gëtt d'Zuel vun den Doudesfäll, déi a Relatioun mam passive Fëmme sinn, op 3.000 am Joer geschat, an Europa gëtt se op 1.200 geschat, a Frankräich an déi 100, während mir hei am klenge Lëtzebuerg och scho verschidde Fäll hunn. Méi wäit schreift d'AMMD an hirem Avis dann och nach, an ech zitéieren: "Il a par ailleurs été démontré une relation dose-effet, puisque chaque fois que la consommation quotidienne du conjoint accroît de dix cigarettes, le risque croît de 23%" fir Longekriibs ze kréien.

Eng japanesch Studie, déi och d'Relatiounen tëschent dem passive Fëmmen an dem Longekriibs däitlech mécht, an déi schonn 1981 am "British Medical Journal" publizéiert gouf mam Titel "Non smoking wifes of heavy smokers have a higher risk of lung cancer", kënnt ganz genau zur nämlechter Konklusioun wéi déi Etüde virdrun. Et ass also ganz kloer, datt een net méi duerchkënnt mat deem bekannte Sproch: Si huet ni an hirem Liewen eng Zigarett ugepaakt oder gefëmmt an ass awer u Longekriibs gestuerwen.

Well, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, et brauch ee guer keng Zigarett unzepaken oder eng eenzeg ze fëmmen, et geet duer

 

wann ee mat engem lieft oder sech op enger Aarbechtsplaz befënnt, wou vill gefëmmt gëtt an deem net entweiche kann, fir datt de Longekriibs drastesch klëmmt.

Den zweete Problem vum Fëmmen oder passive Fëmmen ass deen, datt vill Leit déi gesondheetlech Konsequenze praktesch net mierken, op alle Fall net direkt mierken. An dat mécht dës Sucht jo grad esou geféierlech, virun allem erëm fir déi Jonk. Hinnen ass et oft egal, wa si elo eppes maachen, wat eréischt an 20 oder 30 Joer Konsequenze bréngt. Et ass hinnen dee Moment egal, wéi si mat 60 sinn. Mä wann een awer lues awer sécher op déi 60 lassgeet, da gëtt ee sech op eemol bewosst, wéi liewenswäert dann d'Liewen nach ka sinn, mä dann ass et leider oft ze spéit.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ëmmer méi Länner maache sech op de Wee vum Verbuet vum Fëmmen, an de Rhythmus, wou se légiféréieren, ass enorm an net méi ze bremsen. Oft héiert ee souguer, datt se nach net laang en Antitubaksgesetz gestëmmt hunn a sech déi positiv Répercussiounen esou bemierkbar maachen, datt nach weider Schrëtt an eng verschäerfte Versioun souguer folgen.

Déi extrem Zefriddenheet bei de Leit mécht dëst méiglech, souguer och oft bei deenen, déi selwer fëmmen.

Sou erlaben ech mer dat positiivt Beispill - et ass schonn e puermol ugeklongen - vun Irland ervirzebréngen, wou zënter e puer Joer e strikt Fëmmverbuet ass an de Restauranten an an de Caféen, de sou genanntenen Irish Pubs, wou souguer en iwwerzeegtenen Netfëmmert seng Zweifelen drun hat, ob dat da kéint funktionéieren.

Een, dee sech nëmme viru Joren an esou e Pub eragetraut huet, weess vu wat ech schwätzen. Ouni bal op engem Meter dicht säi Partner fréier kënnen ze erkennen, trëppelt een elo an en nach méi gefëlltene Café eran, mä dampfräi. Et gëtt méi laang bliwwen an et gi méi Sue beim Iessen ausginn, zënterdeem datt dëst Gesetz a Kraaft ass. An ech denken, datt d'Horesca sech hei vill Suerge mécht, déi net onbedéngt begrënnt sinn.

De leschte Sondage iwwert d'Zefriddenheet bei den Iren no der Ëmsetzung vun dësem Gesetz weist drop hin, datt 93% - oder 96% hat d'Madame Mutsch, mengen ech, gesot - vun hinnen et elo vill besser gefält, et méi propper fannen a méi gesond fannen - Fëmmert oder net. An ech zitéieren aus dem Avis vun der Chambre de Travail: "L'interdiction irlandaise est exemplaire, car non seulement la loi est respectée, mais 93% des Irlandais approuvent les mesures prises et ceci malgré la très forte polémique qui a secoué ce pays au moment de l'interdiction. Cette interdiction n'a eu aucune conséquence négative sur le commerce, l'année 2004 a même été en Irlande une année record sur le plan touristique."

En anert Beispill ass dat vun New York, wou en totaalt Fëmmverbuet an de Restauranten ënner anerem ass a wou zënter dësem strikte Fëmmverbuet 23% vun hirer Kliantell méi oft erëmkommen, vis-à-vis vu 4%, déi elo manner fréquentéieren. Sou schreift d'Aarbechterkummer an hirem Avis, datt, säitdeem d'Gesetz a Kraaft ass, New York zweemol méi Ouverturë vu Restauranten ze verzeechnen huet wéi Fermeturen, an 53% vun den New Yorker soe genee wéi an Irland, datt si elo méi Suen ausgi bei de Molzechte wéi éier dëst Gesetz a Kraaft getrueden ass.

A Länner, wou ech vill gelieft an och deels laang gewunnt hunn, ass e strikt Fëmmverbuet scho längst acquis. An Amerika, Neuseeland, Australien oder Kanada si strikt Fëmmverbueder zënter Joren Usus. A

wann een no enger Zäitchen erëm heemkënnt, kann ech Iech soen, da kann ee sech nëmme wonneren,...

n Une voix.- A wéi enger Provënz datt mir liewen!

n Mme Nancy Arendt (CSV).- Vläicht net gradsou schlëmm.

...wéi et méiglech ass, datt mer...

n La même voix.- Wann et esou schlëmm ass, kënnt Der auswanderen.

n Mme Nancy Arendt (CSV).- Do si mer nach net.

(Interruption)

n Une voix.- Fréier ass gesot ginn, op déi aner Säit.

n Une autre voix.- Mä et gëtt jo elo méi schéin.

n Mme Nancy Arendt (CSV).- Okay.

Et kann ee sech nëmme wonneren, wéi et méiglech ass, datt mir do nach net scho laang nogezunn hunn. Et brauch een nëmmen hei zu Lëtzebuerg an de Kino wëllen ze goen, da kënnt engem schonn - entschëllegt den Ausdrock, Här President - den Zigarettegestank entgéint. An näischt richt propper a gesond a ville Gebaier hei zu Lëtzebuerg.

A villen amerikanesche State gi se souguer esou wäit, datt et souguer e Verbuet vum Fëmmen an der oppener Loft gëtt; op den Terrassen, op den Trottoiren, op de Plagen, an de Parken, op de Golfterrainen - Här Grethen, souguer och - däerf net méi gefëmmt ginn.

(Interruption)

Neen, Här Grethen. Mir géifen Iech och vermëssen.

An amplaz datt aner Länner soen, dat wäre jo déi komesch Amerikaner, zéien aner Länner no; Australien, Neuseeland, Südafrika, Kenia an Uruguay zéien no - vläicht och, well den uruguayesche President Onkolog ass; hie weess also, vu wat e schwätzt. Et war anscheinend eng Saach aus déifstem Häerz, wéi hei d'öffentlecht Fëmmen den 1. Februar verbuede ginn ass.

Mä mir si jo net, Här President, an Uruguay an och net an Australien an och net an Amerika, mir sinn hei zu Lëtzebuerg.

(Interruption)

Net an der Provënz, mä zu Lëtzebuerg. An do war d'Philosophie eng aner. De Regierungswonsch war eng Opzielphilosophie, wou een déi Plaze géif eraushuelen, wou net méi gefëmmt soll ginn an der Zukunft, an dat ass och respektéiert ginn. Mir gi jo meeschtens mat méi klenge Schrëtt hei zu Lëtzebuerg. Mir huele jo net oft esou e grousse Risiko - "Langsam kommt man auch ins Ziel" - a meeschtens fuere mer och nach gutt esou.

De Courage, fir op eng Propositioun ze goen, déi méi strikt gewiescht wär, wéi d'Fondation contre le cancer se proposéiert hat, fir de Verbuet vun de Lieux publics an de Lieux de travail fermés et couverts ze fuerderen, wou praktesch alles dra gewiescht wär a wou just e puer Ausnahmen hätte misse gemaach gi fir Privatwunnengen oder Substitutwunnengen, wéi an den Altersheimer, an de Fleegeheimer, am Prisong an an de private Büroen, war hei zu Lëtzebuerg nach net dran.

Och en interministerielle Rapport, deen am Optrag vun der franséischer Regierung am Numm vu verschiddene Ministèren, wéi d'Ministèrë vu Gesondheet, Educatioun, Emploi, Finanzen, Tourismus, Industrie an Ekonomie, vun der Madame Rousille gemaach gouf, iwwer e strikte Fëmmverbuet vu sämtlechen öffentleche Plazen, ass och zur nämlechter Konklusioun komm, datt en einfachen a strikte Verbuet ouni Fumoiren déi beschte Chancen hätt, ëmgesat ze ginn, an och dee gréisste Succès ze verzeechnen hätt.

Esou Gesetzer funktionéiere schonn einwandfrei a ville Länner op der Welt an ëmmer méi Länner kommen derbäi, souguer och schonn an Europa. Schweden, Spuenien, Finnland, Norwegen an d'Schwäiz an och Schottland an anerer nach beweisen, datt esou eng strikt Haltung eng Vereinfachung bei der Ëmsetzung bréngt.

Den 13. Abrëll 2005 sinn d'Recommandatioune vu Limassol erauskomm, fir eng global Législatioun en faveur d'un environnement sans fumée. Dës baséiere sech op d'Resultater, déi an Irland, Italien an Norwegen gemaach gi sinn, an aus deene sinn och alt erëm déi nämlecht Konklusiounen erauskomm, datt dat déi beschte Léisung wär.

Selbstverständlech ass och an deene Länner, wou esou e strikte Verbuet funktionéiert, vill méi e grousse Prozentsaz vu Leit ze verzeechnen, déi opgehalen hu mat fëmmen.

Mä elo erëm zréck op Lëtzebuerg an zu eiser Philosophie, der Opzielphilosophie, an dat, wat mir doraus gemaach hunn.

An do wéilt ech e grousse Merci un déi Kolleege riichten, déi hei matgehollef hunn, dëst Gesetz ze verbesseren. Allem viraus e grousse Merci menger Frëndin, der Madame Mutsch, net nëmme fir hiren excellente Rapport - dat ass ee jo gewinnt vun hir -, mä virun allem fir hir virbildlech Aarbecht, déi si als Presidentin vun dëser Kommissioun geleescht huet, fir ni de Courage ze verléieren, fir weider drun ze gleewen, datt mir dëst Gesetz méi wäit kréien, wéi dat am Ufankstext proposéiert war.

Mir kënnen also elo mat grousser Satisfaktioun feststellen - an ech gi just nach op déi Punkten an,

well se scho virdrun e puermol

ugeklonge sinn, déi mer wierklech wichteg sinn -, datt elo sämtlech Schoule fëmmfräi sinn, Schoulhäff an d'ganz Enceinte mat abegraff.

Ech hat den Här Tarrach nach d'lescht Woch um Gesondheetslaf gesinn zu Iechternach beim Triathlon, an hien huet sech och terribel gefreet, datt seng Uni och ënner eist Gesetz fält.

D'Spideeler an hir Enceinte sinn eigentlech komplett fëmmfräi; et gëtt just d'Méiglechkeet vun engem Fumoir, dee strikt fir déi Patiente reservéiert ass, déi dann och eng Demande maachen, fir dohinner däerfen ze goen. Selbstverständlech ass och d'Entrée vum Spidol virun der Dier elo eng fëmmfräi Zon. Perséinlech muss ech Iech éierlech gestoen, hunn ech dat ëmmer wierklech e schlecht Bild fonnt, datt, wann een an esou e Gesondheetssecteur eragaangen ass, wou krank Leit leien, dann an der Entrée virdru sech Leit sammele fir ze fëmmen.

Drëttens - an Dir kënnt Iech jo denken, datt dat mir ganz vill Spaass mécht -, sämtlech Sportsgebaier, a permanent, hu mer elo erakritt, net nëmmen also, wéi dat am Ufanksprojet war, während de Sportsmanifestatiounen, si si permanent dran, an am Rapport ass selbstverständlech spezifizéiert, datt och déi Caféen, déi sech dann do an deene Sportsmanifestatioune befannen, fëmmfräi sinn.

D'Restauranten an d'Pâtisserië si fëmmfräi, ausser et léich dann en Agrément vum Santésministère vir, deen dann no engem Règlement grand-ducal beschriwwe gëtt an, wéi ech verstanen hunn, esou strikt beschriwwe gëtt, datt sech do wahrscheinlech deen een oder anere muss iwwerleeën, ob en dat da wierklech wëllt maachen.

An de Caféen, wou ee Plat-du-

jouren zerwéiert kritt a wou een och e Sandwich kann iessen, däerf net während den Iesszäite gefëmmt ginn, also net tëschent 12 an 2 an och net owes tëschent 7 an 9 Auer. Méi war net dran, Här Huss.

n M. Jean Huss (DÉI GRÉNG).- Zu méi war net de Courage do.

n Mme Nancy Arendt (CSV).- Jo, jo. Net vu menger Säit.

Glécklech si mer driwwer, datt net nëmmen Theatersäll oder Kinossäll...

(Interruptions)

Ech hu meng Kolleegen do net all kënnen iwwerzeegen.

Glécklech si mer driwwer, datt net nëmmen Theatersäll oder Kinossäll, mä och d'Halen an d'Couloire mat dran elo sinn, also och déi Restauranten a Caféen, déi op sinn an an déi Couloiren eraleeden.

A last but not least och do, wou

Tickete verkaaft gi fir an de Kino, ass mat erakomm. Do wou also vill Jonker zirkuléieren.

D'Gäng an d'Säll vu Stats- a Gemengegebaier si komplett fëmmfräi.

D'Gemengerezeptiounen also och, esou wéi ech et interpretéieren.

n Une voix.- Et ass och hei d'Chamber!

n Mme Nancy Arendt (CSV).- Ech kommen dozou!

Sämtlech Établissement-publicen, egal wien d'Gérance hei dréit.

De Flughafen an d'Gare, eis Chamber an d'Rockhal zum Beispill och, wuelverstanen awer d'Säll an d'Häll.

Iwwerall do, wou Iesse verkaaft gëtt, an de Gebaier vun de Supermarchéen, also och do hannert der Keess, wou emol deen een oder deen anere säi Pättchen drénkt, fir op deen aneren ze waarden, deen akeeft.

An de Galerie-marchanden, grad do, wou sech vill Famillje bewegen, däerf ee berouegt an Zukunft mat de Kanner sech op eng Terrasse sëtzen, déi an déi Galerie leet, ouni sech mussen ze verteidegen, fir fëmmfräi ze iessen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, Merci dem Statsrot, deen e puermol drop opmierksam gemaach huet, datt, wéi Lëtzebuerg d'Convention-cadre vun der Organisation mondiale de la Santé 2005 ratifizéiert huet, sech Lëtzebuerg engagéiert huet, Mesuren ze adoptéieren an och ze applizéieren, déi d'Protektioun virum Zigaretterauch virgesinn, virun allem op der Aarbechtsplaz, am Transport public, de Lieux publics, an de Statsrot huet souguer resultéiert, datt déi physesch Integritéit vum Netfëmmert verletzt gëtt, an dat awer e fundamentaalt Aarbechtsrecht ass.

Et ass wierklech traureg, datt mer hei Schlussliicht an Europa sinn, fir de Verbuet op der Aarbechtsplaz ze légiféréieren, well Finnland, Zypern, Estland, Italien, Lettland, Irland, Litauen, Holland, Spuenien, Malta, Polen, Schweden, Slowenien, England, Schottland, Norwegen an d'Schwäiz schonn all e strikte Fëmmverbuet op der Aarbechtsplaz hunn! Griichenland an Ungarn hunn e Fëmmverbuet, erlaben awer Fumoiren.

Schued ass virun allem, datt grad eis direkt Noperen och net an dëser Thematik glänzen. D'Belsch gi manner wäit wéi de Verbuet mat hirem Gesetz, nämlech nëmme wann et zu kengem Averständnis tëschent Fumeur an Nëtfumeur kënnt an de Büroen, muss den Employeur den Netfëmmert protegéieren. Den Netfëmmert kritt also Prioritéit.

Frankräich wëll ech net gären zitéieren, well hiert Gesetz gëtt net ëmgesat esou wéi et misst, an den Här Chirac huet och hei elo schonn zousätzlech Moossnamen annoncéiert. An eis däitsch Nopere si mat den Éisträicher als absolut Voiture-balai an dëser Matière ze considéréieren, mä och do rumouert et déck an de Chamberstribünen an an de Fraktiounen.

n Une voix.- Jo!

n Mme Nancy Arendt (CSV).- Traureg sinn ech driwwer, datt eis Iwwerzeegungsaarbecht net duergaangen ass, fir d'Discoen ouni Altersgrenz eranzehuelen. Nëmmen déi, wou Jonker ënner 16 Joer sinn, si fëmmfräi. Ech froe mech, wat fir Discoen dat da sinn?

n Une voix.- Jo! Wat ass dat?

n Mme Nancy Arendt (CSV).- D'Schouldiscoen? Mä déi si jo souwisou fräi, vu que datt et an der Schoul ass. Wann ee weess, datt hei 80% vun deenen, déi an eng Disco ginn, tëschent 16 an 23 sinn, denken ech, wäre vill Eltere frou heiriwwer gewiescht, wann do e Fëmmverbuet gegollt hätt. Virun allem, well mer festgestallt hunn, datt grad an den Discoe vill Jonker ufänke mat fëmmen.

n Une voix.- Jo.

n Mme Nancy Arendt (CSV).- D'lescht Woch hunn ech awer e bekannte Patron vun enger Disco um Radio héieren, dee gesot huet, hie géif dat gutt fannen, wann an der Disco net méi géif gefëmmt ginn, an ech zielen dann drop, datt hien dat a senger Disco aféiert, an hoffen, datt aner Patronen et nomaachen. Iwwregens sinn ech och iwwerzeegt, datt dat e volle Succès géif ginn, a souwuel och Jonker wéi méi Eelerer vun dëser Offerte gäre wäerte profitéieren.

Indirekt si jo souwisou elo och schonn d'Caféen, d'Discoen an all aner Aarbechtsplazen dran, dank eise Ministere Biltgen a Wiseler.

Merci fir den Aspekt vun der Aarbecht an dëst Gesetz mat afléissen ze loossen, dat op sämtleche Plazen, wou Leit schaffen, de Schutz virum passive Fëmmen elo matbréngt. De Patron soll elo Moossnamen ergräifen, fir seng Leit virum Passivfëmmen ze schützen, mat enger Obligation de résultat. An ech trauen eise Ministeren och zou, datt si dat am Accord mat de Gewerkschaften ëmgesat kréien.

Merci awer selbstverständlech och eisem Minister Mars Di Bartolomeo fir säi Courage a säi Wuerthalen an dëser Matière! An ech wollt him och ganz besonnesch Merci soen, datt en den Artikel 8 an d'Gesetz mat erageholl huet, wou ech en an enger Question parlementaire drop opmierksam gemaach hat, nämlech de Verbuet vun de Schokelaszigaretten an de Knätschzigaretten. Hei wär wierklech d'Zigarett banaliséiert ginn, an d'Kanner gewinnt ginn, vu ganz klengem Alter un de Geste vum Fëmmen nozeahmen, fir zukünfteg Clienten aus hinnen ze maachen.

Merci nach eng Kéier all deenen, déi hei op iergendeng Aart a Weis gehollef hunn, dëst Gesetz ze verbesseren. Et ass e faire Kompromëss, an ech sinn iwwerzeegt, datt et vill Leit eng Erliichterung ass, wa se an Zukunft an d'Restaurantë kënne goen, an op vill aner Plaze kënne goen, ouni datt se nach no Zigarettendamp richen, wa se heemkommen.

Här President, zum Schluss erlaben ech mer, mech un Iech perséinlech ze adresséieren,...

n Une voix.- Aaahhh!

n Mme Nancy Arendt (CSV).- ...well eis Chamber fält jo och ënner eist Gesetz. An ech ziele ganz staark op Iech, als Chef vun dëser Institutioun, datt Dir dann och hei mat Argusaugen wäert iwwerwaachen, datt hei net méi an de Gäng an an de Säll gefëmmt wäert ginn,...

n Plusieurs voix.- Très bien!

(Interruptions)

n Mme Nancy Arendt (CSV).- ...a virun allem op déi Leit oppas-

 

sen, déi elo schonns suspekt sinn,...

n Plusieurs voix.- Ooohhh!

n Mme Nancy Arendt (CSV).- ...an déi, wa mer erëmkommen am Hierscht an dëst Gesetz a Kraaft ass, wäerten eng gewësse Schwieregkeet vläicht kréien, fir sech drun ze halen.

Mä ech adresséiere mech awer och un Iech, Här President, als bekennende Fëmmexpert, wéinst Äre perséinlechen Aussoen, déi een ëmmer méi oft a leschter Zäit héieren huet an déi ëmmer méi däitlech erkenne loossen, datt Dir probéiert, och Ärem Fëmmen en Enn ze maachen!

n Une voix.- Très bien!

n M. Henri Grethen (DP).- De Wee an d'Häll ass voll gudder Virsätz!

(Hilarité)

n Mme Nancy Arendt (CSV).- Net méi spéit wéi virgëschter huet eise President mir dat nämlech mat engem déterminanten Toun erëm frësch bestätegt, datt hie gäre géif ophale mat fëmmen!

(Interruptions)

n Une voix.- Dir bezuelt him d'Nikotinpatchen!

n Mme Nancy Arendt (CSV).- Also, Här President, meng Ënnerstëtzung hutt Der honnert Prozent! A wann Dir dat sollt wierklech packen, da war dëst Gesetz schonn eleng dowéinst e grousse Succès!

(Interruptions et hilarité)

Ech soen Iech Merci.

n Plusieurs voix.- Très bien!


 
Ech freeën mech iwert Är Kommentaren,Suggestiounen, Kritik an och Ufroën   

Nancy Arendt
/ post@nancyarendt.lu / Designed by Luxis