19 e séance du 25 janvier 2011
1925BarenagL
Débat
Mme Nancy Arendt (CSV).- Merci, Här President. Dir Dammen, Dir Hären, sexuelle Kannermëssbrauch ass keng nei Zort vu sexueller Ausbeutung, mä gëtt et scho jorhonnertelaang. Allerdéngs ass et eréischt säit den 80er Joren, wou dëst Thema ëmmer méi an de Vierdergrond geréckelt ass. Et ass de Verdéngscht vun der Fraebewegung, datt et ëmmer méi zur Sprooch koum, well zu där Zäit betraffe Frae fir d'éischte Kéier an d'Öffentlechkeet gaange sinn a sech getraut hunn, ze berichten iwwer hir schrecklech Kannererliefnesser.
D'Vertraue vu Kanner mëssbrauchen, dat pregnéiert (veuillez lire: prägt) se hiert ganzt Liewe laang. D'Vertraue vu Kanner ze mëssbrauchen a sech un hinnen ze vergoen, dat brennt sech nach vill méi déif an hir Zukunft an. Et léiert ee vläicht, domat ze liewen,…
Une voix.- Neen!
Mme Nancy Arendt (CSV).- …gradesou wéi ee léiert, domat ze liewen, wann een e Mënsch verluer huet, mat deem ee schrecklech frou war, mä vergiessen deet een et ni! Et ass eent - fir eis - vun deenen allerschlëmmste Vergoen, déi ee ka begoen, well et klaut een de Kanner hir Onschold! Dovunner si mir an der CSV-Fraktioun iwwerzeegt.
Déi Aart a Weis, wéi een e Kand manipulativ iwwerlëscht, well et no elterlecher Wäermt verlaangert oder well et säi Widderstand géint d'Sexualitéit mat sengem Täter, oft eng Respektspersoun, ausser Kraaft setzt, ass ee vun deenen aggressiivsten Akten, fir d'Vertraue vun engem klenge Mënsch fir d'Éiwegkeet ze briechen.
D'Kanner verstinn net richteg, wat mat hinne geschitt, wann op eemol e gudde Bekannten, de Schoulmeeschter, den Noper vu vis-à-vis, den Trainer, den Dirigent, de Paschtouer, de Monni oder den eegene Papp, e Virbild, een, deen ëmmer esou fei mat hinnen ass, se op eemol méi oder anescht upaakt, wéi et hinnen angenehm ass. Si kënnen net méi gutt eendeiteg d'Grenz zéien, wou dat Erlaabtent ophält an dat Verbuedent ufänkt: well se dee Moment selwer net domadder eens ginn, well se gefale wëllen, well se net enttäusche wëllen, well se genéiert sinn, well se sech schummen, wat mat hinne geschitt. Eréischt Joren drop realiséiere se, wat wierklech mat hinne geschitt ass, a mierken, datt si selwer keng Schold droen, mä datt si eigentlech d'Affer sinn. Grad dofir dauert et esou schrecklech laang, bis datt se zouginn a sech trauen ze soen, wat lass war.
De sexuelle Mëssbrauch vu Kanner ass fir vill Leit nach en Tabuthema, seet déi däitsch Autorin Tania Jung an hirer Diplomaarbecht iwwer Kannermëssbrauch an der Famill. Si bestätegt des Weideren, datt et net de Mëssbrauch u sech ass, deen dësem Tabu ënnerläit, mä virun allem de Wëllen, fir driwwer ze schwätzen. Experten hunn ongeféier geschat, datt 80% vun alle Mëssbrauchsfäll an de Familljen oder am enken Ëmfeld passéieren, wat et och net méi einfach mécht, dëst no baussen ze droen!
Kannermëssbrauch ass näischt, wat just an enger sozialer Schicht geschitt, an engem Kannerheem, an engem Museksveräin oder an enger Crèche oder an enger Schoul oder an engem Sportsveräin oder an enger Famill stattfënnt. Kannermëssbrauch ka sech iwwerall an eiser Gesellschaft ofspillen. An oft do, grad do, wou een et am mannste mengt, grad do, do kann et passéieren.
Géint Kannermëssbrauch virzegoen ass an alleréischter Linn eng Aufgab vun der Politik. Op meng parlamentaresch Fro vum November iwwert de sexuelle Mëssbrauch bei de Kanner huet de Minister matgedeelt, datt et hei zu Lëtzebuerg tëschent 2000 an 2010 1.400 Strofdote mat engem sexuelle Lien gёtt. 350 dovunner hunn eppes mat Kanner ze dinn: wuel verstanen 350 Kanner, déi nach keng 16 Joer hunn!
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, dat sinn der vill! Virun allem sinn et der ze vill, well mer jo all wëssen, wéi grouss d'Donkelziffer och hei an dësem Beräich ass, gradesou wéi beim Thema virdrun. An der nämlechter Question parlementaire hunn ech de Minister gefrot, fir iwwer eng eventuell Verlängerung vun der Verjährungsfrist nozedenken, fir den Affer méi laang d'Méiglechkeet ze ginn, eng Plainte géint den Täter ze maachen, esou, wéi déi gréng Fraktioun dat och verlaangt. Momentan leeft déi Frist jo bei maximal 28 Joer hei zu Lëtzebuerg of.
A senger Äntwert huet de Minister geschriwwen, datt hien dat aus diverse Grënn als problematesch gesäit. Nichtsdestotrotz wollt ech trotzdeem drop opmierksam maachen, datt zum Beispill de Code pénal a Frankräich fir esou sexuell Mëssbräich 20 Joer no der Groussjähregkeet virgesäit, also 38 Joer, also zéng Joer méi laang wéi bei eis.
Här President, well grad eben esou Doten esou schwéier ze beweise si fir déi betraffe Kanner, musse mer verstäerkt iwwert d'Sensibilisatiounscampagnen nodenken, fir den Affer Mutt ze maachen, fir sech ze trauen, no vir ze kommen. Eis Partei, d'CSV, ass dovunner iwwerzeegt, datt et wichteg gëtt, dës Affer als Zeien ze kréien. Et ass oft nëmmen esou méiglech, den Täter ze kréien, wa méi wéi eng Victime sech traut, et ze mellen. Sou klammen d'Chancë vläicht, den Täter éischter ze entlarven.
Dofir sollen dës Sensibilisatiounscampagnen och geziilt d'Matwësser vu sexuellem Mëssbrauch derzou bewegen, dësen un déi kompetent Autoritéiten ze dénoncéieren. Si sinn oft déi Eenzeg, déi iwwert de Mëssbrauch Bescheed wëssen a Schlëmmeres verhënnere kënnen.
An dësem Kontext begréisse mir, d'CSV, datt am Kader vun dem Projet de loi 6138 eng Obligatioun fir Crimen ze dénoncéieren agefouert gëtt. Mir sinn dovunner iwwerzeegt, datt dëst sécherlech hëllefe kann, schwéier Sexualverbriecher éischter ze verfollegen oder ze verhënneren, well et de Matwësser eng Flicht gëtt, de Mëssbrauch ze dénoncéieren.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, mir mussen also kloer Weeër vun Interventioun a Preventioun opzeechnen, déi derzou bäidroen, esou Verbriechen ze verhënneren a fréizäiteg ze bëendegen, fir gravéierend Konsequenzen ze minimiséieren. Mir mussen eis domadder beschäftegen an och d'Auswierkunge vun de Konsequenze vum Mëssbrauch diskutéieren. Et sollt een opzeechnen, wat esou en Trauma fir d’Affer bedeit, a Betraffenen eng adequat Hëllefstellung fir d’Veraarbechtung vum Trauma zoukomme loossen.
An et misst een och wëssen, mat Statistiken, wéi vill vun den Täter Wiederholungstäter sinn, well dat héiert ee jo och ëmmer erëm. De Justizminister Luc Frieden hat schonn 2006 a senger Äntwert op meng Question parlementaire iwwert d’Wiederholungstäter an d’Sexualverbriechen ugedeit, d’Sanktiounen ze verschäerfen, an d’Méiglechkeet vun enger obligatorescher therapeutescher Behandlung...
M. le Président.- Madame Arendt, Dir misst awer elo lues awer sécher zum Schluss kommen.
Mme Nancy Arendt (CSV).- Jo, ech sinn och um Schluss elo. Verschäerfte Sanktioune gesäit iwwregens och déi nei Proposition de directive vum Conseil vir, wou d’Europäescht Parlament an nächster Zukunft soll eng éischt Lecture maachen. De Gesetzesprojet 6047 iwwert d’Preventioun vun der Récidive geet och an dësem Sënn an dës Richtung. Allerdéngs bleiwen ech der Meenung, datt hei wierklech muss opgepasst ginn, wat fir eng Therapien dëst sinn, ier een esou krank Mënschen erëm an d’Fräiheet léisst.
Här President, dir Dammen an Dir Hären, mir si wierklech dankbar fir dës Heure d’actualité, an ech soen och dem Viviane Loschetter villmools Merci. Well, wa mir hei an der Chamber iwwer esou Themae schwätzen, da schwätze mir mat eise Leit driwwer, da schreift d’Press driwwer. Mir maachen op e Problem opmierksam. Mir droen zur Enttabuiséierung bäi a mir bewegen d’Leit, d’Mënschen, iwwer hir Erfahrungen ze zielen.
An nëmmen esou si mer um richtege Wee, fir eppes ze bewegen. De Schutz vun de Kanner muss eng Prioritéit sinn, a mir mussen einfach wachsam sinn. Et ass net, wann een eppes ënnert den Teppech kiert, wéi een an esou Dossiere virukënnt. Grad an esou Dossieren, wou et ëm dat Wichtegst geet, wat mer hunn: eis Kanner!
Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.
Plusieurs voix.- Très bien!
M. le Président.- Ech soen der Madame Nancy Arendt Merci. Als nächste Riedner ass den Här Eugène Berger agedroen. Här Berger, Dir hutt d’Wuert.
|